Category Archives: Neiegkeeten

Neiegkeeten rondrëm de Grupp oder iwwer d’Scouten am allgemengen déi net am Scoutziedel dran sin.

Theater 2017

D'Acteuren, Actricen, Flüsterer a Regisseur vum Guiden- a Scoutstheater mam Stéck "Männertabu".
D’Acteuren, Actricen, Flüsterer a Regisseur vum Guiden- a Scoutstheater mam Stéck “Männertabu”.

De 17. an den 18. März spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert. Rido as um 19:30h, fir unzefänke spillt all Branche e kuerzt Steck, d’Cheféquipe spillt MӒNNERTABU, e leschtegen drei-Akter vum Nicole Nothum.

Den Preis ass 10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech naischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis.  Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kennt Är Plaatzen vun elo un, um 691 911 806 (Vanessa Sauerwein) reservéiren. Rufft w.e.g. ereicht no 18:00 Auer un!

Scoutstheater 2017 flyer

 

Chefdaag Do Urban

Hallo,
Un all Chef an jiddereen den sech fier den Go urban interesseiert
( also och Guilde an Mataarbechter, eltern asw)
Kenn dier ierch w.e.g. bis speitstens desen Donnegten, den 15. september bei mier ( Kim : 621197160) umellen op dier mat op den Kongress an op den Chefdaag mat gidd?

Weider infoen fann dier :

CHEFDAG

Merci 🙂

Theater 2016: Eng Kur zu Mondorf


Programm vun der Guilde: Januar - Februar 2016

 


Sam. 9.1.:  Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Don. 21.1.:  Keelenowend

Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech

Sam. 23.1.:  Sortie: Vum Sennengerbierg op de Kierchbierg.

Départ: Péiteng-Gare um 10:47h mam Zuch an d’Stad, da mam Bus 29 um 11:27h op de Sennengerbierg.

Mëttegiessen am Restaurant Poiré.

Duerno: gemittlecher Fousstour iwwer de Kiem op de Kierchbierg (5 km)

Visite vun der Tramsmaquette.

Retour mam Bus op d’Gare a mam Zuch op Péiteng.

Umeldung bis Mëttwochs, 20.1. um Tel: 43 46 49 (Scherer)

Sam. 6.2.:  Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Sam. 13.2.:  Buergbrennen [Org. Grupp]

Jiddereen ass häerzlech invitéiert um Buergbrennen deelzehuelen. De Fakelzuch geet um 18:30h ënnen am Wee (rue Belle-Vue) fort an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaang. Géint Honger an Duuscht ass gesuergt, de Grill steet schons prett. D’Mataarbecht vun der Guilde beim Opriichten an Ofbrenne vun der Buerg gëtt, sou wéi all Joer, staark begréisst.

Mon. 15.02.:  Comité um 20:00h am Home

Don. 18.02.:  Uucht: „E Péitenger zu Esch/Sauer“ um 20:00h zu Péiteng am Home

Eise Member Guy Hansen, 6 Joer laang Buergermeeschter zu Esch/Sauer, erzielt: „1.200 Joer Esch/Sauer“


De Comité wënscht all Membre vun der Guilde e glécklecht neit Joer bei gudder Gesondheet !


Sam. 20.02.:  Sortie
op Kéinzeg

Mam Bus 334 vu Péiteng/Gare, dep. 10:45h, op Féngeg/Dillesbierg, arr. 10:58h.
Fousstour a Richtung „Geessenhaischen“, dann iwwer d’Vëlospist PC 12 op Kéinzeg = 3 km.
Mëttegiessen am Restaurant „Rugantino“, 1, rue de Bascharage, Kéinzeg: „à la carte“
Retour entweder – mam Trëppeltour iwwer de Kierchepad op Péiteng = 6 km  oder – mam Bus 334, dep. 14:21h oder 15:21h op Péiteng.
Umeldung bis den 16.02. beim Martine, Tel: 53 32 71 oder GSM : 621 414 0470 oder Mail: jschlott@pt.lu


Don. 25.2.:  Keelenowend

Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech

Fir an den Agenda

Pabeiersammlungen: 12.03.;  9.04.;  7.05.;

Keelenowenter: 16.03.;  21.04.;

Scoutstheater:  4./5.03.;

De Comité wënscht all Membre vun der Guilde e glécklecht neit Joer bei gudder Gesondheet !

Programm vun der Guilde: November-Dezember 2015

Sam. 14.11.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Sam. / Son. 14./15.: Aarbechtsweekend um Kuelbicherhaff [Org. Equipe Kuelbicherhaff]

Rendezvous: Samschdes um 9:00h an/oder Sonndes um 9:00h um Haff

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

Matbréngen: Schaffgezei an, wann ee wëllt do schlofen, Schlofsaachen wéi Schlofsak asw.

Umelle bis den 11.11. beim Claude Poensgen, GSM 621 294 348, wou Dir all Informatioune kritt.

Sam. 21.11.: Äscht schneiden [Org. Grupp]

Rendezvous um 9:00h zu Péiteng beim ale Pompjeesbau.

Méin. 23. – Frei. 27.11.: Schaffen um Prënzebierg [Org. Grupp]

Wickele vun Adventskränz a Bastele vun Adventsarrangementer déi um Niklosmaart verkaaft ginn. Rendezvous all Dag vun 19:00h un am Chalet.

Sam. / Son. 28./29. 11.: Niklosmaart virum Stadhaus, wou mir eis Dekoratiounen verkafen. Och hei ass d’Mataarbecht vun der Guilde wëllkomm, a sief et och nëmmen als „acte de présence“.

Méin. 7.12.: Comité um 20:00h am Home.

Mët. 9..12.: Keelenowend mat Agape

Rendezvous um 19:00h am Café Müller zu Lampech.

Menü: Choucroute bien garnie mat Dessert a Kaffi fir 21,00 EUR

Umelle bis Méindes, 7.12., 12:00h um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu

Sam. 12.12.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Sam. 19.12.: 14:00h Wanterwanderung iwwert de Prënzebierg

Rendezvous ënnen an der Belle-vue-Strooss (Coin-de-terre-Lokal)

17:30h Mass mat Friddensliichtfeier an der Kierch zu Péiteng, animéiert vum Grupp. [Org. Grupp]

19:00h Chrëschtveillée, am Chalet um Prënzebierg, animéiert vum Renée

Duerno: Träipeniessen

Mir organiséieren no der Mass eng Transportméiglechkeet fir déi, déi Problemer hu fir op de Bierg ze kommen; bei der Umeldung mat uginn w.e.gl.

Umeldung bis den 14.12. um Tel. 50 32 71 oder 621 414 040 (Schlottert) oder Mail jschlott@pt.lu

Ce n’est qu’un au revoir

De 7. Oktober 2015 huet eise laangjäerege Member Louis Weber eis am Alter vun 80 Joer no laanger Krankheet fir ëmmer verlooss. De Louis war säi Liewe laang en engagéierte Scout a Guildemember. Hien huet jorelaang aktiv bei eiser Lepra-Aktioun matgehollef. Seng grouss Passioune waren d’Astronomie, den Alpinismus, d’Photographie, d’Liesen, d’klassesch Musek, d’Sangen an d’Kachen. Mir wäerten hien a gudder Erënnerung behalen