Tag Archives: Jocapi

Esch-Pénts op 5. Plaz um JoCaPi 2016 zu Eschduerf!

Hurra, de Grupp Esch-Pénts huet di 5. Plaz beim JoCaPi 2016 errongen! Moment emol… Esch-Pénts? Majo dat waren Esch-Grenz, Péiteng an den Cents. Mir hunn eis zesummegeschloss fir een Team ze stellen! An trotz dem Wieder (e Mix aus Sonn, Schnéi a Knëppelsteng) krute mer net de Kéis mä mir hunn eis Bescht ginn bei de coole Spiller déi d’Eschduerfer Guiden a Scoute (d’Gewënner vum JoCaPi 2015) fir eis präparéiert haten.

Mir freeën eis schonn op d’JoCaPi d’nächst Joër, déi Kéier dann bei de Bartrénger Guiden a Scouten, dene mir fir hir Victoire haut gratuléieren.

 

Scoutsziedel bis den 30.Abrëll 2016

Fir all d’Biber:

Sieft gespaant Super-Biber, mer hun Grousses fir. Déi gréisst Helden vun den Superhelden sin op enger Weltrees an een vun hieren Zweschenstops ass aus Zoufall hei an eisem klengen Lëtzebuerg an den Hotel wou sie iwernuechten ass och keen Hotel mee en Chalet (et muss méi gespuert gin!!!) D‘ Biber wären keng Biber wann sie déi Super-Superhelden nët géingen Welcome heeschen. Der musst onbedingt do sin.
P.S.: Vileicht gëtt ett jo en klengen Autogramm ?  Der musst onbedingt de 16., den 23.  an den 30.Abrëll vun 14:00-16:00 op de Prenzebierg kommen.

Fir all d’Wëllefcher:

Dir léif Wellefcher, nodeems den Mario uewen op den Traapen ukomm as, an hien déi grouss schwéier Diir opgemaat hat, huet hien erréicht richteg erkannt wou en dru war. Donkeykongland. Donkey_KongWeit hannen huet een eng Stëmm héiren em Hellef rufen. … Dir gesidd de Samschden 16. Abrëll gidd dir all gebraucht, mir treffen eis dofir wei emmer vun 2 bis 4 um Bierg.

Den 23ten Abrell gin mir zesummen op den Wellefchersweekend, Hei sinn d’genau Detailer zum WE: Den WE kascht 30 € op de Kapp. De Weekend as am Chalet Ranch Moot zu Woltz. En geet moies um 10h30 un an dauert bis Sonndes  den 24. Abrëll 16h00, mir treffen eis all Kéier zu Péiteng op der Gare. Fir déi, déi nach net ugemellt sinn, sollen dat sou séier wei méiglech beim Alex um 691 177 773 maachen. Mat ze huelen sinn:
Fir den Chef oofzegin: Fiche médicale F09A hei cliquen, Kopie vun der Impfkaart/ Kopie vun der carte de sécurité sociale / Suen fir de WE.
Fir an de Rucksaak: Schlofsaack* Täschemesser* Gezei fir all Wieder fir 2Deeg* Wellefchersmethode (klengt gielt Buch)* Wäschtrousse* Déck Schung* Bidon*
Fir weider Infoen oder Froen kennt der den Alex um 691 177 773 erreechen, och während dem Weekend.

Den 30ten Abrell as keng Versammlung. Daat as den Weekend vum eischten Mee.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, Samschdeg, den 16.04 an den 23.04 , hu mer vun 14:00-16:00 Auer Versammlung. Kommt alleguer, well mir fänken eis nei Entreprise un.

Samschdes, den 30.04, machen mir mat beim Spill “Mister X”, wat an der Stad gespillt gett. Dat ganzt ass organiseiert vun den AvEx vu Kiem an dauert ongeféier vun 14:00-17:00. De Fredi schekt iech d’Détailer wann der iech ugemellt hut. Umellen kennt der ierch bis 19.04 beim Fredi, um 621 472 510, per SMS!

Camp-Info: Falls een et soll verpasst hunn, eise Camp ass vum 16.07-24.07. Weider Detailer kommen méi speit no.

Fir all d’CaraPio:

Flott dass der zu vill un der Pabeiersammlung konnt Deel huelen, mir si gutt viru komm.

Eis nächst Versammlung ass de Samschdeg den, 16. Abrëll vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Denkt drunn d’Material fir eis selwergemaachte Feierstarter mat ze brengen.

Sot w.e.g. dës Woch virun e Freideg engem CaraPio Chef Bescheed ob der interesséiert sidd fir mat op de Camp a Schweden ze goen.De Samgden, 23. Abrëll ass keng Versammlung.De Sonnden, 24. Abrëll ass JoCaPi zu Eschduerf. RDV ass Sonndes moies an aller fréi um 07:00 beim ale Pompjeesbau (rue de la Chiers). Mir fueren zesummen am Auto dohinn. Schluss vum JoCaPi ass gewéinlech géint 18:00. De Gilles bréngt iech owes heem. Den 30. Abrëll ass nees normal Versammlung.

Fir all d’RaRo: 

Leif RaRo, no der Ouschtervakanz starten mier erem Samsden den 16. Abrell mat eiser Versammlung déi vun 16-18h ass. Brengt Schaffhändschen, gudd Laun, schnessegt Mondwierk an äer Spiller mat (déi dir gesicht hudd, oder bis dohinner fannen sollt J (Mier schwätzen och iwwert Weekend an Hike asw) Samschdes den 23. an den 30. Abrëll hu mier all Kéier 16-18h Versammlung.

Fir all d’Chef:    

Den 26.04 ass Grupperot um 20°° beim Guy

Läschte Scoutsziedel fir d'Joer 2015

Fir iech alleguer: 1)Friddensliicht Samschdes, den 19. Dezember verdeelt d’Guilde vun de Péitenger Guiden a Scouten no der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet d’Friddensliicht. Hei kritt jidfereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees oder an der Noperschaft weiderzeverdeelen.Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.20 Auer an Uniform firun der Kiirch. D’Elteren, Bridder a Schwesteren, Frënn a Bekannten … sin härzlech wëllkom! 2)Rappel Cotisatiounen: E puer Leit hun d’Cotasatioun nach net bezuelt. Macht daat w.e.g elo, well et muss een d’Cotisatioun bezuele fir kenne Member bei eis ze sin! Den eelsten aus der Famill bezillt 15 Euro, déi aner bezueln 12 Euro.Iwerweist d’Suen w.e.g, op de Konto vun eisem Grupp =>LGS Grupp Hellege Franz vun Assisi Péiteng => BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 Dest ass den läschten Ziedel fir dest Joer, duefir profitéiren ech vun der Geleegenheet, fir jidferengem fir seng Mathellef , a sein Engagement uechtert d’Joer MERCI ze soen. D’Cheféquipe wënscht Iech an Ärer Famill schéin Kreschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2016.

Fir all d’Biber: Moien leif Biber, mat Iessen soll een net spillen mee… daat mecht awer esouuuu vill Spaass J  dofir kommt den 5. Dezember op den Prenzebierg.Fir den 12. Dezember muss der iech iwerraschen loosen JDen 19. Dez. soll all Biber dei schèinsten Krëschtbull matbrengen déi en doheem fennt fir de Beemchen um Bierg ze dekoreieren an well mer deen Daach eis Krechtfeier maan iessen mer an drenken mer eppes klenges leckeres J Wei emmer vun 14:00-16:00 um Prenzebierg. Liest och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’Wellefcher: Dir léif Wellef, d’Joer as baal eriwer an et as gleich Vakanz. Fir dest Joer gebührend Oofzeschleissen gin mir den 5ten Dezember zesummen op d’Kockelscheier Schlittschung fueren. Dofir treffen mir eis um 14h00 zu Peiteng ob der Gare an sin fir 18h15 erem zreck. Et Kascht 5Euro pro Person an dir kennt nach 5Euro Täschengeld matbrengen. Eis Chreschtversammlung as dann den 12ten Dezember vun 2 bis 4 um Bierg. Do backen mir Kichelcher. Brengt fir dei Versammlung weg eng Chreschtboulle an een Kado ( deen net mei wei 5Euro kascht) mat. Den 19.Dezember ass keng VersammlungFir den Rescht wenschen mir Wellefchef iech alleguerten elo schon schein Chreschtdeeg an eng erhuelsam Vakanz Liest och bei: Fir iech alleguer.                  Fir all d’AvEx: Salut AvEx, Samschdes den 05.12. an den 12.12 hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Samschdes den19.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 3 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganzVersammlung dobaussen.Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all CaraPio:

De 5. an 12. Dezember hu mir Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir fuere weider mat eiser Survival Entreprise. Bréngt är Täschemesser mat an ditt iech dem Wieder no un. Brengt alleguer 3 Ideen fir den Theater mat. Den 12.12 ass moies Pabeiersammlung, r.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Mir zielen op DECH!  Liest och bei: Fir iech alleguer. Opgepasst: De Sonnden 24. Abrëll ass JoCaPi am Eisléck. Dëst ass e Rally wou CaraPio aus dem ganze Land géinteneen untrieden. Fotoe vun de leschten JoCaPis fannt der hei: http://lgspeiteng.lu/?s=jocapi Mir mussen eis mat Zäiten als Grupp umellen. Wee wëll mat goen soll bis spéitstens den 14. Dezember e Virement maachen wéi hei drënner beschriwwen. Mir huele just déi mat wou rechtzäiteg iwwerweisen a kënnen no der Umeldung keng Sue méi zeréck ginn.

15€ LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 Vermierk: JoCaPi 2016 Numm vum Kand

Fir all d’RaRo: De 5. Dezember hu mir Versammlung. Den 12.+13. Dezember ass eis RaRo Montee, natierlech fängt den Weekend reicht ab 16 h un. Samschdes moies hoffe mir iech op der Pabeiersammlung ze gesinn.De 19. Dezember hu mier och eng Versammlung wou mier dono all zesummen op den Benny and the Bugs Concert on Neihaischen an Keltenhaus fueren ( didd ierch warm un ) Liest och bei: Fir iech alleguer. Neies vun der Guilde : Mettwochs de 9.12 Keelenowend mat Agape Rendezvous um 19:00h am Café Müller zu Lampech.Menü: Choucroute bien garnie mat Dessert a Kaffi fir 21,00 EURUmelle bis Méindes, 7.12., 12:00h um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu Sam. 19.12.: 14:00h Wanterwanderung iwwert de Prënzebierg Rendezvous ënnen an der Belle-vue-Strooss (Coin-de-terre-Lokal)17:30h Mass mat Friddensliichtfeier an der Kierch zu Péiteng/19:00h Chrëschtveillée, am Chalet um Prënzebierg, animéiert vum Renée. Duerno: Träipeniessen Mir organiséieren no der Mass eng Transportméiglechkeet fir déi, déi Problemer hu fir op de Bierg ze kommen; bei der Umeldung mat uginn w.e.gl.Umeldung bis den 14.12. um Tel. 50 32 71 oder 621 414 040 (Schlottert) oder Mail jschlott@pt.lu Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:   Samschdes de 12.Dezember an de 9.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons en decke MERCI. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Scoutsziedel mat Infoen iwert Buergbrennen, Theater, Pabeiersammlung, Splash…

Fir iech alleguer:
Well de läschten Ziedel esou kleng war, gëtt desen extra grouss.

Buergbrennen:
Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e SAMSCHDEG den 16. Februar. Den Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaang. Jidfereen wou beim Orpichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen,den Grill steet schons prett.
Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu SAMEDI le 16 février. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.

Theater
Mir spillen Freides den 1.März a Freides den 8.März um 19°°Theater am Home St.Hubert zu Péiteng. Et gët gespillt:
Biber: Op der Juegd
Wëllefcher: Chaos am Märchenland
AvEx: Hold-up fir e gudden Zweck
CaraPio: Een schrek(lecht) Djungel Erliewnis
D’Cheféquipe an Matarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter:? D‘Verleenheetskand
De  Rido ass um 19°° (d’Kanner déi matspillen sollen um 18.30 am grousse Sall sin.)? Den Präis ass 8 Euro fir Erwuessener an 4 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis. Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet. Dir kennt Är Plaatzen vun elo un beim Kim Staudt :621197160 oder beim Vanessa Sauerwein 691911806 no 18°° reservéiren.
P.S Wann dir eis e bessen wellt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wellt gin, dann gidd Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmols Merci am viraus!

Aktivitéiten vun der Guilde des Scouts Adultes vu Péiteng:
Elteren,Matarbechter,Chef a fréier Guiden a Scouten sin härzlech wëllkomm!

  • Keelenowend Donneschdes de 7.Februar : R.d.v um 20°° am Café Porte de Lamadelaine. Mellt iech beim Martine Schlottert um 621414040 un.
  • Familjensortie Samschdes den 23.02: Fousstour vum Schack op Kenzeg(7km). Fir d’Mettegiessen op de Kéinzeger Weiren sollt dir iech bis den 16.02 beim Martine Schlottert ugemellt hun.
  • Familjensortie Sonndes den 17.März:  Fousstour vu 5km op den Vesquenhaff bei Déifferdeng. R.d.v um 14°° op der Maartplatz (mir fuere mat Privatautoen)

Firwetzeg? Da kommt einfach emol kucken.

Fir all d’Biberen
Mir hun den 2.Februar vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.? Den 9.2 ass KENG Versammlung.
Samschdes den 16. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt.
Hei eis Theaterprouwen am Home: Vun 17.30-18.30: Méindes 4.02/ Mettwochs 6.02/ Méindes 18.02/ Mettwochs 20.2. Vun 17°°-18.30: Denschdes 26.02/ Donneschdes 28.02/ Denschdes 05.03/ Donneschdes 07.03
Samschdes den 23.02 hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.

Fir all d’Wëllefcher:
Mir hun den 2.Februar vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg, mir bauen un de Kulissen fir eist Theaterstéck.
Den 9.2 gi mir op de FUESBAAL vun de Beetebuerger Scouten. Mir treffen eis verkleed um 13.10 zu Péiteng op der Gare a sin um 18°° erem zu Péiteng op der Gare. Brengt 10€ Täschegeld mat.
Samschdes den 16. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt.
Hei eis Theaterprouwen: ?Méindes04.02/ Mettwochs 06.02/ Méindes18.02/ Mettwochs 20.02/ Méindes 25.02/ Mettwochs 27.02/ Méindes 4.03/ Mettwochs 6.03  All Kéier vun 18.30-20°° zu Péiteng am Home.? Samschdes den 23.02 hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg

Fir all d’ AvEx:
Den 2.2 fuere mir op Nidderanwen op de SPLASH: Sidd all an Uniform a vergiesst är Schwammsachen net! Déi wou hir Pätter/Giedellëschten nach net ofgin hun, sollen déi och matbrengen. Mir fueren mat Zuch a Bus r.d.v ass um 13°° zu Péiteng op der Gare (den Zuch fiert um 13:14 Auer). Mir sin um 18:30 nees zerëck. Den 9.2 ass KENG Versammlung.
Samschdes den 16. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt.
Hei eis Theaterprouwen: Denschdes 05.02/ Donneschdes 07.02/ Denschdes 19.02/ Donneschdes 21.02/ Méindes 25.02/ Mettwochs 27.02/ Méindes 04.03/ Mettwochs 06.03 All Kéier vun 17-18.30 zu Péiteng am Home.
Samschdes den 23.02 hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg

Fir all d’CaraPio:
Den 2.2 fuere mir op Nidderaanwen op de SPLASH: Sidd all an Uniform a vergiesst är Schwammsachen net! Déi wou hir Pätter/Giedellëschten nach net ofgin hun, sollen déi och matbrengen.Mir fueren mat Zuch a Bus r.d.v ass um 13°° zu Péiteng op der Gare (den Zuch fiert um 13:14 Auer). Mir sin um 18:30 nees zerëck.
Den 9.2 ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross.Et ass WICHTEG dass DU eis hëllefs . ?Fir d’Buergbrennen:Donneschdes 14.02 a Freides den 15.02 treffe mir eis um 14°° beim aale Pomjeesbau fir Fäsche machen ze goen.
Samschdes den 16.02  richte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gett wieder geschafft bis d’Buerg steet.
Hei eis Theaterprouwen:?5, 7, 19, 21, 26, 28 Februar an den 5 a 7 März all Keiers vun 18h30 bis 20h00 am Home zu Peiteng. An der Versammlung vum 23. Februar (14°° bis 16°°) filmen maer eist Steck.
Jocapi: 14. Abrëll ass et nees esou weit. D’Centser CaraPio lueden an zesummen mam Blanne Jang an dem Siggy vun Lëtzebuerg d’Stadt nei ze erliewen, kuerz gesoot d’JoCaPi rifft erëm! Et erwaarden ierch rëm vill Spass, e flotten Rallye mat spannenden Spiller!Wann daer well mat goen, dann iwerweist bis speitstens den 4. Febraur 13EUR ob den Kompte : LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mat dem Vermiek JOCAPI + ären Numm.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef an d’Guilde:
Den 9.2 ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Well Vakanz ass si mir op all Hëllef ugewisen. Elo schons MERCI fir DENG Hëllef.
Fir d’Buergbrennen: Donneschdes 14.02 a Freides den 15.02 treffe mir eis um 14°° beim aale Pomjeesbau fir Fäsche machen ze goen. Samschdes den 16.02  richte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gett weider geschafft bis d’Buerg steet.