Tag Archives: featured

Fotoe vum GoUrban

Den internationale camp GoUrban vum 18. bis den 28. Juli 2017 um Kierchbierg. Fotografen: Claude Künsch, David Mazuel, Fernande Jourdan, Gilles Glod, Nadia Blasen, Claudine Bosseler, René Wersand, RaRo, Sascha Wolsfeld.

Dës Fotoen sinn aus dem Archiv vum GoUrban. Ech hunn déi gesicht wou eppes mat Péiteng ze dinn hunn. Méi Biller a Filmer vum Camp fannt der op https://www.facebook.com/GoUrban2017/, an op https://gourban.lgs.lu/fotoen/. Wann der nach a Bild begéint dat hei feelt da setzt a Link op dat Bild an de Kommentar.

Mäi Kand umellen

Wann ärt Kand bei eise Versammlungen an Aktivitéiten wëll deelhuelen, ass et ganz einfach fir et un ze mellen. Kommt einfach an eng vun eise Versammlugen a schwätzt mat engem vun de Chef. Si erklären iech alles a soen iech wéi eng Altersbranche bei d’Kand oder de Jonke passt. Dozou kënnt der scho méi liesen am Deel Iwwert eis.

Wéini eis Versammlunge si gesidd der am Agenda. Déi éischt Versammlung fir d’Joër 2017-18 fir d’Branchen Biber, Wëllef, AvEx a CaraPio ass e Samgde 16. September vu 14:00-16:00. D’RaRo (17-23 Joër) gesi sech vu 16:15-18:30.
Mir treffen eis gewéinlech bei eisem Chalet an der rue Belle Vue zu Péiteng. Loost den Auto am léifsten ënne Stoen a kommt zu Fouss de Bierg erop.