AvEx Camp-Ziedel

Léif AvEx, Léif Elteren,

Lues a lues kënnt di grouss Vakanz mi no an domat och eisen Camp deen wéi der wësst dëst Joer um Kuelbecher Haff bei Miersch ass.

Den Präis vum ganzen Camp ass 150 € . Dei gitt der zesummen mat der Fiche médicale of.
Fiche médicale -> http://lgspeiteng.lu/lb_LU/doc

 

Hei dann elo nach weider Detailer:

Depart: Samstes, 16. Juli 2016 sidd dir gebieden äert Kand fir 11:00 Auer op d’Mierscher Gare ze bréngen, wou Chef iech mam Auto dann um rechtlechen Wee begleeden, well et bëssen méi komplizéiert ze fannen ass. (Denkt un är Uniform + Foulard an de Pic-Nic fir de Samstes Mettes!)

Retour: Sonndes, 24.Juli 2016 sidd dir gebieden äert Kand fir 13:30 Auer op de Kuelbecher Haff nees sichen ze kommen.

Kontakt: Falls een Noutfall sollt sinn kënnt dir eis all Zäit iwwer Telefon kontaktéieren. (Fredi: 621472510, Gilles: 621688422))

Nach Froen?   Frot an der Versammlung no oder mellt iech iwwer Telefon.

 

Materiallëscht:

WICHTEG: Markéiert är Saachen virun allem d’Gamelle an d’Besteck, vill Leit hunn dat selwecht!

– Ënnerwäsch fir all Dag ze wiesselen
– Strëmp fir all Dag ze wiesselen
– Wanderschung (Am beschten undoen fir dohin)
– Uniform an Foulard (Hu mir un wann mir ukommen)
– Normal Schung oder Turnschlappen
– Gezei fir all Wierder
– Sonnekap oder –hutt
– Sonnecrème
– Spray géint Moustiquen- Wäschsaachen
– 3 Kichendicher
-Carrymatt/Loftmatratz
-Schlofsak
– K-Way
– Schwammsaachen (dir braucht KENG Schwammkap MAIS eng enk Schwammbox fir d’Jongen!)
– Bidon
– Becher a Gamelle mat Besteck
– Täscheluucht
– Täschemesser
– AvEx Pass
– Täschegeld
– 1 klenge Rucksak dee sech gutt dréit fir den Hike
– Pic-Nic
– Medikamenter falls der gebraucht ginn
– Perséinleches
– Bic a Bloc

– Fiche médicale

Wäertsaachen an Séissegkeeten sollen doheem bleiwen!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top