Fir déi, déi gär nostalgesch sinn sinn hei d’Campbuch an d’Chefbuch vun eisem geniale Wandercamp a Schweden am PDF Format. D’Buch mat de Kaarte vun der Wanderung ass och disponibel, awer d’Ännerungen déi mer ënnerwee decidéiert hunn sinn net mat dran.
Hurra, de Grupp Esch-Pénts huet di 5. Plaz beim JoCaPi 2016 errongen! Moment emol… Esch-Pénts? Majo dat waren Esch-Grenz, Péiteng an den Cents. Mir hunn eis zesummegeschloss fir een Team ze stellen! An trotz dem Wieder (e Mix aus Sonn, Schnéi a Knëppelsteng) krute mer net de Kéis mä mir hunn eis Bescht ginn bei de coole Spiller déi d’Eschduerfer Guiden a Scoute (d’Gewënner vum JoCaPi 2015) fir eis präparéiert haten.
Mir freeën eis schonn op d’JoCaPi d’nächst Joër, déi Kéier dann bei de Bartrénger Guiden a Scouten, dene mir fir hir Victoire haut gratuléieren.
– Meindes den 29.02 vun 18:30-19:45
— Denschdes den 23.02 von 18:00-19:45
— Generalprouw :Donnegtes den 25.02 von 18:00-19:45
Freides den 4.03 an Samsdes den 5.03 Theater
–> die 2 Deeg ab 17h am Home opriichten
w.e.g emmer bei mier um 621197160 oofmellen per SmS an och wann der froen hudd