De Wandercamp “100 Joer Estland” vun de Péitenger CaraPio war vum 17. – 26. Juli 2018. Dobäi ware 7 CaraPio an 2 Chef. Mir hunn an Tallinn ugefangen an eis uschléissend Wanderung huet eis op Plaze bruecht wéi Rõuma, Matsalu, Pärnu a Loksa.
Fotoe vum Gilles Glod a Claude Scholtes.
Tag Archives: CaraPio
Fotoe vu Struthof
Fotoen: CaraPio Versammlung
Fotoen: JoCaPi 2007
CaraPio Fotoen! Huay! Souer hu mer der net vill, also wann e puer fotografesch begaabt CaraPio wëllen dass Fotoen vun hiren Versammlungen, Campen an sou weider op den Site kommen, mellt iech um Site un a frot dann iwwert den Kontaktformular als Fotograf aktivéiert ze gin. Dat selwecht gëllt natierlech och fir all déi aner Branchen.
Hei sinn e puer Fotoen vun der JoCaPi 2007, den 25. Mäerz war dat fir genee ze sinn. Leider weess ech net wou et war, mä dat seet mer bestëmmt een an den Kommentaren. [Update: Den Fränz sot mer an enger E-Mail dass dat do zu Eschduerf war.] Leider sinn d’Fotoen net immens grouss, dat ass leider déi beschten Opléisung an der mer se hunn.