Infoziedel GoUrban 2017

Fir Iech alleguer :

Dier wollt schon emmer wëssen wéi et op engem groussen internationalen Camping esou zougeet?

Dier wellt  déi cool Konstruktiounen an daat interessant Mateneen vun verschiddenen Kulturen an enger Scouts-Stadt live gesin?

Déi kleng Geschwëster sin jalous an wëllen sech och mol eng Kéier ewéi en/eng groussen/grouss  Scout/Guide fillen?

Dier sidd besuergten Elteren an wëllt gesin wou äer Kanner während dem Camping hausen (an wéivill Wäsch der duerno musst man)?

Ma dann kommt op den Open Day vum GoUrban Sonndes, den 23. Juli 2017 vun 12.00 bis 18.00 Auer um Kierchbierg (beim Boulevard Pierre Frieden).

Do gin et den ganzen Daach Ablécker an Scoutsliewen um Camp, Spiller an Ateliers fier Grouss an Kleng, Optrëtter vun Guiden an Scouten aus der ganzer Welt, Iessen an Drenken, an villes méi…

Fier dohin ze kommen benotzt w.e.g. déi gratis Navetten vun P+R Bouillon, P+R Lux-Sud an Letzebuerg Gare well den Boulevard Pierre Frieden as gespart. Dëss Navetten fueren vun 11:30 Auer bis 18:30 Auer. Mier fréen eis schon op äeren Besuch.

Fir d’Biber :  Aer Elteren hun normalerweis schon all Informatiounen vum Anna gescheckt krut.

Fier d’Wellef :

Héi déi läscht Détailer virum Camping: Départ: Sonndes den 23 Juli 2017 sollen d’Elteren hier Kanner op den GoUrban selwer brengen, benotzt w.e.g. déi gratis Navetten! Denkt och un äer Uniform an Foulard (wann der eng hut) RDV um 12 Auer bei der grousser Entreespaard. Do kennen eis d‘Kanner hieren Rucksack , Täschegeld an Fiche médicale ofgin an zesummen mat hieren Elteren bis 16 Auer vum Open Day profitéieren. Um 16 Auer as dann RDV bei den Tipien an den Camp geet lass!! Retour: D’Kanner gin den Freiden 28 Juli mam Bus heemgefouert wou si dann am Nometten zu Péiteng ukommen. Wéini genau Kanner erem zu Péiteng sin soen mer Iech per SMS Bescheed soubal mer déi Infos kréien. Kontakt : Dan ganzen Camp iwer kennt der d‘Claire (621683999) ereechen.

Mathuelen:  Ganz wichteg: schreiwt äeren Numm mat waasserfestem Stëft op all äer Sachen!!!!!

Uniform an Foulard, Pulloveren an T-shirts, Decke pullover/Fleecejacket, laang an kuerz Boxen, Ennerwäsch a Strëmp fier all Daach, deck Stremp fier an Biergschong, Pyjama, Maillot/kuerz an enk Schwammbox, Schwammkaap an Buedduch, Reenjacket/K-way, Biergschong, Turnschlappen an Sandalen, Kap oder Sonnenhutt, Sonnecrème , Sonnebrell (fakultativ), Spray géint Moustiquen, Handduch, Wäschtrousse mat Läppchen, Seef, Zännbiischt, Zännseef, Shampoing; Duschgel, Kämmbiischt,Nueschappecher, 3 Kichendicher, Bidon (1L), 1 klengen Rucksack, Carrymatte (keng Loftmatratz oder Feldbett!!, daat as ze grouss fier an den Tipi), warmen Schlofsack, evt. Kappkëssen, Täschemesser an Täscheluucht, Bloc a Bic, Auer, evt. Buch oder Gesellschaftsspill, Portmonni mat max 15 € Täschegeld, Fiche médicale (https://gourban.lgs.lu/info/downloads/fiche-medicale/, Kopie vun der Impfkaart an der carte de sécurité sociale an perséinlech Medikamenter

Handy, Fotoapparat an aaner Wäertsachen sollen doheem bleiwen!! Verpaackt alles an engem groussen Rucksack. Am dringenden Fall kennen mier iech och e Schlofsack oder eng Carrymatt léinen, dier misst eis just Bescheed soen. 

Fier d’Avex :

Salut AvEx an Elteren, hei sinn dei läscht Informatiounen fir de Camp. Mir gin zesummen mat den Avex vum Käerjenger Grupp an dem Grupp vun Esch-Grenz op dësen Camp.

Et as ganz wichteg, d‘Fiche médicale auszefëllen an eis déi esou séier wéi méiglech mat-zebrengen, well hannert esou engem groussen Camp stecht vill Organisatioun. Dier fannt déi offiziell fiche op https://gourban.lgs.lu/info/downloads/fiche-medicale/, brengt och eng Kopie vun der Impfkaart an der carte de sécurité sociale mat.  Während dem Camping kënnen d‘Avex sech och mat Täschegeld verschidden Saachen um Camp kaafen (z.B. Souvenirs, Glace, etc.). Dat fonktionéiert a Form vun engem Bracelet deen am Viraus mat Suen opgelueden gëtt. Déi genau Detailer dozou kommen iwwert eng SMS vun engem vun de Chef no, soubal mir déi vun der Organisatiounséquip kréien.

Hei dann elo nach weider Detailer: Départ: Dënschdes, den 18. Juli 2017 um 9:25 Auer op der Péitenger Gare. Denkt drun är Uniform an äeren Foulard unzedoen. Retour: Freides, den 28.Juli 2017 geint 16:30 Auer op der Péitenger Gare.

Kontakt: Falls een Noutfall sollt sinn kënnt dir de Fredi iwer Handy kontaktéieren (621472510). W.E.G. just während den normalen Iesszaiten uruffen an och just wann et néideg ass. Nach Froen? Frot an der Versammlung den 8. Juli no oder mellt iech iwwer Telefon.

Mathuelen:  WICHTEG: Markéiert är Saachen (virun allem d‘Gamelle an d’Besteck! vill Leit hunn dat selwecht!)

PIC-NIC fir den éischten Mëtten!!!!!!!, Ennerwäsch fir all Dag ze wiesselen, Strëmp fir all Dag ze wiesselen, Wanderschung (am beschten undoen fir dohin), Uniform a Foulard (Hu mir un wann mir ukommen), Normal Schung oder Turnschlappen, Gezei fir all Wieder, Sonnekap oder –hutt,  Sonnecrème, Wäschsaachen (Zännbicht, Seef, klengt Duch, etc.), 3 Kichendicher, Spray géint Moustiquen, Carrymatt a warmen Schlofsak, K-Way/Reejacket, Schwammsaachen (fir d’Jongen: hudd och eng enk Schwammbox derbai), Bidon (min. 1L), Becher a Gamelle mat Besteck, Täscheluucht a Tàschemesser,  Bic a Bloc, AvEx Pass, 1 klenge Rucksak, e Saack fir d’knaschteg Wäsch dran ze maan, eventuell Ourestepp (fir wann een net gudd bei Geschnarchs schlofen kann), perséinlech Medikamenter (dem Fredi awer och am Virfeld Bescheed soen), Fiche médicale

Wäertsaachen (Handy, Ipod, etc) an Séissegkeeten sollen doheem bleiwen!

Fier d’Carapio :

Schéckt dem Christophe (christophe punkt bintener ät gmail punkt com) bis den 11. Juli eng E-Mail mat: ärer Fiche Médicale Version GoUrban (https://gourban.lgs.lu/info/downloads/fiche-medicale ) (falls der se net schonn ofginn hudd) zesumme mat den Dokumenter déi do opgelëscht sinn (Kopie vun der Impfkaart, carte de sécurité sociale), an är Rezepter mat Quantitéite fir 1 Persoun an 20 Persounen.

Départ an Retour sin jeweils Dënschdes den 18. Juli (an Uniform a Foulard) an Freides den 28 Juli zu Péiteng op der Gare. Déi genau Auerzaiten sin nach net ganz kloer, dier kritt déi Info nach vun engem Chef per SMS.

Mathuelen a mam Numm markéieren:

50€ Täschegeld, Carte d’identité, perséinlech Medikamenter, Schülerkaart fir den ëffentlechen Transport, evt. Picnic fir Dënschdes Mëttes (as nach net kloer kritt der och per SMS gesoot), Ënnerwäsch a Kleeder fir all Wieder, Täschemesser, Täscheluucht, Bic, Bloc, Bidon, Gamelle, Becher, Besteck, Schlofsak, Carrymatt, Fest Wanderschung an ee Puer liicht Schung, Wäschtrousse, Schwammsaachen, Bued- Hand- a Kichenduch, Grouss Dreckstut, grousse Rucksak, klenge Rucksak

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top