Guilde: Programm Mee - Juni

Donneschdeg, den 21. Abrëll 2016:   Keelenowend

Uspill um 20.00h am Café Müller zu Lampech

Sonndeg, den 1. Mee 2016:   Scoutsmass

Zu Neiheisgen an der Kapell ass Scoutsmass mat Nidderleeë vu Blummen bei der Gedenkplack fir d’Krichsaffer [Org. Comité Neiheisgen]

Donneschdeg, den 5. Mee 2016:   Sortie (Christi Himmelfahrt)

Mir ginn op d’Scoutskirmes zu Bilschdrëf (ganzen Dag, mam Privatauto)

Rendezvous A: um 10:00h zu Péiteng op der Maartplaz

Rendezvous B: um 10:55h Zu Bilschdrëf um Scoutsterrain, 10, rue Abbé Neuens

A: 11:00h: Scoutsmass um Terrain, duerno Apéritif

B: Mëttegiessen am Chalet.

Menü: Kiermeszopp, Kallefsbrëschtchen, Speckgromperen, Brockelcher, Zalot an Dessert

Präis: 22.- EUR

Umeldung beim Martine Schlottert bis den 30.04.16

Tel.: 50 32 71, GSM 621 414 040, Mail: jschlott@pt.lu

C:Promenade digestive“ vun ca. 2 Szonnen, Guide Georges Scherer

Intressenten, déi keng Méiglechkeet hu fir op Bilschdrëf ze kommen, kënnen dat bei der Umeldung mat uginn. De Comité organiséiert den Transport.

(Et kann een och nëmmen deelweis matmaachen. Bei der Umeldung mat uginn, w.e.gl.)

Samschdeg, den 7. Mee 2016:   Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstross.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

14./15. Mee 2016: 7.   Bealtaine-Festival zu Neiheisgen [Org. LGS]

Keltescht Fest an a ronderëm d’Keltenhaus mat enger Onmass vun Aktivitéiten.

Oppassen: Et kënnt ee nëmme mat Busnavetten dohin.

Detailer an der Press an am Internet http//bealtaine.lgs.lu

Samschdeg, den 28. Mee 2016   Sortie op Waasserbëlleg – Mertert – Gréivenmaacher

Rendezvous A: Gare Péiteng, Zuch an d’Stad, dep. 8:31h

Rendezvous B: Gare Lëtzebuerg, Zuch op Waasserbëlleg, dep. 9:10h

Rendezvous C: Gare Waasserbëlleg um 9:50h. Zu Fouss bei den Aquarium (500 m)

Visite vum Aquarium (3.- EUR). Duerno zu Fouss laanscht d’Musel op Mertert an den Park (3 km)

Mëttegiessen am Restaurant vum Camping Mertert.

Menü: Orloff, Fritten, Geméis an Zalot, Taart a Kaffi fir 25,00 EUR

Méiglechkeet fir nom Iessen heem ze fueren: Zuch all Stonn um h:10

Mam Bus 483 op Gréivenmaacher bei den Päiperléksgaard, dep. 14:20h – arr. 14:23h

Alternativ: Fir Amateuren e Foussstour vun ca. 5 km op Gréivenmaacher.

Visite vum Päiperleksgaard (7.- EUR)

Mam Bus 483 zerèck op Waasserbëlleg, dep. All Stonn um h:52

Mam Zuch zeréck an d’Stad an op Péiteng.

Umeldung (fir d’Iessen) bei Peiffesch bis Mëttwochs 25.05.16 um 12.00h

Tel. 50 21 03 oder Mail guilde-petange@pt.lu

Samschdeg, den 4. Juni 2016:   Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstross.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Sonndeg, den 5. Juni 2016.   Wëllefchersrallye zu Hesper [Org. LGS]

De Péitenger Grupp ass mat un der Organisatioun bedeelegt. Et gi nach Leit gesicht fir déi eenzel Spiller z’iwwerwaachen.

Appel cordial aux amateurs

Informatiounen an Detailer beim Claire Dording GSM 621 683 999

Méindeg, den 13. Juni 2016 :   Comité

um 20:00h am Home

Mëttwoch, den 15. Juni 2016:   Keelenowend mat Agape

Rendezvous um 19:00h am Café Müller zu Lampech.

Menü: Assiette, Fritten an Zalot fir 22.- EUR

Umelle bis Méindes, den 13.06.16, 12:00h um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top