Weekend – LGS Péiteng http://lgspeiteng.lu Groupe Hl. Franz vun Assisi Fri, 29 Jun 2018 05:51:23 +0000 lb-LU hourly 1 https://wordpress.org/?v=4.9.6 Scoutsziedel vum 26.04 bis den 3.05. 2014 http://lgspeiteng.lu/2788 http://lgspeiteng.lu/2788#respond Wed, 23 Apr 2014 06:22:30 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=2788 Continue reading Scoutsziedel vum 26.04 bis den 3.05. 2014 ]]> Fir all d’Biber:

Léiw Biber, mir hun déi zwee nächst Samschdeger de 26. Abrëll an den 3. Mee all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prenzebierg.

De 26. Abrëll kennt d’Lena eis besichen. Den 3. Mee mache mir flott Spiller dobaussen. Wéi dir gesidd et lount sech emmer derbei ze sin. Well et zou méi nach méi flott gett, wir et super wann dir e puer Kollege gingt matbréngen.

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef, endlech ass et esou weit, et ass schéint Wieder, duefir si mir déi zwee nächst Samschdeger de 26. Abrëll an den 3. Mee dobaussen. R.d.v wéi emmer vu 14°°-16°° Versammlung um Prenzebierg. Didd am beschten eng laang Box un, dat ass besser, fir wann är Been mol gingen duerch eng pickeg Heck goen.

Bréngt onbedéngt fir de 26.4 eng kleng Holzkëscht mat vu mindestens 30x20x10 cm (z.Bsp.eng Orangekescht).

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx, hei sinn dei lächst Infoen zum Weekend.
Mathuelen am Rucksaack:Täscheluucht // Täschemesser // Becher // Gamelle +Besteck // Carrématt+Schlofsak fir dobaussen // Hygiensartikelen // Uniform+Foulard, Kleeder fir all Wieder // Ënnerwäsch a Strëmp // keng Elektronik oder Séissegkeeten

Matbrengen op de Prënzebierg: Fiche Médicale => hei klique Fiche méd_Péit_  // Jumboskaart wann en eng huet, falls net soll een de Chef Bescheet soen.

De Weekend kascht 20€, falls een Geschwester matgeet kascht et fir deejéinegen 15€.

Zur Erënnerung de Weekend fänkt de Freiden de 25. Abrëll  um 19:00 um Prënzebierg un. Schluss ass Sonndes géint 18:15, op der Gare zu Péiteng.

Samschdes, den 03. Mee ass normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00

Fir all d’CaraPio:

Den 26. Abrëll ass Versammlung vun 14-16. Fir den Atelier an deem mir Feierstarter selwer maachen braucht dir 1 Eerkëscht, 1 aal Käerz déi mer kënne schmëlzen an e puer Gräpp voll Fusemen déi der kënnt vum Filter an ärem Trockner sammelen. Wa gutt Wieder ass spille mer amplaz Volleyball mat eisem Netz dat mer um UK’an gewonnen hunn! Bréngt all e Ball mat.

Den 3. Mee ass keng Versammlung, är Chef si bei der RaRo Ekipp respektiv der Regionalekipp engagéiert. Moies ass Pabeiersammlung. Well relativ fill Leit net do sin  ass et extra wichteg dass DU derbei bass r.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss.

Rappel: Iron Scout. Dëse 65km Wanderhike ass vum 16.-18. Mee zu Klierf. Du kanns natirlech och manner weit goen. Preis: 30 Euro. Loscht op eng Erausfuederung? Da mell dech beim Kim um 621197160 un.

Fir all d’RaRo:    

Den 26.04 ass keng Versammlung well är Chef net do sin.

Vum 2.5-4.5 gi mir op den Nationalen RaRo W.E. op d‘ Neihaischen wou 45 Joer Route gefeiert gin. Daat ganzt kascht 50 Euro op de Kapp. Mell dech bis den 27. 4 beim Kim um 621197160 oder beim Yannick um 691886622 per SMS un a gëff déi 50 Euro + fiche médicale bei hinnen of.

Fir all déi Leit wou net mat op de W.E gin: Kommt w.e.g op d’Pobeiersammlung mir brauchen iech!!! R.d.v wéi emmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss.

Iron Scout och fir RaRo! Dese 65k.m Wanderhike ass vum 16.-18. Mee zu Klierf. Du kanns natirlech och manner weit goen. Preis: 30 Euro. Loscht op eng Erausfuederung? Da mell dech beim Kim um 621197160 un.

Neies vun der Guilde:

Donneschden, den 24. Abrëll 2014 ass Keelenowend Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale).

Méindes, den 28. Abrëll  ass Comité um 20 Auer am Home.

Samschdeg, den 3. Mee  ass Pabeiersammlung Rendezvous um 8.30 Auer op der Léngerstross.

Samschdeg, den 17. Mee  ass Generalversammlung. Mir treffen eis um Prënzebierg am Chalet. Detailer kommen no.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, D’CaraPio,d’Guilde an d’Chef:

Samschdes de 3.Mee ass Pobeiersammlung.Rdv wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Well relativ fill Leit net do sin (RaRo W.E. a Préparatiounen fir den Iron Scout)  ass et extra wichteg dass DU derbei bass. R.d.v wéi emmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss.En decke Merci fir DENG Hëllef!

]]>
http://lgspeiteng.lu/2788/feed 0
Scoutsziedel bis den 29. Oktober http://lgspeiteng.lu/1097 http://lgspeiteng.lu/1097#respond Mon, 10 Oct 2011 19:52:20 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=1097 Informatiounen fir de Montees W.E.

Chalet St. Georges

Wéi dir bestëmmt schonns wësst, wiesselen bei der Montée déi eelst vun all Branche, d’Branche. Dëst ass eng wichteg Etapp vun all  Guide/Scout. Fir dëst Evenement esou richteg zur Geltung kommen ze loossen, mécht de ganze Grupp e Weekend. Wou? De W.E. ass zu Wolz am Chalet St. Georges.
Depart: Mir treffen eis e Samschdeg den 15. Oktober um 13.45 Auer an Uniform (wann dir eng hutt) zu Péiteng op der Gare.
Mathuelen: Jumbokaart, oder E-Go Kaart, Täscheluucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sinn an eppes géint de Reen daachen), Schlofsak, deck Schung,déi ausgefëllten Fiche Médicale. Verpackt alles an engem Rucksak, den dir och droe kënnt. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen.Fir d’CaraPio, Rover a Chef: CarryMatte net vergiessen.
Umellen : Fir dass mir wëssen fir wéi vill Leit mir kache sollen ass et wichteg dass dir Iech bis e Donneschdeg umellt, (och d’Chef) beim Fredi Feller um 621472510 Merci ! Preis: De W.E. kascht 20 Euro fir den eelsten aus der Famill an 15 Euro fir all déi aner. Bezuelt w.e.g beim Depart.
Retour: Mir sinn Sonndes erëm um 17:51 Auer zou Péiteng op der Gare. Remarque: Well fill RaRo och gläichzäiteg Chef sinn, maachen d’CaraPio déi an d’RaRo ginn, hier Montée de Samschdeg drop. Du bass RaRo an net Chef? => Mell Dech un a géi mat op de W.E. Deng Hëllef gëtt dringend gebraucht.

Versammlungen

E Samschdeg, den 22 Oktober: D’Wellef, d’AvEx an d’CaraPio hunn wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
D’RaRo hun eng verlängert Versammlung fir hir nei Memberen opzehuelen. D’Versammlung dauert vun 16°° bis +/- 24°° Auer. An deser All-Inclusive Versammlung ass d’Heembrengen mat dran.
Den 29. Oktober geet d’Vakanz un, do ass keng Versammlung.

Fir all d’Matarbechter,CaraPio,Chef, an d’RaRo
Rüdiger NehbergE Samschdeg den 15. Oktober ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Léngerstross. Elo schonns e decke Merci fir deng Hëllef!
Samschdes den 29. Oktober kennt den Rüdiger Nehberg um 20°° e Virtrag zum Thema Survival-Abenteuer-Menschenrechte op Hesper haalen. De Mann huet 75 Joer an ass souzesoen de Grënner vum Survival. Eise Grupp huet Plazen resevéiert. De Virtrag gëtt vum Scoutsverband organiséiert an ass gratis. Wanns Du intresséiert  bass fir mat ze goen, da mell dech w.e.g. bis e Freiden (14.10) beim Guy un. Tel 691435358 (no 18°°). Weider Informatiounen iwwer den interessante Mann fannt dir op: www.ruediger-nehberg.de

]]>
http://lgspeiteng.lu/1097/feed 0
Scoutsziedel bis den 8. Oktober http://lgspeiteng.lu/1071 http://lgspeiteng.lu/1071#respond Wed, 28 Sep 2011 12:35:21 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=1071 Continue reading Scoutsziedel bis den 8. Oktober ]]> Fir iech alleguer
E Sonndeg den 2. Oktober ass d’Journée de la Commémoration nationale. Wéi all Joer huelen mir un de Feierlechkeeten,  déi dest Joer zu Lamadeleine sinn, deel. Mir treffen eis an Uniform (wenn eng huet) um 9.15 Auer  zu Péiteng beim ale Pompjeesbau, vun do aus fuere mir mam Bus op Lamadeleine. Mir gin mat am Cortège an duerno an d’Mass, géint 12°° Auer si mir erëm beim ale Pompjeesbau.

Fir all d’Wëllefcher
Salut léif Wëllef,  déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9. Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’AvEx ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’ AvEx
Salut AvEx, nächste Samschdeg den 1.Oktober gi mir richteg sportlech; mir maachen een Tour mam Vëlo. Mir treffen eis um 14°° zu Péiteng bei den Weieren um Parking vum Café Chalet Laangwiss. Bréngt alleguer e Vëlo, en Helm an e Bidon mat Waasser mat. Mir sinn um 18°° Auer erëm bei de Weieren. Falls et sollt reenen, gi mir trëppelen da sollt dir am Platz vum Vëlo uerdentlecht Reengezei matbréngen. An dem Fall braucht dir och keen Helm. De Samschdeg drop, den 8.Oktober hu mir vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9.Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’CaraPio ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’CaraPio
Salut alleguer, déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9. Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’RaRo an oder Chef ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’RaRo
Déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 16°° -18°° Versammlung um Prënzebierg. WEEN DEN 1.10 NET KANN AN DER VERSAMMLUNG SINN, SOLL DEM GUY SENG REZEPTER MAILEN. [Admin: maacht dat iwwert den Kontakt Formular oder op dem Guy seng Adress wann der se scho wësst.] Montées W.E: 15 an 16 Oktober => mir hëllefen um W.E kache a brachen….. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef
Virukennegung: Den 15. Oktober ass Pabeiersammlung

]]>
http://lgspeiteng.lu/1071/feed 0
Scoutsziedel bis de 25. September 2011 http://lgspeiteng.lu/1061 http://lgspeiteng.lu/1061#respond Fri, 26 Aug 2011 17:18:21 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=1061 Continue reading Scoutsziedel bis de 25. September 2011 ]]> Fir iech alleguer:
Als éischt Aktivitéit vum neie Scoutsjoer huele mir un der Feierlechkeeten zur Befreiung vun Péiteng Deel. Mir treffen eis den Sonndes 11. September an Uniform um 9°° beim Staatshaus vun do aus gi mir am Cortège an d’Mass, duerno bei d’Borne du Passeur. Den Ofschloss ass géint 11.45 Auer a Rousen.
Fir all d’Wëllefcher:
Salut léif Wëllef, endlech ginn d’Versammlungen erëm un!! Eis éischt Versammlungen  sinn den 17. an den 24. September all Kéier vun 14°° bis 16°° um Bierg. Bréng roueg deng Frënn mat! Lies och bei: Fir iech alleguer.
Fir op de Kalenner: Den 8. an 9. Oktober maache mir e Gruppe W.E wou d’Montée gemaach gëtt. Detailer kommen am nächste Bréif.
Fir all d’ AvEx:
Salut AvEx, endlech ginn d’Versammlungen erem un!! Eis éischt Versammlungen  sinn den 17. an den 24. September all Kéier vun 14°° bis 16°° um Bierg. Bréng roueg deng Frënn mat! Lies och bei: Fir iech alleguer.
Fir op de Kalenner: Den 8. an 9. Oktober maache mir e Gruppe W.E wou d’Montée gemaach gëtt. Detailer kommen am nächste Bréif.
Fir all d’CaraPio:
Salut alleguer, endlech ginn d’Versammlungen erëm un!! Eis éischt Versammlungen  sin den 17. an den 24. September all Kéier vun 14°° bis 16°° um Bierg. Bréng roueg deng Frënn mat! De 17.09 ass Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss elo schonns een decke Merci dass du derbäi bass. Lies och bei: Fir iech alleguer.
Fir op de Kalenner: Den 8. an 9. Oktober maache mir e Gruppe W.E wou d’Montée gemaach gëtt. Detailer kommen am nächste Bréif.
Fir all d’RaRo:
Eis éischt Versammlungen  sinn den 17. an den 24. September all Kéier vun 16°° bis 18°° um Bierg. De 17.09 ass Pabeiersammlung R.d.v ass wéi ënner um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss elo schonns een decke Merci dass du derbäi bass. Lies och bei: Fir iech alleguer.
Fir op de Kalenner: Den 8. an 9. Oktober maache mir e Gruppe W.E wou hëllefen. Detailer kommen am nächste Bréif.
Fir all d’Chef:
21.09 (Owes) Kongress zu Bartreng //25.09 Chefdag zu Bartreng. Umellen: beim Gilles Michels.

Fir all d’Matarbecher, d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
Den 19. September ass Pabeiersammlung R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss elo schonns een decke Merci fir all Hëllef!
Den 24.September ass Kleedersammlung Rd.v: Um 9°° beim ale Pompjeesbau.

]]>
http://lgspeiteng.lu/1061/feed 0
Scoutismus WE mat den Käerjenger AvEx zu Wolz http://lgspeiteng.lu/992 http://lgspeiteng.lu/992#respond Sun, 05 Jun 2011 07:00:24 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=992 D’Käerjenger a Péitenger Aventuren an Explorer waren zesummen an der Ouschtervakanz an den Scoutschalet Paradiso bei Wolz fir en ‘Scoutismus’ Weekend. An der Veillée war esou guer den B.P. héchstperséinlech op Besuch.

]]>
http://lgspeiteng.lu/992/feed 0
AvEx Weekend zu Woltz http://lgspeiteng.lu/879 http://lgspeiteng.lu/879#respond Thu, 07 Apr 2011 16:01:06 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=879 Continue reading AvEx Weekend zu Woltz ]]> Léif Avex,
Hei sinn d’genau Detailer zum WE: Den WE kascht 40 € op de Kapp (30 € fir dat zweet Kand wann et och an den Avex ass)Mir treffen eis Freides den 15. Abrëll um 14:50 op der Gare zu Péiteng an Uniform (den Zuch fiert um 15:09). Erëm sinn mer sinn mer Sonndes géint 14:15 zu Péiteng op der Gare.
Fir déi, déi nach net ugemellt sinn, sollen dat sou séier wei méiglech beim Fredi um 621 47 25 10 maachen.
Mat ze huelen sinn:
Fir op d’Gare:

  • Fiche médicale + Kopie vun der Impfkaart + Kopie vun der carte de sécurité sociale (gitt dat engem Chef op der Gare of éier mer fortfueren.)
  • Suen fir de WE (gitt déi och op der Gare of éier mer fortfueren)

Fir den W.E.:

  • Schlofsaack
  • Jumboskaart oder 2 Kuerzstreckebilleten
  • Täschemesser
  • Gezei fir all Wieder fir 3 Deeg
  • Avex-Pass
  • Picknick fir Freides owes
  • Wäschtrousse
  • Déck Schung
  • Bidon

Fir weider Infoen oder Froen kennt der dem Fredi um 621 47 25 10 erreechen, och während dem Weekend.

]]>
http://lgspeiteng.lu/879/feed 0
Scoutsziedel bis den 13. November 2010 http://lgspeiteng.lu/655 http://lgspeiteng.lu/655#respond Mon, 01 Nov 2010 09:09:00 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=655 Continue reading Scoutsziedel bis den 13. November 2010 ]]> Fir all Wëllefcher, AvEx, CaraPio an RaRo
Montées W.E.
Wéi dir bestëmmt schonns wësst, wiesselen bei der Montée déi eelst vun all Branche, d’Branche. Dëst ass eng wichteg Etapp vun all  Guide/Scout. Fir dëst Evenement esou richteg zur Geltung kommen ze loosse, mécht de ganze Grupp e W.E.
Wou? De W.E. ass zu Monnerech am Scoutschalet. D’Wëllef an d’AvEx schlofen am Chalet, d’CaraPio schlofen an der Jurte (am Zelt).

  • Depart: Mir treffen eis e Samschdeg den 6. November um 13:40 an Uniform zu Péiteng op der Gare.
  • Mathuelen: Jumbokaart, oder E-Go Kaart, Täscheluucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sinn an eppes géint de Reen daachen), Schlofsak, déck Schung, déi ausgefëllten Fiche Medicale, verpaakt alles an engem Rucksak, den dir och droe kënnt. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen. Fir d’CaraPio/ Rover a Chef: Carry-Matte net vergiessen.
  • Umellen : Fir dass mir wëssen fir wéi vill Leit mir kache sollen ass et wichteg dass dir Iech virun e Freideg umellt, (och d’Chef) beim Guy Zoller um 691435358 no 18:00. Merci !
  • Präis: De W.E. kascht 20€ fir den eelsten aus der Famill an 15€ fir all déi aner. Bezuelt w.e.g. op der Plaatz.
  • Retour: Mir sinn Sonndes erëm um 17:00 zu Péiteng op der Gare.

De Samschdeg drop, den 13. November huet all Branche wéi gewinnt vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. (Fir d’RaRo u vun 16:00-18:00)

Fir all d’Matarbechter, Cara Pio, Chef, an d’RaRo:
E Samschdeg den 13. November ass Pobeiersammlung. R.d.v. wéi gewinnt um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Elo schons e decke Merci fir DENG Hëllef!

]]>
http://lgspeiteng.lu/655/feed 0
AvEx WE op der Buerchenter Buerg [Fotoen] http://lgspeiteng.lu/583 http://lgspeiteng.lu/583#respond Wed, 20 Oct 2010 07:00:49 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=583 2002 waren d’Péitenger Aventuren an Explorer op Buerchent fir do op der Buerg en Ritter Weekend ze verbréngen. Hei e puer Fotoen vun hiren Aktivitéiten.

]]>
http://lgspeiteng.lu/583/feed 0
Fotoen: AvEx Zauber WE um Neihaischen http://lgspeiteng.lu/414 http://lgspeiteng.lu/414#respond Sat, 29 May 2010 09:46:09 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=414 Am März 2003 waren eis AvEx een Weekend laang Zauberlehrlingen. Um Enn vum Weekend hun se hiren Elteren an enger Zaubershow déi Tricker déi se geléiert hun virgefouert.

]]>
http://lgspeiteng.lu/414/feed 0
Scoutsziedel bis den 24. Abrëll 2010 http://lgspeiteng.lu/378 http://lgspeiteng.lu/378#respond Mon, 12 Apr 2010 21:20:52 +0000 http://lgspeiteng.com/?p=378 Continue reading Scoutsziedel bis den 24. Abrëll 2010 ]]>

Foto: Olivier Kerschen

Fir all d’Wëllefcher:
Léif Wëllef mir hun nächste Weekend (17. bis den 18. Abrëll) e W.E. zu Miersch.
Départ: Samschdes den 17. Abrëll. Mir treffen eis um 15:00 zu Péiteng op der Gare, den Zuch fiert um 15:10 Auer. Tenue: Uniform (wen eng huet) an de Foulard.
Mathuelen: Schlofsak, Täscheluucht, Pyjama, Wäschtrousse, Handduch, Gezei fir all Wieder, déck Schung, Schlappen, Mutz, Täschemesser, Ennerwäsch, Uebst a Gedrénks fir am Zuch, Pistebichelchen, 2 Kichendicher, e klengen Kuerf, ausgefëllten Fiche Médicale. Verpackt alles an engem Rucksaack. Dir musst vun der Gare bis bei de Chalet kommen. Net mathuelen: Täschegeld, Séissegkeeten, Wertsachen, Handy, Gameboy… Präis: 25€ (Gitt d’Suen mat der Fiche médicale beim Départ of.) Sonndes si mir erëm um 17.50 Auer zu Péiteng op der Gare.
Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens e Mëttwoch beim Claude un (am einfachsten ass et wann dir him eng SMS schéckt; hei ass seng Nummer: 621294348.
Samschdes den 24. Abrëll hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’ AvEx:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 17. an de 24. Abrëll vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Fir all CaraPio:
Samschdes den 17. Abrëll hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Den 17. Abrëll ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss. Dir wesst jo…
Freides den 23. Abrëll hu mir vun 19:00-21:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’RaRo:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 17. an de 24. Abrëll vun 16:00-18:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’Chef:
Fir op de Kalenner: vum 19. bis den 20. Juni hu mir Chefweekend. Haalt iech desen Datum alt fräi.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Nächste Samschdeg, den 17. Abrëll ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss, elo schons en décke Merci fir all Hëllef!

]]>
http://lgspeiteng.lu/378/feed 0