Infoziedel bis den 4 Februar

Fir Iech alleguer :   

2 Evenementer fir op den Kalenner:

Buergbrennen:

Eist traditionnelt Buergbrennen fennt den Samsden 4. März um Prenzebierg statt. Den Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaang. Detailer kommen am nächsten Breif no.

Theater

De 17. an de 18. März spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert. Rido as um 19:30h, fir unzefänke spillt all Branche e kuerzt Steck, d’Cheféquipe spillt MӒNNERTABU, e leschtegen drei-Akter vum Nicole Nothum.

Den Preis ass 10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech naischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis.  Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kennt Är Plaatzen vun elo un, um 691 911 806 (Vanessa Sauerwein) reservéiren. Rufft w.e.g. ereicht no 18:00 Auer un!

Fir d’Biber :

Let’s start the game !… Komm mir spillen!  Dest as Thema fier die 2 nächst Versammlungen den Samsden 28 Januar an den Samsden 4 Februar allkeiers vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prenzebierg. Dofir soll jidereen seng Lieblings-Gesellschaftsspiller matbrengen. Denkt drun äer Elteren ze froen op der kennt beim Theater matspillen an soot eis Bescheed. Kukt dofier bei „ Fier Iech alleguer“.

Fier d’Wellef :

Dat néit Joer huet ugefaangen an et ass endlech erëm esou weit, mir spillen Scoutstheater. Et wär gutt wann dir alleguerten kéint dobäi matspillen. Sot eis dofir an der nächster Versammlung Bescheed ob dir kennt dobäi sinn. Mir hun den Samsden 28. Januar an den Samsden 4. Februar wei gewinnt vun 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzenbierg. Mir wäerten zwar e bessen mussen un den Kulissen fir den Theater schaffen, mee natierlech wäerten mir awer och nach genuch aner interessant Saachen machen. Oh, an zu gudder Lescht, sollt dir iech fir die nächst Versammlung den 28 Januar een gudden Witz iwwerleeën.

Fier d’Avex :

Saluti Avex, mir wärten den Samsden 28 Januar an den Samsden 4 Februar allkeiers vun 14:00 Auer bis 16:00 Auer den Prenzebierg onsecher machen. Denkt drun ze kuken op der kennt beim Theater matmachen. Kukt dofier bei „ Fier Iech alleguer“.

Fier d’Carapio :

Den Samsden 28. Januar an den Samsden den 4. Februar hun mier normal Versammlung vun 14-16h.  An den Versammlungen konzentreieren mier eis op den Theater, brengt duerfir alles mat waat der braucht: Texter, Materialeschten, Requisiten… usw.

Fier d’RaRo : 

Den Samsden 28.Januar  prepareieren mier eis Bausprojeten fier am Fréijoer. Brengt Ideen, Pläng an äer Materialslescht mat (Glänner, Käfeg, Bänk).  Brengt och Ideen fier Spiller mat, dei mier kennen derzweschen maachen fier d‘Stemmung opzelockeren. Den Samsden 4.Februar bauen mier en eischten Modell vun enger Kartoffelkanoun.

Fier d’Chef:

Den nächsten Gruppenroot as desen Mettwoch den 25 Januar um 20:00 um Prenzenbierg.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top