Infoziedel bis d'Ouschtervakanz

Fir Iech alleguer :

En groussen Merci un alleguerten déi um Théater matgeschafft hunn. Et war en Erfolleg.  Alleguerten eis kleng an grouss Acteuren hun hir Saach super gema!

Fir d’Biber :

Den nächste  Samsdeg den 25. März hu mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 Auer um Prënzebierg. Den Samsden 1. Abrell hun mer eisen Weekend zu Wormeldange. All Detailer kritt der nach per SMS gescheckt. Mellt Iech elo schon beim Anna um 621 75 43 60 un.

Fier d’Wellef :

Dir léif Wëllefcher den 25. März as eng ganz klassech Versammlung vun 14h00 bis 16h00 um Prënzenbierg. Dofir hun mir awer dei Woch dono eppes mei Grousses fir: Den 01. Abrëll hun mir eisen Weekend zu Schuttrange. Detailer zum WE: Den WE kascht 30 € op de Kapp. En as am Chalet CASTORS zu Schuttrange hannert der Kiirch (Place de l’église L- 5367). Et geet Samsdes moies um 10h30 un an dauert bis Sonndes  den 02. Abrëll 16h00. Unmellen kennt dir iech beim Alex um 691 177 773 . Am Beschten wär et an Fahrgemeinschaften dohinner ze fueren, soot also Bescheed falls daat net geet.

Mathuelen: Täscheluucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyjama, frësch Ennerwäsch, Gezei fir all Wieder (mir werten och dobaussen sin, also och eppes géint de Reen J ), Schlofsack, déck Schung, Schlappen, déi ausgefëllten Fiche Médicale (dir fannt d’Fiche Médicale op: www.lgspeiteng.lu/doc ) a perséinlech Médikamenter. Verpackt alles an engem Rucksack. Dir braucht neischt fir z’iesse matzebrengen. An der Ouschtervakanz sin keng Versammlungen.

Fier d’Avex :

Samschdes den 25.03 an den 1.04 hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prenzebierg. No deem villem Gebastels an Theaterprouwen an der Läscht, machen mer erem e bessen mei gemittlech Versammlungen. An der Ouschtervakanz machen mir en Hike-WE, zesummen mat den AvEx vu Käerjeng. De WE ass vum 13.04-15.04. Dir kennt ierch, bis den 30.03, beim Fredi ummellen, per SMS um 621 472 510. Detailer kommen speitstens den 05.04 op lgspeiteng.lu (och op franséisch).

Fier d’Carapio :

Dir kënnt iech all op d’Schëller klappen fir äre gelongenen Optrëtt am Theater! Sou hudd der d’Laat nees ganz héich gesat fir d’nächst Joër. Elo ass et Zäit fir déi nächst Entreprise déi dir gewielt hutt: Geländespiller. Mir treffen eis dofir Samgdes de 25. März vun 14-16:00 um Prënzebierg. Den 1. Abrëll ass keng Versammlung well är Chef schaffen. Während der Ouschtervakanz ass och keng Versammlung, awer den 8. Abrëll ass Pabeiersammlung wou mer op iech zielen!

Iron Scout

De leschte Weekend vun der Ouschtervakanz trëppele mir bannent 24 Stonne fir de gudden Zweck bis zu 65km duerch de Norde vum Land. Rendez-vous fir déi déi ugemellt sinn, an Uniform, ass Freides den 21. Abrëll um 17:30 zu Péiteng op der Gare. Mir huelen den Zuch zesummen op Clierf, do si mer am “Pavillon” nierft dem Chalet vun de Clierfer Guiden a Scouten. Schluss ass Sonndes um 13:13 zu Péiteng op der Gare. Mathuelen (ënnert anerem): Zuchticketen, Kleeder déi bei d’Wieder passen, Carrymatt, Schlofsak, Medikamenter, Wäschsaachen, Gamelle (mat Besteck a Becher), Picnic fir Freides Owes, 1 Kichenduch, groussen a klenge Rucksak, Täscheluucht, Warnwest, Bidon, gutt Wanderschung, eng ausgefëllte Fiche médicale F09 (lgspeiteng.lu/doc), an e prall gefëlltent Sponsoreblat (http://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/IS2017-Sponsors-Verband.pdf). En Trailer vun engem viereschten Iron Scout fannt der hei: http://lgspeiteng.lu/3636 .

Fier d’RaRo : 

Merci fier äert Engagement um Théater. Den 25.03 an den 1.04  hun mier wéi gewinnt Versammlung vun 16-18h um Bierg. Soulues kennt d’Fréijoer, an Gruppenaktiviteiten sin gréisstendeels eriwwer, also kenne mier eis op eis Projeten konzentréieren. Brengt all Idéen, Pläng a Materialsleschten mat.

Fier d’Albatrossen:

D’Albatrossen hun den Freiden 7 Abrell Versammlung um 19h um Bierg.

Fier d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Den Samsden 8 Abrell  as Papeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Lengerstroos. Elo schons Merci fier Deng Hellef.

Fier d’Chef: Den Mëttwoch 22.03 as Grupperoot um 20h um Bierg.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top