Tag Archives: Keelen

Programm vun der Guilde Mee – Juni 2015

 Don. 23.04.: Keelenowend

am Café Müller zu Lampech um 20:00h.

9.Mee Generalversammlung vun der Guilde um 19°° am Chalet um Prënzbierg

Ordre du jour:
1. Usprooch vum President
2. Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin
3. Keessrapport vum Trésorier
4. Rapport vun de Keess-Kontroller
5. Zoustëmmung vun de Rapporten an Décharge vum Comité
6. Wale fir de Comité a Konfirmatioun vun de Keesskontroller

Austriedent an erëmwielbar sinn:
Brosius Norbert
Scherer Georges
Schlottert-Didier Martine
Schlottert Jean
Kandidature fir de Comité gi vum President entgéintgeholl.

7. Festleeë vun der Cotisatioun 2016/17
8. Aktivéitsrapport vum Gruppechef
9. Aktivitéite vun der FLGS (Fréier Lëtzebuerger Guiden a Scouten
10. Zoukënfteg Aktivitéiten
11. Divers
12. Agape (Lënsenzopp mat Mettwurscht, Taart a Kuch, Kaffi)  offréiert vun der Clubskeess, ausser dem Gedrénks

Don. 14.05. (Christi Himmelfahrt):

Sortie (ganzen Dag, mam Privatauto) op d’Scoutskirmes zu Bilschdrëf.  Rendezvous A: um 10:00h zu Péiteng op der Maartplaz.  Rendezvous B: um 10:55h zu L-8811 Bilsdorf um Scoutsterrain, 10, rue Abbé Neuens
A. 11:00h: Scoutsmass um Terrain, duerno Apéritif
B. Mëttegiessen am Chalet.  Menü: Zopp, Fierkelshämmchen, Speckgromperen, Ierzen & Wuerzelen, Dessert aus der  Patisserie. Präis: 18.- EUR/Kapp  Umeldung beim Martine Schlottert bis den 7. 05.15,  Tel. 50 32 71, GSM 621 414 040, Mail: jschlott (at) pt.lu
C. “Promenade digestive” vun ± 2 Stonnen, Guide Georges Scherer
Intressenten, déi keng Méiglechkeet hu fir op Bilschdrëf ze kommen, kënnen dat bei der Umeldung mat uginn. De Comité organiséiert den Transport. (Et kann een och nëmmen deelweis matmaachen. Bei der Umeldung mat uginn, w.e.gl.)

Sam. 16.05.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss.

Mon. 1.06.: Comité

um 20:00h zu Péiteng am Home

Mon. 8.06.: Keelenowend (ausnahmsweis Méindes)

am Café Müller zu Lampech um 20:00h.

Sam. 13.06.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss.

Fir an den Agenda:

11.07.: Pabeiersammlung
19.07.: Grillparty zu Duelem (Dahlem)
22.08.: Pabeiersammlung

Scoutsziedel bis den 11.Oktober

Fir iech alleguer:

Läschte Samschden war eisen zweete Scout fir een Dag. Ech well op dëser Platz allen Elteren a Memberen Merci fir hire Besuch soen.

E ganz DECKE MERCI fir all CaraPio,RaRo, Chef, Guildemember a Matarbechter den gehollef huet fir dass alles esou gutt geklappt huet!!!!

Fir op de Kalenner : Eise Montéeswekend den ass fir Biber bis RaRo ass vum 25. bis de 26. Oktober

De Gruppechef

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 4. an den 11. Oktober all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Well mir fill dobausse sinn, ass et wichteg dass dir iech dem Wieder entspriechend undidd. Denkt och dru gutt fest Schung unzedoen.

Fir all d’Wëllefcher:

Léiw Wëllef, mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 4. an den 11. Oktober all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

En plus hu mir,… tadaaa …  wéi versprach um Camp, an an diversen Versammlungen vill Fotoen gemat an Videoen gedréint, gemat, geschoss, geknipst an op geholl. Déi dir alleguerten kennt gesin!! Dir misst dofir just een USB Stick vun mindestens 2GB mat bréngen. Am beschten schreift dir och ären Numm drop. Deen Stick kritt dir dann spéider gespickt mat Beweismaterial vun eis erëm.

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx, mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 4. an den 11. Oktober all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’CaraPio:

Leif AvEx, mir hunn déi zwee nächst Samschdeger, den 4. an den 11. Oktober all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Den 11. Oktober ass Pabeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Léngerstross.

Fir all d’RaRo:

Den 04.10 hu mir normal vun 16-18h Versammlung.

Bis dohinner muss dier iech bei eis ugemellt hu fir den Lancement an Challenge eran ginn hunn, dofir bréngt do kreative, realistesch an machbar Ideeë mat.

Den 11. Oktober ass Pabeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.

11.-12. Oktober: Lancement W.E. Dat ganzt geet Samschdes um 18°° un an dauert bis Sonndes 16°°. Et ginn zwou Challengen wou mir eis preparéiere mussen kuckt op: www.lgspeiteng.com an an der Facebook Grupp.

Neies vun der Guilde:

Don. 2. Oktober: Nationale Guildendag zu Biekerech. Rendez-vous entweder um 9:00h zu Péiteng um Parking Sportshal oder um 9:50h zu Biekerech bei der „Biekerecher Millen“ an der Huewelerstrooss.

Mon. 6. Okt. : Comité.Um 20:00h am Home.

Sam. 11. Okt. : Pabeiersammlung. Rendez-vous um 8:30h op der Léngerstrooss.

Sam. 18. Okt. : Uucht um 20:00h am Chalet um Prënzebierg.Um Programm: A. Mir fabrizéieren eise Foulardsrank (Modell Tête de turc) selwer, ënnert der fachmännescher Leedung vum Lex Felten.

E Liederstréckel kascht ~0,50 €.B. Projektioun vum 1. Deel vun historesche Filmer iwwer d’Scoutsaktivitéiten aus de Joren 1958/59, gedréint vun eisem Member Fernand Godart, deemools Rover.

Don. 23. Okt. : Keelenowend zu Lampech am Café Müller. Uspill um 20:00h.

Fir all d’Chef:

De nächste Grupperot ass en Dënschdeg den 7.Oktober um 20°° um Bierg

Fir all d’Carapio, RaRo, Mataarbechter, Guildememberen a Chef:

De 11. Oktober ass Pabeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.Elo schonns en decke Merci fir all Hëllef.

Scoutsziedel bis de 14. Juni

Fir iech alleguer:

20100521bealtaineD’Letzebuerger Guiden a Scouten invitéiren de 7. an 8. Juni op de groussen Keltefestival de Bealtaine um Neihaischen. De ganzen Daag gi flott Aktivitéite fir grouss a kleng gebueden. Weider Informatioune fannt dir op: www.bealtaine.lu

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, mir hun déi zwee nächst Samschdeger, den 24. an den 31. Mee all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Well mir fill dobausse sin, ass et wichteg dass dir iech dem Wieder entspriechend undidd. Denkt och dru gudd fest Schung unzedoen. De 7. an de 14. Juni ass keng Versammlung, elo schons eng schéin Vakanz gewenscht.

Fir all d’Wëllefcher:

Den nächsten Samschdeg, den 24.Mee ass wèi gewinnt Versammlung um Bierg vun 14°°-16°°.

Samschdes den 31. Mee fuere mir op Déifferdeng an d’Schwemm. Mir treffen eis um 13.45 an Uniform (wann dir eng hutt) zu Péiteng op der Gare. Matbrengen: Schwammsachen, Ärmecher fir de Fall wou dir iech net secher sidd, eng enk uleiend Schwammbox an 12 Euro fir d’Entree an Täschegeld. Mir sin um 18:05 Auer nees zu Péiteng op der Gare.

De 7. an de 14. Juni ass keng Versammlung, elo schons eng schéin Vakanz gewenscht.

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx, mir hun déi zwee nächst Samschdeger, den 24. an den 31. Mee all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. WICHTEG:Fir d’Versammlung vum 31. Mee, muss jiddereen e Schwammbrell matbrengen.

De 7. an de 14. Juni ass keng Versammlung, elo schons eng schéin Vakanz gewenscht.

Fir all d’CaraPio:

Mir gratuléieren de Member aus eisem Grupp déi um Iron Scout getrëppelt sinn! Zesumme si si 332 Kilometer gaang an hunn 1100€ fir de gudden Zweck gesammelt. Bravo!

De 24. an 31. Mee ass Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg. Denkt drun fir de 24. Är Ideen an d’Material fir d’Versammlung matzebrengen déi dir firbereed hut, och e Becher an äert Täschemesser.

De 7. an de 14. Juni ass keng Versammlung, elo schons eng schéin Vakanz gewenscht. De 7. Juni ass Pobeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.

Fir all d’RaRo:

Den 24. Mee hun mier wei gewinnt 16°°-18°° Versammlung. Brengt Schaffhändschen mat.

Den 28. Mee ass den Rarotreff zu Duelem ( bei Filsdorf) Umellen bis den 24. Mee beim Yannick (691886622) oder beim Kim (621197160). Weider Infoen kritt dier dann. (P.s. Den 29. ass Christi Klamm-op-Daag , also genuch Zait fier auszeschloofen) . Dir kennt awer och gären op d’Guidekiirmes fueren (liest bei der Guilde)

Den 7. Juni hun mier keng Versammlung mee do ass Pabeiersammlung et wir flott iech zu fill do ze gesinn. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross.  De 7. An 8. Juni sidd dier och häerzlechst inviteiert op den Bealtaine op Neihaischen ze kommen. Den 14. Juni ass keng Versammlung.

Neies vun der Guilde:

Donneschdes, den 29. Mee  ass eng Sortie op Bilschdref op d’Guidenkiermes

Mir treffen eis zu Bilschdref. Um 10.30 Auer ass Mass. Mëttegiessen mat dem Menu: Prince Orloff fir 18 Euro. Umeldung bis spéitstens Dënschdeg den 20. Mee beim Martine Schlottert (Tel.: 50 3271 oder GSM: 621 414 040). Fir eppes vum Grill brauch een sech net unzemellen. Nom Iessen Fousstour vun Arsdorf op Koetschette (ongef. 5 km). Guide: Scherer Georges

Donneschdeg, den 4. Juni ass Keelenowend. Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale)

Fir all d’Chef:

De nächste Grupperot ass de 27.Mee um 20°° um Bierg.

Fir all d’Carapio, RaRo, Mataarbechter, guildememberen a Chef:

De 7. Juni ass Pabeiersammlung mir zielen op DECH. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schonns en decke Merci fir all Hëllef.

Scoutsziedel vum 26.04 bis den 3.05. 2014

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, mir hun déi zwee nächst Samschdeger de 26. Abrëll an den 3. Mee all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prenzebierg.

De 26. Abrëll kennt d’Lena eis besichen. Den 3. Mee mache mir flott Spiller dobaussen. Wéi dir gesidd et lount sech emmer derbei ze sin. Well et zou méi nach méi flott gett, wir et super wann dir e puer Kollege gingt matbréngen.

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, endlech ass et esou weit, et ass schéint Wieder, duefir si mir déi zwee nächst Samschdeger de 26. Abrëll an den 3. Mee dobaussen. R.d.v wéi emmer vu 14°°-16°° Versammlung um Prenzebierg. Didd am beschten eng laang Box un, dat ass besser, fir wann är Been mol gingen duerch eng pickeg Heck goen.

Bréngt onbedéngt fir de 26.4 eng kleng Holzkëscht mat vu mindestens 30x20x10 cm (z.Bsp.eng Orangekescht).

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx, hei sinn dei lächst Infoen zum Weekend.
Mathuelen am Rucksaack:Täscheluucht // Täschemesser // Becher // Gamelle +Besteck // Carrématt+Schlofsak fir dobaussen // Hygiensartikelen // Uniform+Foulard, Kleeder fir all Wieder // Ënnerwäsch a Strëmp // keng Elektronik oder Séissegkeeten

Matbrengen op de Prënzebierg: Fiche Médicale => hei klique Fiche méd_Péit_  // Jumboskaart wann en eng huet, falls net soll een de Chef Bescheet soen.

De Weekend kascht 20€, falls een Geschwester matgeet kascht et fir deejéinegen 15€.

Zur Erënnerung de Weekend fänkt de Freiden de 25. Abrëll  um 19:00 um Prënzebierg un. Schluss ass Sonndes géint 18:15, op der Gare zu Péiteng.

Samschdes, den 03. Mee ass normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00

Fir all d’CaraPio:

Den 26. Abrëll ass Versammlung vun 14-16. Fir den Atelier an deem mir Feierstarter selwer maachen braucht dir 1 Eerkëscht, 1 aal Käerz déi mer kënne schmëlzen an e puer Gräpp voll Fusemen déi der kënnt vum Filter an ärem Trockner sammelen. Wa gutt Wieder ass spille mer amplaz Volleyball mat eisem Netz dat mer um UK’an gewonnen hunn! Bréngt all e Ball mat.

Den 3. Mee ass keng Versammlung, är Chef si bei der RaRo Ekipp respektiv der Regionalekipp engagéiert. Moies ass Pabeiersammlung. Well relativ fill Leit net do sin  ass et extra wichteg dass DU derbei bass r.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss.

Rappel: Iron Scout. Dëse 65km Wanderhike ass vum 16.-18. Mee zu Klierf. Du kanns natirlech och manner weit goen. Preis: 30 Euro. Loscht op eng Erausfuederung? Da mell dech beim Kim um 621197160 un.

Fir all d’RaRo:    

Den 26.04 ass keng Versammlung well är Chef net do sin.

Vum 2.5-4.5 gi mir op den Nationalen RaRo W.E. op d‘ Neihaischen wou 45 Joer Route gefeiert gin. Daat ganzt kascht 50 Euro op de Kapp. Mell dech bis den 27. 4 beim Kim um 621197160 oder beim Yannick um 691886622 per SMS un a gëff déi 50 Euro + fiche médicale bei hinnen of.

Fir all déi Leit wou net mat op de W.E gin: Kommt w.e.g op d’Pobeiersammlung mir brauchen iech!!! R.d.v wéi emmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss.

Iron Scout och fir RaRo! Dese 65k.m Wanderhike ass vum 16.-18. Mee zu Klierf. Du kanns natirlech och manner weit goen. Preis: 30 Euro. Loscht op eng Erausfuederung? Da mell dech beim Kim um 621197160 un.

Neies vun der Guilde:

Donneschden, den 24. Abrëll 2014 ass Keelenowend Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale).

Méindes, den 28. Abrëll  ass Comité um 20 Auer am Home.

Samschdeg, den 3. Mee  ass Pabeiersammlung Rendezvous um 8.30 Auer op der Léngerstross.

Samschdeg, den 17. Mee  ass Generalversammlung. Mir treffen eis um Prënzebierg am Chalet. Detailer kommen no.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef:

Samschdes de 3.Mee ass Pobeiersammlung.Rdv wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Well relativ fill Leit net do sin (RaRo W.E. a Préparatiounen fir den Iron Scout)  ass et extra wichteg dass DU derbei bass. R.d.v wéi emmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss.En decke Merci fir DENG Hëllef!

Scoutsziedel bis den 22.März

Fir iech alleguer:

E grousse MERCI un déi vill fleisseg Hänn fir déi SUPER Matarbecht um Buergbrennen, esou mecht schaffe Spaass!!

Merci och un déi Leit, déi kucke komm sin, mir sin e bessen d’Opfer vun eisem Succés gin, ech hoffen déi Leit, déi net genuch z’iesse kruten sin eis net all ze béiss J

Fir all d’Biber:

Hallo léif Biber, Mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 15. an den 22. März wéi gewinnt vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, Mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 15. an den 22. März wéi gewinnt vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’ AvEx:

Salut léif AvEx, Mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 15. an den 22. März wéi gewinnt vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’CaraPio:

Salut léif CaraPio, Mir hun de 15. März vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Den 22. März hëllefe mir moies bei der Fréijorsbotz vun der Gemeng r.d.v ass um 9°° um Prënzebierg um 12.00 Auer gi mir op Lamadelaine e gudden Iertsebullie iessen. Nomettes ass da wéi gewinnt vu 14°°-16°° Versammlung um Bierg.

 Fir all d’RaRo:

Salut léif RaRo, Mir hun de 15. März vu 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Den 22. März hëllefe mir moies bei der Fréijorsbotz vun der Gemeng r.d.v ass um 9°° um Prënzebierg um 12.00 Auer gi mir op Lamadelaine e gudden Iertsebullie iessen. Nomettes ass da wéi gewinnt vu 16°°-18°° Versammlung um Bierg.

Neies vun der Guilde: 

Donneschden, den 20. Mäerz 2014 ass Keelenowend. Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale) Samschdeg, den 29. Mäerz 2014 ass Sortie op Schuller Depart mam Zuch um 9.43 Auer zu Péiteng op der Gare. De Fousstour ass ongeféier 8 km laang. Mëttegiessen ass am Restaurant „Osteria del Ponte“ 65, rue de la Gare – Schuller Gare. Menü à la carte Umeldung bis spéitstens e Dënschdeg, den 25. Mäerz beim Martine Schlottert Tel: 50 32 71 oder GSM 621 414 040. Och Netwanderer si wëllkomm.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef:

Den 22. März hëllefe mir moies bei der Fréijorsbotz vun der Gemeng r.d.v ass um 9°° um Prënzebierg um 12.00 Auer gi mir op Lamadelaine e gudden Iertsebullie iessen.