Haut hu mer an de CaraPio d’Montée virbereed fir déi AvEx déi an zwou Woche bei eis kommen. Fir dass d’Kreativitéit besser fléisst hu mer dobäi Stockbrout gemaach an och rondrëm eis Feierplaz di al Steng nees e bësse fräi geluet.
Category Archives: Logbuch
Scout fir 1 Dag
Mat der Schoulrentrée fänkt och dat neit Scoutsjoer un. Esou hunn s
d’Guiden a Scoute vum Péitenger Grupp Hl. Franz vun Assisi viru kuerzem op der Gemengeplaz gewise, wat Grouss a Kleng bei hinne kënnen erliewen. A flotten Atelieren gouf fläisseg geschafft: Portemonnaien aus recycléiertem Material, Brandstempel oder hëlzen Dillendäpp konnt een hei bastelen. Am Park gouf et eng Rei Geschécklechkeetsspiller an och méi abenteuerleches. Et huet geheescht queesch iwwer eng “Afebréck” aus Seeler ze goen oder sech vun der Seelbunn ze schwéngen. Vill hunn och hire Gläichgewiichtssënn bewisen a sinn en Tuerm aus Kajoen erop geklommen. No all der Ustrengung konnt ee sech dann nach verwinne loossen, mat enger gudder Taass Téi vun der selwer gebauter Kichen, oder enger Banann mat geschmoltem Schokla aus der Glous vum Lagerfeier. Lecker!
D’Péitenger Guiden a Scouten begréisse Kanner a Jonker ab dem 2. Cycle bis 23 Joer Samschdes vu 14-16 Auer um Prënzebierg.
CaraPio Horror Film
D’Péitenger Caravellen a Pionéier hunn an de leschte puer Versammlungen un hierem Horror Film geschafft, deen se selwer geplangt a réaliséiert hunn. Hei kënnt der d’Resultat kucken: Eng grupp vu Caravellen a Pionéier vun de Péitenger Guiden a Scouten maachen eng schrecklech Entdeckung iwwer den Horror Zenario deen sech viru ville Joren um Prënzebierg ofgespillt huet.
Plangen
Mini-Intervilles Bericht
Den David huet als Deel vu sengem Journalismus Badge e klengen Artikel iwwert den Mini-Intervilles geschriwwen, wou mer d’lescht Woch hi waren.
Ich fand den Mini-Intervilles toll es gab viele Spiele wir haben bei fast allen Spielen gewonnen.
Ich habe beim Kayakrennen mitgemacht ich war der jenige der geschwommen ist.
Differdange war auf den ersten Platz gekommen, weil sie das Finale gewonnen haben. Wir Péiteng sind auf den zweiten Platz gekommen. Dudelange auf den dritten und Ettelbrück auf den vierten Platz. Wir hatten sogar im Finale zwei Sekunden Vorsprung aber Differdange war eben schneller.
Am Ende konnte jeder schwimmen gehen. Wer von den Großen gewonnen hatte weiß ich nicht. Aber uns hat es dennoch gefallen.
Den Alex huet während dem Mini-Intervilles Fotoen gemaach. Hei sinn d’Biller!


