Nationalfeierdag – LGS Péiteng http://lgspeiteng.lu/lb_LU Groupe Hl. Franz vun Assisi Fri, 16 Jun 2017 19:48:02 +0000 lb-LU hourly 1 https://wordpress.org/?v=4.6.6 Ziedel fir Nationalfeierdag http://lgspeiteng.lu/lb_LU/7842 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/7842#respond Sat, 10 Jun 2017 20:30:19 +0000 http://lgspeiteng.lu/?p=7842 Continue reading Ziedel fir Nationalfeierdag ]]> Fir Iech alleguer :

E Freiden den 23. Juni ass Nationalfeierdag. D’Gemeng vu Péiteng huet e grousse Programm fir dëst iwwer zwee Deeg, den Freiden 23. Juni an den Samschden 24 Juni ze feieren. Wéi all Joer huele mir un de Feierlechkeeten Deel.

Mir treffen eis Freides den 23. Juni an Uniform (ween eng huet) um 9:00 Auer zu Péiteng op der Maartplaaz, vun do huele mer d‘Navette fir op Rodange, um wou mir mam Cortège an den Te Deum ginn. Den offiziellen Deel ass géint 11:15 Auer eriwwer, d‘Kanner kënnen da vun den Elteren bei der Rodanger Sportshal ofgeholl ginn oder kommen mat de Chef an der Navette géint 12:30 Auer zeréck op Maartplaz.

Den Samschden 24 Juni organiséieren mir nomëttes vu 14°°-18°° Spiller am Péitenger Park. All eis Memberen si natierlech invitéiert fir bis laanscht ze kommen a matzespillen. De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu

Fir all d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guildememberen, Mataarbechter, a Chef: Déi Leit déi wëlle bei de Spiller hëllefe sollen sech beim Claire um 621 68 39 99 mellen. Mir treffen eis den 24  Juni um 10°° beim Staatshaus. P.S. Mir brauchen nach vill Leit…..

Fir d’Biber :

Dir léif Biber , mir hun den Samsden 17 Juni normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prenzebierg. Den Samsden 24 Juni as keng Versammlung weinst dem Nationalfeierdaach, kukt dofir bei „Fier Iech alleguer“.

Fier d’Wellef :

Dir léif Wellëfcher den Samsden 17. Juni gin mir zesummen an den Walygator. Dofir fueren mir schon mettes um 13h00 um Prënzenbierg ennen wou emmer d‘Eucosider war fort an wärten fir 18h45 erem do zereck sin. Mathuelen musst dir dofir 20€ Entree, eppes geint d’Sonn (zB eng Kapp an Sonnecrème), bequem Schung, e Bidon mat Waasser an falls schlecht Wierder as och eppes géint den Reen. Ausserdem musst iech weinst dem Transport beim Alex (691 177 773) unmellen. Den 24. Juni as keng Versammlung kukt do bei „ Fir Iech alleguer“.

Fier d’Avex :

Samsdes, den 17.06 hun mer Versammlung vun 14:00-17:00 um Prënzebierg. Mir bauen do eis Breifkëscht fir de Camp zesummen mat den AvEx vun Käerjeng an Esch/Grenz.

Samsdes, den 24.06 ass keng Versammlung, well do d’Festivitéiten vum Nationalfeierdaach sin. Kommt roueg mettes lanscht an den Park kuken.

Fier d’Carapio :

Léif Carapio, mir hunn den nächsten Samschden de 17. Juni normal Versammlung vun 14-16 Auer, wou mer wieder un eisem Sall schaffen. Den 24 Juni as keng Versammlung, kuckt bei „ Fir Iech alleguer“ an kommt mat hëllefen.

Fier d’RaRo : 

Den Samsden 17.06 hun mer normal Versammlung vun 16-18h um Prenzebierg. Den Samsden drop, den 24 Juni hellefen mer d’Spiller am Park oprichten an animéieren, kukt dofir bei „Fir Iech alleguer“.

 Fier d’Chef: Mettwochs, den 14 Juni as Grupperoot um 20 Auer am Avexsall.

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/7842/feed 0
Video vum Nationalfeierdag 2016 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/7303 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/7303#respond Tue, 13 Sep 2016 13:11:09 +0000 http://lgspeiteng.lu/?p=7303

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/7303/feed 0
Scoutsziedel bis den 25. Juni http://lgspeiteng.lu/lb_LU/7033 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/7033#respond Tue, 14 Jun 2016 19:31:00 +0000 http://lgspeiteng.lu/?p=7033 Continue reading Scoutsziedel bis den 25. Juni ]]> Fir iech alleguer:

E Donneschdeg den 23. Juni ass Nationalfeierdaag. D’Gemeng Péiteng huet e grousse Programm fir dest esou richteg ze feieren.Wéi all Joer huelen mir un de Feierlechkeeten déel.

Mir treffen eis an Uniform (wen eng huet) um 10°°Auer   zu Lamadelaine fir um Centre de Loisirs wou um 10:15 Auer de Cortège fier an den Te Deum lass geet. Dest Joer fiirt KENG Navette, d’Leit aus der Gemeng kennen den P-Bus bestellen Tel.: 80021251.

Nomettes mache mir vu 14°°-18°° Spiller am Park. All eis Memberen si natirlech invitéiert fir bis laanscht ze kommen a matzespillen. De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu Fir all d’CaraPio, RaRo, Guildememberen, Matarbechter: Déi Leit déi wellen bei de Spiller hellefen sollen sech beim Claire um 691 68 39 99 mellen. Mir treffen eis um 13:30 beim Staatshaus. D’Chef si vun 9.30 un am Asatz r.d.v fir um Staatshaus

 

Fir all d’Biber:

Dir léif Biber, et bleiwen nemmen nach zwee Elementer iwreg fier eis Versammlungen, “Feier” an “Erd”. Mee den 18. Juni gin dei, dei sech ungemellt hun, op den Bibermud. Daat heescht et ass den 18. Juni keng Versammlung um Bierg. Den 25. Juni hun mer erem Versammlung vun 14:00-16:00 um Prenzebierg, do muss der ierch dann iwerraschen loossen 🙂 Kukt och bei: „fier iech alleguer“.

Fir all d’Wëllefcher:

Dir léif Wëllefcher eis nächst grouss Aktivitéit as natierlech den Summercamping. #matStäbecheriessen Deen as vun dem 17ten Juli bis den 22ten Juli um Kuelbecher Haff. #Ninja Et wär gutt sech dofir sou frei wei meiglech beim Alex (691 177 773) unzemellen. Bis dohinner hun mir nach epuer interessant Versammlungen, wou mir iech e puer Scoutstechnicken mei no brengen. Ausserdem hun mir nach een ominéist Pistenbichelchen, an e puer Leit mussen nach hieren Foulard kreien. Dir gesidd et gett vill ze din. #Geisha. Kukt och bei: „fier iech alleguer“.

Fir all d’AvEx:

Salut AvEx, Samschdes den 18. Juni hun mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Samschdes den 25. Juni starten mier eis läscht Expeditioun “Weltrees” virum Camp, et ass also erem Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Kukt och bei: „fier iech alleguer“.

Fir all d’CaraPio:

E Samgden 18. Juni ass normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir setzen déi Aktiviéiten, déi mer a Stockholm wëlle maache fest, a stellen eist Camp Buch zesummen.
E Samgden 25. Juni ass keng Versammlung well är Chef sinn am Ausland oder op der Aarbecht.
E Méinden den 27. Juni ass den Delai fir den drëtten a leschte Virement fir de Camp a Schweden ze maachen. De Camp kascht all Participant 400, et bleiwen also nach 100 ze bezuelen.

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU67 0019 6803 7218 2000
100€
Mentioun « Schweden 3 [Numm vum CaraPio]

Um nächsten Ziedel schreiwe mer iech nach eemol déi wichteg Informatiounen op, déi mer an der Informatiounsversammlung ugeschwat hunn. Wann der elo scho wëllt d‘Autorisation parentale bei der Gemeng ufroen, gitt folgend Donnéen un: en compagnie de: Gilles GLOD, Christophe BINTENER, Destination: Suède, Autorisation valable à partir du: 18.7.2016, Autorisation valable jusqu’au: 26.7.2016

Kukt och bei: „fier iech alleguer“.

Fir all d’RaRo:  

Léif RaRo, mier hun déi läscht Keier vum Hardcore Blimmi Badge geschwaat, deen mer wëllen bei der Montée asetzen, an wären frou do rem eng Initiative ze starten. Dofir sollt dier ierch kreativ Challengen fier den Badge ausdenken an déi di next Versammlungen präsentéieren.
Den 18. an 25. Juni hun mier also wéi gewinnt Versammlung um Bierg vun 16-18 Auer.  Fier d’RaRo-Montée, bieden mier Ierch an der nächster Versammlung d’Location an den Datum endgülteg ze confirméieren, domat Organisatiouns-techensch déi éischt Preparatiounen kennen ufänken. Kukt och bei: „fier iech alleguer“.

Fir d‘Chef:

Kukt bei fier iech alleguer.

Den 29 Juni as Gruppenroot um 20:00 Auer beim Guy doheem.

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/7033/feed 0
Scoutsziedel bis den 27. Juni http://lgspeiteng.lu/lb_LU/3731 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/3731#respond Mon, 15 Jun 2015 19:11:50 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=3731 Continue reading Scoutsziedel bis den 27. Juni ]]> Léif Leit aus technesche Grenn kennt des woch keen Ziedel mat der Post. Maacht w.e.g. aner Leit déi der kennt dorop opmierksam fir dass si den Ziedel hei um Site liese kënne.

Fir iech alleguer:

E Denschdeg den 23. Juni ass Nationalfeierdaag. D’Gemeng Péiteng huet e grousse Programm fir dest esou richteg ze feieren.

Wéi all Joer huelen mir un de Feierlechketen, déel.

Mir treffen eis an Uniform (wen eng huet) um 10.15 Auer  zu Péiteng op der Place J-F Kennedy, vun do gi mir mam Cortège an den Te Deum. Mir si nees  géint 11.30 op der Place J-F Kennedy.

Nomettes mache mir vu 16°°-18°° Spiller am Park. All eis Memberen si natirlech invitéiert fir bis laanscht ze kommen a matzespillen.

De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu

Fir all d’CaraPio, RaRo, Guildememberen, Matarbechter, a Chef: Déi Leit déi wellen bei de Spiller hellefen sollen sech beim Guy um 691435358 mellen. Mir treffen eis um 15°° beim Staatshaus. P.S Mir brauchen nach fill Leit…..

Fir all d’Biber

Moien Leif Biber
Dëse Samschden den 20. kreien mer Besuch an zwar kommen d’Bouneweger Biber bei eis op Besuch. Dei an och dei aner Versammlungen sinn also wei ëmmer vun 2-4 um Prenzebierg.
Fir den Bibertreff den 4.07 , treffen mer eis um 8:00 op der Péitenger Gare. Fir den Retour wäerten mer géint 17:47 zeréck sin. D’Biber sollen all hiren Foulard an hir Uniform undoen (wann se eng hunn) an en Bidon mat huelen. Si sollen dem Wieder entspriechend ugedoen sinn.

français Chers Castors,

ce samedi le 20 juin on reçoit de la visite des castors de Bonnevoie. Les réunions du 20. et du 27. juin seront comme toujours de 14h à 16h au Prenzebierg.

Pour le “Bibertreff” le 4.07, on se rassemble à 8:00 à la gare de Pétange. Pour le retour on sera vers 17:47 de nouveau à la gare de Pétange. Les enfants aurons besoin de leurs foulards et de leurs uniformes ( s’ils en ont une) ainsi ils auront besoin d’un bidon. Les enfants devront être habillés selon le temps qu’il fait.

 

 

Fir all d’Wëllef

????”The FANTASTIC 4″ an “4 Gewinnt” sou oder sou ähnlech, nennen mir eis Leeschtung vun vergangenem Sonnden um Nationalen Wellefchersrallye an der Stadt.????
D’Laura, den Yannick, den Daniel an den Florian hun  mat iwer 100 Punkten Virsprong ??all dei aaner Gruppen aus dem Land domineiert. D’Peitenger Wellef sin also dest Joer onbestridden dei eischt aus dem Land!!!
??
Den Summer Camping steht virun der Diir. Mir sin dest Joer vum 19ten bis den 26ten Juli zu Mersch an der #Basis… eh…  am Scoutschalet. Dir kennt Iech dofir bis den 12ten Juli bei mir (#HoC Alex: 691 177 773) unmellen. Onverhofften Details:

Wei gewinnt: desen Samschden 20ten Juli an nächsten Samschden 27ten Juli as “normal” Versammlung vun 14h00 bis 16h00.

Dest as och baal een vun deenen leschten “Breiwer” fir dest Joer. Mir loossen awer keen am #Kryptonite stoen dofir fannd dir emmer erem aktuell Fotoen vun eisen #Helden ob LGS Peiteng Wellefcher:
https://www.icloud.com/sharedalbum/#B04G4TcsmcEWu9

Mfg Är Wellefchef

français Chers louveteaux

Les “Fantastic Four” ou ” 4 gagne” c’est de cette façon qu’on pourrait décrire notre performance le dimanche passé lors  du rallye national des louveteaux à Luxembourg-ville. Laura , Yannick , Daniel et Florian y ont dominé toutes les groupes du pays entier avec une avance de 100 points. On peut donc déclarer que les louveteaux de Pétange sont , pour cette année, les premiers du Luxembourg !

Le camp annuel s’approche. Nous seront du 19 au 26 juillet à Mersch dans notre base… eh.. chalet. Vous pouvez vous inscrire chez moi (Alex : 691 177 773 ) jusqu’au 12 juillet.

Autres infos (totalement inattendus :)): Nous avons réunion normale le samedi 20 juin et samedi 27 juin de 14:00 à 16:00h.

Ceci sera aussi probablement une des dernière lettres pour cette année scout. On ne vous laissera quand-même pas seul dans le “Kryptonite”c’est pourquoi vous trouverez toujours des photos actuels de nos “héros” sur la page internet LGS Peiteng Wellefcher: https://www.icloud.com/sharedalbum/#B04G4TcsmcEWu9

meilleures salutations de vos chefs

Fir all d’AvEx

Salut AvEx,
Samschdes, den 20.06 an den 27.06 hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00. Et wier flott wann der all gifft kommen, well mer eis zesummen fit maan fir op de Camp.

Camp-Info: dei sech nach net ugemellt hunn, sollen daat bis den 26.06 w.e.g. maan (Beim Fredi um 621 47 25 10, am beschten per SMS). Falls een nach net mach kruut, mir ginn zesummen mat den AvEx vun Deifferdeng op de Camp. Freides Owes, den 26.06, ass eng Elteren-versammlung um 19:00. Daat ganzt ass am Deifferdenger Scouts-Chalet, d’Adresse vum Chalet ass: 127, avenue de la Liberté / L-4601 NIEDERKORN. Kommt am beschten ouni ierch Kanner!

françaisSalut AvEx,
Les samedi 20.06 et 27.06 nos réunions se dérouleront de 14:00-16:00.
Ce serait d’avantage si vous y participeriez tous car ensemble, nous nous préparons pour notre camp.
Info-Camp: ceux qui ne sont pas encore inscrit sont priez de faire ceci jusqu’au 26.06 (au près de Fredi au 621 47 25 10, de préférence par SMS). Pour ceux qui ne le savent pas encore nous allons au camp avex les AvEx de Differdange. Vendredi, le 26.06 aura lieu une réunion d’information pour les parents à 19:00. La réunion se déroulera au chalet scouts de Differdange (adresse: 127, avenue de la Liberté / L-4601 NIEDERKORN). Venez de préférence sans vos enfants!

Fir all d’CaraPio

E Samschden den 20. Juni treffe mer eis um14:00 bei der Gare vum Train 1900 ënnen um Prënzebierg, do wou d’Elteren oft op hir Kanner waarden. Mir maachen en Tuer mam Mountainbike duerch de Bësch a sinn um 16:00 neess op der selwechter Plaz zeréck. Matbréngen: kontrolléierte Mountainbike, Helm, Warnwest, Waasser.

E Samschden den 27. Juni hu mir Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.

You're Up Logo

Fir eise Camp zu Stroossbuerg ginn et nei Informatiounen iwwer den Transport an d’Bezuelen. Mir treffen eis den Donnegden, 16. Juli um 10:00 zu Péiteng op der Gare. Um 10:17 fuere mer mam Zuch an d’Stat an um 11:02 fuere mer weider mam Zuch op Stroossbuerg.
Eise Retour den 23. Juli ass virgesi fir 16:48 an der Stat an dann um 17:32 zu Péiteng op der Gare.
Dir hudd schonn en Accompte vun 200€ iwwerwisen. Iwwerweist w.e.g. bis den 22. Juni déi zweet a lescht Tranche vun 100€ op eise Konto. Am Total sinn dann d’Käschte vum Camp an den Aller-Retour vun der Stat op Stroossbuerg mat drann.

LGS Grupp Hellege Franz vun Assisi Péiteng
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Vermierk: You’re Up + Numm vum CaraPio

françaisLe samedi 20 juin notre rendez-vous est à 14:00 à la gare du Train 1900 en bas du Prënzebierg, là où les parents souvent attendent leurs enfants. Nous ferons un parcours VTT dans la forêt. Notre retour sera à 16:00 au même endroit. A apporter: VTT en bon état, casque, gilet jaune, eau.

Le samedi 27 juin notre réunion sera de 14:00 à 16:00 au Prënzebierg.

Il y a des nouvelles informations pour notre camp à Strasbourg. Notre RDV sera le jeudi, 16 juillet é 10:00 à la gare de Pétange. Nous prendrons le train vers Luxembourg-Ville. A 11:02 nous continuerons en train vers Strasbourg.
Notre retour le 23 juillet à Luxembourg-Ville est prévu pour 16:48, nous pensons donc arriver à la gare de Pétange à 17:32.
Vous avez déjà réglé un accompte de 200€. Pour le 22 juin, veuillez effectuer le deuxième et dernier virement de 100€. Le total comprendra les frais du camp et l’aller-retour de Luxembourg-Ville à Strasbourg.

LGS Grupp Hellege Franz vun Assisi Péiteng
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Commentaire: You’re Up + Nom du CaraPio

Fir all d’RaRo

Samsden den 20.Juni hun mier wei gewinnt Versammlung.
Den 27. Juni ass keng well äer Chef op d’Camplatz fueren ( ween froen sollt hun per mail un scouts-rock at hotmail punkt com)
Den 4 + 11. Juli hun mier eis zwou läscht Versammlungen von desem Scoutsjoer.
Den 2. Deel fier iwwerweisung steet firun der Dier:
Meiglechkeet 1 : am Juni 100 euro iwwerweisen an dann am Juli rem 100 euro
Meiglechkeet 2 : an enger keiner 200 euro iwwerweisen
rem op den Konto vum Kim Staudt

Kim Staudt
BCEE IBANLU73 0019 1755 6262 5000
Vermierk: Numm + Raro

Dono muss der Suen mat op den Camp huelen (perseinlecht Täschegeld + den rescht deen ze bezuelen ass beim départ mat der fiche medicale ofgin!)

Fir all d’Chef

De Grupperot vum 18. Juni huet missen annuléiert ginn.

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/3731/feed 0
Scoutsziedel bis den 28. Juni http://lgspeiteng.lu/lb_LU/2981 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/2981#respond Sun, 15 Jun 2014 17:33:18 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=2981 Continue reading Scoutsziedel bis den 28. Juni ]]> Fir iech alleguer:

Wéi all Joer huele mir och dest Joer un de Feierlechkeeten vun Nationalfeierdag deel. Dest Joer sinn d’Feierlechkeeten zu Rodange. Mir treffen eis den 23.06 an Uniform um 8.20 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau a fueren  mat der Busnavette op Rodange. De Bus fiert um 12.15 Auer nees zeréck.

Fir all d’Biber:

Léif Biber mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Juni all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. D‘Versammlungen stinn ënnert dem Thema Déieren an Natur eis Welt besser kennen léieren.
Am Summer gi mir gären ob Réiser ob de Camp an et wär flott wann ma schonn eng ongeféier Zuel hätten vu Kanner déi mat ginn. Den Camp wär fum 18-20 Juli. Wann dir Loscht hut matzegoen, da maacht w.e.g eng SMS un d’Claire Tel. 691309108. Des Umeldung ass net definitiv mais nëmmen dass d’Chef eng Idee kréien wéi vill Kanner mat ginn.  Mir maachen och nach eng Eltereversammlung fir um Camp. Wieder Detailer kommen no. Liest och bei: „fir iech alleguer“

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Juni all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Liest och bei: „fir iech alleguer“

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, dei zwee nächst Samschdeger, 21. an den 28. Juni, hu mir Versammlung mat den Käerjenger AvEx zesummen fir eis op den nationalen Camp virzebereeden. Dofir treffen mir eis vun 14:30 bis 17:00 zu Kënzeg beim Scoutschalet. Deen ass vis-a-vis vum Fussballsterrain bei der Spillplaz. Et fir super wann är Elteren iech kéinten dohinner bréngen. Falls dat net geet, sot der dem Fredi, um 621 47 25 10, bis Freides Owes Bescheed. Liest och bei: „fir iech alleguer“

Fir all d’CaraPio:

Samschden 21. Juni ass normal Versammlung vu 14-16 Auer.
De Samschden 28. Juni ass KENG Versammlung.

Klammen zu Iechternach
Klammen zu Iechternach – Foto Gilles Glod

De Sonndeg, 29. Juni gi mir op Iechternach an d’Hal kloteren. Mir léiere fir d’éischt mat Moniteuren déi richteg Kniet a Sécherheetstechniken a schaffen zesumme fir eis Limitten ze iwwerwannen. Et gëllt 14 Meter erop ze klammen! Rdv an Uniform ass zu Péiteng beim ale Pompjeesbau um 13:15. Mir fuere mat Autoen  op Iechternach. Matbréngen: E klenge Rucksak mat Sportskleedung, Sportsschung, Waasser, 10€ (Entréespräis). (Méi Info hei). Retour zu Péiteng ass géint 18:00. Mellt iech bis spéitstens den 21. Juni beim Gilles Glod un.
Summercamp Together: et ass gläich esou wäit! Eisen internationale Camp ass um Kierchbierg vum 17.-26. Juli. Maacht w.e.g. bis den 20. Juni de Virement: 300€, LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000, Mentioun: Together + Numm vum CaraPio. Detailer komme mi spéit. Déi firwëtzeg kënnen awer schonn op www.fnel.lu/camp-du-centenaire.html luusse goen.

Liest och bei: „fir iech alleguer“

Fir all d’RaRo:                                                                                      

Mir hun déi zwee nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Juni all Kéier vu 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Liest och bei: „fir iech alleguer“

Neies vun der Guilde:

Sonndeg, den 6. Juli 2014 ass eis Sortie op Betebuerg. Mir ginn op d’Wisefest vun der Maison de soins „An de Wisen“.Eise Grupp ass do aktiv. Mir sinn ower nëmmen op Besuch.

Mëttegiessen mat dem Menu: Coupe Crémant/Petite Assiette de Gourmandises Luxembourgeoises/ Mixed Grill Sauce Bearnaise, Pommes Frites, Tomate aux Herbes, Ravier de Salade/ Méli Melo des Fruits du Verger  fir 20 Euro. Umeldung bis spéitstens Sonndes den 29.Juni beim Martine Schlottert (Tel.: 50 3271 oder GSM: 621 414 040). Fir eppes vum Grill brauch een sech net unzemellen.

Nomëttes ass wann Leit intresséiert sin eng Visite Guidée vum Pflegeheem, duerno Fousstour zu Diddeleng iwwert de Sentier Kräizbierg vun 3,2 km.

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/2981/feed 0
Scoutsziedel http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1300 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1300#respond Tue, 05 Jun 2012 19:11:27 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=1300 Continue reading Scoutsziedel ]]> Fir iech alleguer:
De ganze Grupp geet och dest Joer nees mat am Cortège vun de Feierlechkeeten fir Nationalfeierdaag. Leider hun ech bis elo nach keng Détailer vun der Gemeng kritt. Spéidstens den 21.06 fannt dir hei um Site Détailer

Fir all d’Wëllefcher:
Wéi versprach gi mir des Woch an d’Luut. Mir gin den 9. Juni op Diddeleng an de Kloterpark, an de Grupp bezillt. Didd iech am bäschten sportlech un (keng Jeans), mat festen Turnschung. Mir treffen eis um 12h40 zu Peiteng ob der Gare an sin owes um  17h40 rem zerëck. Brengt eppes fir ennerwee ze drenken an evt. een Uebst oder esou mat.
Samschdes den 16.6 starte mir eng nei Aktivitéit loost iech iwerraschen a kommt einfach vun 14°° bis 16°° op de Bierg.

Mat léiwen Scoutsgréiss är Lieblingschef

Fir all d’ AvEx:
Mir hun den 9. an den 16. all Kéier vun 14°° bis 16°° Auer Versammlung um Bierg.
Eise Camp ass vum 18. bis den 27. Juli zu Beggen.

Fir all d’CaraPio:
Salut alleguer, hei déi neitsten Neiegkeeten:
Samschdeg den 09.06: Versammlung vun 14°° bis 16°° Auer um Bierg.
Donneschdeg den 14.06: Eletereninfowend iwer den Rumänien Camp um  19.30 Auer zu Monnerech am Scoutschalet.De Wee fir bei de Chalet fannt dir op: http://www.jbm.lu/?Chalet
Samschdeg den 16.06 bis Sonndeg den 17.06.2012 CaraPio-Rumänien-Camp-2012-Preparationsweekend. Weider Infoen fannt dir vum 13.6 un op desem Site.

Fir all d’RaRo:
Hy, oder Hi? Mir schaffen den 9. an den 16. Juni all Kéier vun 16°° bis 18°° fleisseg weider un der Renovatioun vun eisem Sall. Den 16.Juni ass Pobeiersammlung leider hun d’CaraPio do ee W.E mir brauchen also ganz fill Leit… R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschdeg de 16.06 ass Pobeiersammlung, r.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Well d’CaraPio do ee W.E hun  si mir nach méi op DENG Hëllef ugewisen. Elo schons en decke MERCI!

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/1300/feed 0
Scoutsziedel bis den 26. Juni 2010. http://lgspeiteng.lu/lb_LU/449 http://lgspeiteng.lu/lb_LU/449#respond Tue, 15 Jun 2010 19:11:38 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=449 Continue reading Scoutsziedel bis den 26. Juni 2010. ]]> Fir all déi wou mat op den „Mini Interville“ waren:
Dir waart einfach genial!! Een decke MERCI dass dir iech esou spontan décidéiert hutt fir beim „Mini Interville“ matzemaachen. Dir hutt ganz Péiteng bewisen dass een op d’Guiden a Scouten ziele kann. An zu gudder Läscht hutt dir och nach gewonn!! Dat ass SUPER ech sinn ganz houfreg op iech, an de Rescht vum Grupp bestëmmt och!
Guy
Fir all d’Wëllefcher:
Salut Wëllef, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 19. an den 26 Juni all Kéier vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kierch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Wéi dir wësst gi mir geschwënn op den nationalen Camp, dir kritt nach een extra Ziedel mat allen Informatiounen déi dir braucht. Do sinn och Ziedelen déi mussen ausgefëllt ginn, frot är Elteren dass si dat esou séier wéi méiglech maachen, si sollen déi ausgefëllten Ziedelen bis e Freideg den 18.6 beim Claire Dording ofginn; hei seng Adress: [frot d’Adress iwwert eisen Kontaktformular un. –Gilles].
Fir all d’ AvEx:
Samschdes den 19. Juni hu mir KENG Versammlung. (D’Chef hunn e W.E.).
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kierch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Den 26. Juni ass normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 Auer um Bierg.
Fir all CaraPio:
Samschdes den 19. Juni hu mir KENG Versammlung. (D’Chef hunn e W.E.).
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kierch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Den 26. Juni ass normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 Auer um Bierg.
Fir all d’RaRo:
Samschdes den 19. Juni hu mir KENG Versammlung. (D’Chef hunn e W.E)
Nationalfeierdag gi mir mat an den Te Deum, den zu Lamadeleine an der Kirch ass. Mir treffen eis an Uniform um 9:00 beim ale Pompjeesbau a fueren dann mam Bus op Lamadeleine, géint 12:00 fuere mir erëm zeréck.
Den 26. Juni ass normal Versammlung vun 16:00 bis 18:00 Auer um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Den 3. Juli ass Pabeiersammlung.
Fir all d’Chef:
Dëse W.E. ass et endlech esou weit da gi mir op de Chef-Weekend, wann s du et nach net gemach hues da mellt dech séier un! Mir treffen eis Samschdes um 10:00 um Bierg. Matbréngen: Carry Matte/ Schlofsack/ Gamelle/ a waat een soss esou brauch. Et wier super wann s du dech gings informéireren wéi eng Konstruktiounen een mat Naturmaterialien ka bauen fir am freien ze iwernuechten, an engems fënns du jo och vileicht een super Eintopfrezept… dann bréng et mat! De W.E. ass Sonndes géint 17:00 eriwwer.

]]>
http://lgspeiteng.lu/lb_LU/449/feed 0