Fir déi, déi gär nostalgesch sinn sinn hei d’Campbuch an d’Chefbuch vun eisem geniale Wandercamp a Schweden am PDF Format. D’Buch mat de Kaarte vun der Wanderung ass och disponibel, awer d’Ännerungen déi mer ënnerwee decidéiert hunn sinn net mat dran.
Dëst Joer hu mir dem Grupp Don Bosco Houwald gehollef beim Wëllefchersrally mam Thema “Wou ass de Waldho?”. D’Fotoe vum Rally kënnt der um Site vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute kucken: news.lgs.lu/2016/06/10/4_fotoen-vum-wellefchersrallye/
Hurra, de Grupp Esch-Pénts huet di 5. Plaz beim JoCaPi 2016 errongen! Moment emol… Esch-Pénts? Majo dat waren Esch-Grenz, Péiteng an den Cents. Mir hunn eis zesummegeschloss fir een Team ze stellen! An trotz dem Wieder (e Mix aus Sonn, Schnéi a Knëppelsteng) krute mer net de Kéis mä mir hunn eis Bescht ginn bei de coole Spiller déi d’Eschduerfer Guiden a Scoute (d’Gewënner vum JoCaPi 2015) fir eis präparéiert haten.
Mir freeën eis schonn op d’JoCaPi d’nächst Joër, déi Kéier dann bei de Bartrénger Guiden a Scouten, dene mir fir hir Victoire haut gratuléieren.