Scoutsziedel bis den 23. Abrëll 2011

Fir iech alleguer:
Dest ass dee läschten Ziedel fir un der Vakanz, ech wenschen iech elo schons schéin Ouschteren.

Fir all d’Wellefcher:
Salut, den 2. Abrëll ass déi läscht Versammlung vun eisem Komet (ee Komet si méi Versammlungen zu engem Thema). Dest wëlle mir richteg feiren, duefir hu mir vun 10°°-14°° Versammlung, brengt e gudden Appetit mat.

Fir all d’ AvEx:
Salut, mir hun den 2. Abrëll vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Duerno ass Keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir all CaraPio:
Salut, den 2. Abrëll ass KENG Versammlung, d’Chef sin op den Iron-Scout fir Chefs. Den 9.4 hu mir vun 14-16°° Versammlung um Bierg. Fir op de Kalenner: Den 6.,7. an 8.Mee ass dee weltberühmten IRON-SCOUT, wann’s du matgees, dann iwerweis w.e.g 30 Euro op eisen Compte: LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 Mam Vermierk : Iron Scout a mat dengem Numm. Ouschtersamschdeg den 23. Abrëll ass Pobeiersammlung. Et ass wichteg dass DU derbei bass.

Fir all RaRo:
Salut, den 2.Abrëll an den 9.Abrell hu mir wéi gewinnt vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Déi Leit wou een T-Shirt bestallt hun, sollen 17 Euro matbrengen, a fir ee Pullover 36 Euro. Ouschtersamschdegden 23. Abrëll ass Pobeiersammlung. Et ass wichteg dass DU derbei bass.

Fir all Chef:
En Donneschdeg den 7. Abrëll ass um 20°°Grupperot um Bierg.

Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Opgepasst, den Datum vun der Pobeiersammlung huet geännert. E Samschdeg de 23.04 ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons een decke Merci fir all Hëllef.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top