Scoutsziedel bis den 26. November 2011

Fir Iech alleguer: Bazar / Niklosmaart
Wéi all Joer hu mir e Stand um Niklosmaart. Dëst Joer ass de Maart vun Freides owes 25. 11. bis Sonndes 27. 11. Mir freeën eis op äre Besuch!Aktioun Adventskränz: (Blaat leit bei). Wéinst dem grousse Succès vum läschte Joer maache mir och dest Joer erëm Adventskränz op Bestellung. Opgepasst um Maart selwer hu mir bal keng Kränz, profitéiert vun dëser Aktioun a bestellt e Kranz per Telefon oder Mail, sou sidd dir sécher dass dir ee Kranz kritt.Le marché de St. Nicolas aura lieu du vendredi 25. 11. jusque dimanche 27.11. Ce nous ferait plaisir de vous voir sur place.Action Couronnes d’avent : Profitez de la possibilité de commander votre couronne par téléphone (voir feuille en annexe).

no images were found

Opgepasst dës Biller weisen d’Modeller vum Joer virdrun. Attention ces photos montrent les modèles de l’année passée.

Fir all d’Wëllefcher:
Salut, déi zwee nächst  Samschdeger den 12.  an 19.November hu mir 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 26. November ass wéinst dem Niklosmaart  keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kenns.

Fir all d’ AvEx:
Salut, déi zwee nächst  Samschdeger den 12.  an 19.November hu mir 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 26. November ass wéinst dem Niklosmaart  keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kenns.

Fir all CaraPio:
Salut, déi zwee nächst  Samschdeger den 12.  an 19.November hu mir 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. An der Woch vum 21. November schaffe mir vu Méides bis Donneschdes all Owend vun 19°° un um Bierg fir de Bazar. Freides, Samschdes a Sonndes brauche mir och Deng Hëllef. An der Versammlung vum 19. kucke mir ween wéini hëlleft.
Et gin nach zwou Aktiounen wou mir deng Hëllef brauchen lies duefir bei: Fir all d’Matarbechter, RaRo, CaraPio an Chef.

Fir all RaRo:
Salut, déi zwee nächst  Samschdecher den 12.  an 19. November hu mir 16°°-18°° Auer Versammlung um Prënzebierg. An der Woch vum 21. November schaffe mir vu Méides bis Donneschdes all Owend vun 19°° un um Bierg fir de Bazar. Freides, Samschdes a Sonndes brauche mir och Deng Hëllef. An der Versammlung vum 19. kucke mir ween wéini hëlleft.
Et gin nach zwou Aktiounen wou mir deng Hëllef brauchen lies duefir bei: Fir all d’Matarbechter, d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschdeg den 12. November ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstross elo schons e decke Merci fir deng Hëllef!!
Samschdes den 19. November gi mir op Déifferdeng an de Bësch Äscht schneiden, fir d’Adventskräntz. Mir treffen eis um 9°° Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top