Logbuch – LGS Péiteng http://lgspeiteng.lu/lb_LU Groupe Hl. Franz vun Assisi Fri, 16 Jun 2017 19:48:02 +0000 lb-LU hourly 1 https://wordpress.org/?v=4.6.6 Stockbrout a Steng http://lgspeiteng.lu/lb_LU/3307 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/3307#respond Sat, 11 Oct 2014 14:14:04 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=3307 Haut hu mer an de CaraPio d’Montée virbereed fir déi AvEx déi an zwou Woche bei eis kommen. Fir dass d’Kreativitéit besser fléisst hu mer dobäi Stockbrout gemaach an och rondrëm eis Feierplaz di al Steng nees e bësse fräi geluet.

IMG_3051.JPG

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/3307/feed 0
Scout fir 1 Dag http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1782 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1782#respond Fri, 04 Oct 2013 09:44:24 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=1782 Continue reading Scout fir 1 Dag ]]> Mat der Schoulrentrée fänkt och dat neit Scoutsjoer un. Esou hunn  sflyerd’Guiden a Scoute vum Péitenger Grupp Hl. Franz vun Assisi viru kuerzem op der Gemengeplaz gewise, wat Grouss a Kleng bei hinne kënnen erliewen. A flotten Atelieren gouf fläisseg geschafft: Portemonnaien aus recycléiertem Material, Brandstempel oder hëlzen Dillendäpp konnt een hei bastelen. Am Park gouf et eng Rei Geschécklechkeetsspiller an och méi abenteuerleches. Et huet geheescht queesch iwwer eng “Afebréck” aus Seeler ze goen oder sech vun der Seelbunn ze schwéngen. Vill hunn och hire Gläichgewiichtssënn bewisen a sinn en Tuerm aus Kajoen erop geklommen. No all der Ustrengung konnt ee sech dann nach verwinne loossen, mat enger gudder Taass Téi vun der selwer gebauter Kichen, oder enger Banann mat geschmoltem Schokla aus der Glous vum Lagerfeier. Lecker!

D’Péitenger Guiden a Scouten begréisse Kanner a Jonker ab dem 2. Cycle bis 23 Joer Samschdes vu 14-16 Auer um Prënzebierg.

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1782/feed 0
CaraPio Horror Film http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1743 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1743#respond Sun, 14 Jul 2013 20:19:42 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=1743 Continue reading CaraPio Horror Film ]]> D’Péitenger Caravellen a Pionéier hunn an de leschte puer Versammlungen un hierem Horror Film geschafft, deen se selwer geplangt a réaliséiert hunn. Hei kënnt der d’Resultat kucken: Eng grupp vu Caravellen a Pionéier vun de Péitenger Guiden a Scouten maachen eng schrecklech Entdeckung iwwer den Horror Zenario deen sech viru ville Joren um Prënzebierg ofgespillt huet.

 

 

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1743/feed 0
Plangen http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1646 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1646#respond Sat, 11 May 2013 15:54:00 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=1646 Haut hu mer an de CaraPio um Horror-Kuerzfilm geschafft (Script, Rolle Verdeelen, Requisiten) deen demnächst wärt um Prënzebierg gedréint ginn. Duerno hu mer e puer Iddie gesammelt fir d’Spill wou soll um UKAN Camp opgeriicht ginn.

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1646/feed 0
Mini-Intervilles Bericht http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1017 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1017#respond Thu, 07 Jul 2011 16:23:55 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=1017 Continue reading Mini-Intervilles Bericht ]]> 20110625-164345-2457

Den David huet als Deel vu sengem Journalismus Badge e klengen Artikel iwwert den Mini-Intervilles geschriwwen, wou mer d’lescht Woch hi waren.

Ich fand den Mini-Intervilles toll es gab viele Spiele wir haben bei fast allen Spielen gewonnen.
Ich habe beim Kayakrennen mitgemacht ich war der jenige der geschwommen ist.
Differdange war auf den ersten Platz gekommen, weil sie das Finale gewonnen haben. Wir Péiteng sind auf den zweiten Platz gekommen. Dudelange auf den dritten und Ettelbrück auf den vierten Platz. Wir hatten sogar im Finale zwei Sekunden Vorsprung aber Differdange war eben schneller.
Am Ende konnte jeder schwimmen gehen. Wer von den Großen gewonnen hatte weiß ich nicht. Aber uns hat es dennoch gefallen.

Den Alex huet während dem Mini-Intervilles Fotoen gemaach. Hei sinn d’Biller!


]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1017/feed 0
Piraten T-Shirten http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1003 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1003#respond Mon, 13 Jun 2011 07:00:24 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=1003 Continue reading Piraten T-Shirten ]]> 20110611 Batik

Hei stinn eis AvEx an de Fredi ënnert hiren fäerdegen Batik Piraten T-Shirten déi grad ophänken fir ze dréchnen. Mir haten Drot rondrëm déi Plazen vun den T-shirten gewéckelt déi sollten wäiss bleiwen, an se dunn an Bitercher mat waarmem Waasser an Textilfaarf eng Stonn zéie gelooss. Et huet just e puer mol missten dra geréiert ginn.

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1003/feed 0
Ägypten (Entreprise) http://lgspeiteng.lu/lb_LU/843 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/843#respond Sun, 03 Apr 2011 10:11:33 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=843 Continue reading Ägypten (Entreprise) ]]> Mir hunn an den AvEx grad eis Entreprise zum Thema aalt Ägypten ofgeschloss. Wat hu mer alles gemaach? Als éischt emol hu mer Pyramiden erfuerscht an der e puer selwer gebaut – natierlech nëmmen mat Material wat mer rondrëm eis am Bësch fonnt hunn. Fir eng Pyramid brauch een natierlech och eng Mumie. Mir hu gekuckt wéi eng Equippe déi stabilsten Mumie an e Wettlaf schécke kann.


Déi Kéier drop hu mer eis mat Specksteen dohi gesat fir aus Specksteen Ägyptesch Bijouen ze erschafen. Mat klenge Meessel, graffe Feilen an zum Schluss rengem Sandpabeier goufen déi ronn 15 Stécker Specksteen (am ganzen 5kg fir 10€) bearabecht.

Dono konnte mer eis als Pharao fillen, well mat enger individuell ugepasster, bemoolter Gipsmask feelt net méi vill bis bei dem Ramses säi Sarkophage. Dofir hu mer Stécker Gipsverband kleng geschnidden. D’Kanner kruten d’Gesiicht gutt mat Fiichtegkeetscrème ageriwwen fir dass d’Gipsmask net peche bleift. De Verband gouf e puer Sekonnen an d’Waasser gezappt an dann op d’Gesiicht geluecht. Et muss ee just drun denken dass enzwousch en Otemwee fräi bleift! E puer Schichte Verband kommen iwwerteneen fir dass d’Mask dono stabil ass. Mir hu fir 8 Kanner 5 Rouleauen 10cmx270cm breeden Verband gebraucht, zesummen 15€. No e puer Minutten ass d’Mask dréchen a ka bemoolt ginn.

Als Ofschloss vun eiser Entreprise virun der Ouschtervakanz hu mer dann nach Pabeier mat Kaffi a Bananneschuelen ageriwwen fir en al ausgesinn ze loossen iert mer mat engem Hieroglypheschlëssel Messagen op den Pabeier gemoolt hunn.  Den Schlëssel fannt der hei.

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/843/feed 0