Infoziedel September 2017

Fir iech alleguer: 

Eng kleng Remarque:

Mir soen iech Merci dass der är Kanner net erop bis bei de Chalet féiert. Well d’Stross esou enk as, gett daat soss e groussen Chaos mat den Autoen.

2 Sachen fier op den Kalenner:

Samschdes den 14. Oktober: Scouts-Mass um Prenzebierg um 16 Auer

Samschdes an Sonndes den 28 an 29 Oktober : Gruppe-Montéesweekend um Kuelbecherhaff

Weider Détailer kommen nach no.

Fir all d’Biber:

Léif Biber, kennt dier schon den Bob? Wellt der gären wessen ween deen Bob as? Ma dann kommt an déi nächst zwou Versammlungen, den 23 an den 30 September vun 14 bis 16 Auer op den Prenzenbierg luussen. 🙂  Go, wir schaffen das!

Fir all d’Wellefcher:

Dier léif Wellefcher, den 23 September an den 30 September as erem vun 14 bis 16 Auer Versammlung um Prenzebierg. Denkt drun et géif eis fréen wann esou vil wie méiglech Kanner do wieren an brengt och alleguerten e/eng  Frend/in  mat. 

Fir all d’ AvEx:

Mier hun den 23 September an den 30 September wéi gewinnt Versammlung vun 14 Auer bis 16 Auer um Prenzebierg. Brengt och Kollegen aus der Schoul mat, dier wesst: waat méi Kanner do sin, waat et méi flott gett.

Fir all d’CaraPio:

Mir gesinn eis e Samgden 23. September fir d’Kleedersammlung. Kuckt bei “fir all d’Carapio, RaRo,..”. Nomettes hu mer Versammlung vun 14-16 Auer um Prenzebierg. Ditt aal Kleeder u fir un ze straichen. Iwwerleet och weider wéi der kennt är Iddie fir d’Montée zesumme féieren. D’Woch drop , den 30 September, gesi mer eis wéi gewinnt vun 14-16 Auer. Denkt drun déi Kéiere wou der net kennt kommen iech Friedes bei engem Chef of ze mellen.

Fir all d’RaRo:

Well den 23. September Kleedersammlung ass, hun mer keng Versammlung. Dofier gesin mer eis jo awer secher bei der Kleedersammlung, gell 🙂 ? Den 30.September hun mier erem normal Versammlung wou dringend um Sall geschafft muss gin, also all Hellef as wellkomm !

Fir all d’Albatrossen: 

Die éicht Albatrossenversammlung vum naien Scoutsjoer as Freides den 13 Oktober.

Fir all d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Matarbechter, Chef a Guildememberen:  

Den 23. Oktober as Kleedersammlung. Rdv as um 9h beim aalen Pompjeesbau

Fir all d’Chef:  

Den Kongress as Mettwochs den 27 September zu Dikrech. RDV as um 19:30h an der “aaler Seeerei” bei der Gare. Den Chefdach as den Sonnden 1 Oktober och erem zu Dikrech vun 8:30h un an der “aaler Seeerei”.

Den nächsten Grupperot as Mettwochs den 4 Oktober um 20:00 am Avexsall.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top