Tag Archives: Chrëschtmaart

Infoziedel bis den 19. November 2016

Ukennegung vum Grupp:

Eise laangjärege Gruppechef den Guy Zoller huet säin Amt als Gruppechef un déi nächst Generatioun weiderginn. Déi nei Gruppecheftaine ass elo d‘Claire Dording. Den Guy geet eis awer net verluer; hien bleift aktive Member an der Guilde.

Fir Iech alleguer :

1)     Cotisatiounen

Et ass nees un der Zäit fir de Joresbäitrag ze bezuelen. Des Suen ginn integral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerwisen. Duerch d’bezuelen vun der Cotisatioun ass äert Kand verséchert a kritt e puer mol am Joer eng Festschreift geschéckt. Iwwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15 Euro fir dat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto. Vergiesst net den Numm vun ärem Kand derbei ze schreiwen. Villmools Merci ! P.S. D’Mataarbechter a Chef brauchen keen Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mécht dat fir si als kleng Unerkennung fir hir Aarbecht.

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

2)     Umeldungen fier den GoUrban

Dëst Joer fënnt en groussen internationalen Camp um Kierchbierg an der Stad statt, den GoUrban. Do kennen all Branchen matmaachen, vun deenen klengsten Biber bis zu den RaRo an Albatrossen. Dat gëtt eng super Geleeënheet fier Scouten aus dem ganzen Land an souguer aus friemen Länner kennenzeléieren! Also verpasst den GoUrban net an mellt iech bei äre Brancheresponsabalen un! Weider Detailer fannt der an der Annexe an op http://www.GoUrban.lu. Mataarbechter an Leit déi am Staff wëllen mat hëllefen sollen sech elo schonns selwer op https://join.GoUrban.lu umellen.

3)     Aktioun Adventskränz :

Wéi all Joer hu mir e Stand um Nikloosmaart. Mir sinn den 2, 3 an den 4 Dezember virum Stadhaus, fir flott Arrangementer ze verkafen. Mir freeën eis op äre Besuch! Opgepasst: um Maart selwer wäerten mer dëst Joer keng Adventskränz verkafen, duerfir  profitéiert vun dëser Aktioun a bestellt e Kranz per Telefon beim Claire Zwick (691309108). Detailer fannt der an der Adventskränz 2016 Annexe.

Fir d’Biber :

Léif Biberturtles den 12. an den 19 November treffen mer eis um Prënzebierg fir d’Welt ze retten ! Mer erwaarden iech vun 14:00 bis 16.00 Auer. Bis dann !

Fier d’Wellef :

Dir léif Wëllef, mir hoffen dir hat eng schéin Vakanz. Den Wanter steet virun der Dier, et gëtt kal an naass dobaussen. Den 12ten November hunn mir eng Versammlung dobaussen, ditt iech dofir waarm un an bréngt een Täschemesser mat. Den 19ten November besichen mir den Biobauerenhaff “Jeekelshaff” zu Péiteng. Mir treffen eis dofir um 14h00 ënnen um Bierg um “Parking”. Och des Versammlung dauert wei gewinnt bis 16h00. Falls dir nach zu iergend eppes zousätzlech Froen hutt kennt dir dem Alex (691 177 773) uruffen.

Fier d’Avex :

Hallo Avex, mir hun déi 2 nächst Samschdeger , den 12 an den 19 November normal Versammlung um Prënzebierg. Mir gesinn eis also allkéiers vun 14:00-16:00 Auer.

Fir d’Carapio :

En décke fette Wëllkomm un all eis nei Memberen! Mir leeën direkt no eiser cooler Montée nees lass. De Samschden 12. an 19. November ass all Kéier Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg. Iwwerleet iech zwou Saachen: wat mer als nächst Entreprise starte wëllen, an wou erëm et an eisem nächsten Theaterstéck goe soll!

Fir op de Kalenner: dëst Joer ass den Iron Scout vum 21. Owes bis den 23. Abrëll Mëttes. Mir trëppelen dëst Joer nees ronderëm Clierf. Weider Detailer kommen nach no.

Fier d’ RaRo :

Muer den Owend den 07. November gesinn mer eis um 20 Auer beim Micha doheem (32, J.B. Gillardin) fir déi lescht Saachen fir den „Péitenger fir 1 Dag“ ze preparéieren . Deen Event wäert dann den Samschden 12 November sinn. Den Samschden 19 November ass keng Versammlung.

Fier d’Albatrossen:

No gelongenem Montéesweekend steet déi nächst Aktivitéit am Kalenner. Den 12. November hëllefen mir den RaRo bei hirem Event um Prënzebierg. Sot einfach dem Christelle Bescheed (per FB oder SMS), ob mir iech fir deen Owend aplangen kennen. Mir treffen eis um 16.30 beim Péitenger Chalet. Bis dann!

Fier d’Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Samschdes den 19. November gi mir Äscht schneiden, fir d’Adventskränz. Mir treffen eis um 8.30 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau. Be prepared a bréngt : E Secateur, waarmt Schaffgezai an Händsche mat. An der Woch vum 21. November schaffe mir vu Méindes bis Freides all Owend vun 19°° un um Bierg fir de Bazar.

Aktioun Adventskränz

Wéi all Joer maachen déi Péitenger Guiden a Scouten och dëst Joer Adventskränz. Fir kënnen ze garantéieren dass jiddereen e Kranz ka kréien, bidde mir dëst Joer fir d’éischt dësen Bestellservice un. Maacht w.e.g. Reklamm an ärem Frëndeskrees, mat dëser Aktioun ënnerstëtzt Dir déi Péitenger Guiden a Scouten. Opgepasst: Um Adventsmaart, hu mir Arrangementer, Wuerzelen …., awer bal keng Kränz méi, duerfir ass et wichteg dass dir een bestellt.
Fir ze bestellen ass ganz einfach: Rufft no 18°° Auer bis spéitstens de 20.November beim Guy Zoller um 691435358un. Sot him wéi e Modell dass dir wëllt a vergiesst net him Är Adress ze soen. Freides
owes de 26. November kritt dir de Kranz heemgeliwwert.

Cette année, vous avez la possibilité de commander une couronne d’avent par téléphone. Ceci est très facile: Il suffit de téléphoner après 18 heures jusqu’au 20 novembre à Guy Zoller au 691435358.
Veuillez indiquer le modèle souhaité et n’oubliez pas de préciser votre adresse. Les scouts vont vous livrer votre couronne le 26 novembre à domicile. Attention : Le nombre de couronnes qui sont vendues par nos soins au marché de St. Nicolas est très restreint, pour être sur d‘en recevoir une, il vaut mieux la réserver
d’avance.

Modell “Roud”

Modell “Blanc-Cassé”

Modell “Blo”