Scoutziedel bis den 15. Mee 2010

Fir all d’Wëllefcher:
Salut Wëllef. E Samschden den 1. Mee as keng Versammlung. E Samschden den 8. Mai as Versammlung vun  14:00-16:00.
E Samschden drop as keng Versammlung well mer Sonndes den 16. Mai ob den Wëllefchersrally ob Dideleng gin. Départ: Mir treffen eis um um 7:45 Auer zu Péiteng ob der Gare (den Zuch fiert um 7:54 Auer). Retour: Mir si nees  um 18:09 Auer ob der Peitenger Gare. Tenue: Uniform (wien keng huet soll just de Foulard undin). Mathuelen: Didd iech dem Wieder no un (huelt e K-Way an eng Kaap egal wéi d’Wieder ass), ordentlech Schung, e klenge Rucksack, Bic a Bloc, Bidon, Picknick fir Mëttes kaal z’iessen. De Ralley kascht 10 Euro. Eventuel  5€ Täschegeld mathuelen.
Virukënnegung: Den 18 bis den 24. Juli huele mir um Nationalem Camping Althing 2010 zu Heischent deel. Dat get e mega flotten groussen Camp mat ganz vill aneren Wellef aus dem ganzen Land. Et kommen nach Informatiounen no.

Fir all d’AvEx:
E Samschden den 1. Mai as keng Versammlung. Den 8. an de 15. Mee hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Fir all CaraPio:
Salut mir hun e grousse Programm: Samschdes den 1.Mee hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Freides de 7. Mee hu mir vu 19:00-21:00 Versammlung um Bierg. Mëttwochs den 12.5 hu mir  zu Schëffleng eng Virrbereedungsversammlung fir de Camp. Mir treffen eis um 18:15 Auer zu Péiteng op der Gare a fueren dann mam Zuch op Schëffleng. Matbrengen: Gamell (mat Besteck a Becher), Kichenduch, 3€ an Jumbokaart. Mir si um 23:36 Auer erem zu Péiteng op der Gare. Wann erwënscht, da féiert de Lukas iech herno Heem.
Samschdes den 15.Mee hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Den 15.Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Dir wesst jo…
Fir all d’RaRo:
Den 8. an de 15. Mee hu mir vun 16:00-18:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Nächste Samschdeg, den 15. Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8:30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss, elo schons en decke Merci fir all Hëllef!

Relevant Fotoen (automatesch generéiert)

Neel mat Schaumbullen unhalen

Foto: Elizabeth Roehrig

Déi vun ierch wou oft doheem Biller ophänken oder soss vill Neel an d’Mauere schloen hun warscheinlech schon genuch Übung mam Hummer fir sech net op d’Fangeren ze schloen. Fir de Rescht vun eis spuert dësen klengen Trick eis e puer gequëtschte Fangeren:

Wann der déi nächste Kéier eppes geliwwert kritt dat mat dene klenge Schaumbullen gepolstert as, haalt ierch der e puer. Wann der wëllt en Nol aklappen, dréckt den Nol duerch d’Bull. Elo hält den Schaum den Nol un, an är Fanger kënnen e bësse méi wäit aus der geféierlecher Zone eraus bleiwen.

Den ganzen Artikel kënnt der op thisoldhouse.com liesen.

Scoutsziedel bis den 24. Abrëll 2010

Foto: Olivier Kerschen

Fir all d’Wëllefcher:
Léif Wëllef mir hun nächste Weekend (17. bis den 18. Abrëll) e W.E. zu Miersch.
Départ: Samschdes den 17. Abrëll. Mir treffen eis um 15:00 zu Péiteng op der Gare, den Zuch fiert um 15:10 Auer. Tenue: Uniform (wen eng huet) an de Foulard.
Mathuelen: Schlofsak, Täscheluucht, Pyjama, Wäschtrousse, Handduch, Gezei fir all Wieder, déck Schung, Schlappen, Mutz, Täschemesser, Ennerwäsch, Uebst a Gedrénks fir am Zuch, Pistebichelchen, 2 Kichendicher, e klengen Kuerf, ausgefëllten Fiche Médicale. Verpackt alles an engem Rucksaack. Dir musst vun der Gare bis bei de Chalet kommen. Net mathuelen: Täschegeld, Séissegkeeten, Wertsachen, Handy, Gameboy… Präis: 25€ (Gitt d’Suen mat der Fiche médicale beim Départ of.) Sonndes si mir erëm um 17.50 Auer zu Péiteng op der Gare.
Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens e Mëttwoch beim Claude un (am einfachsten ass et wann dir him eng SMS schéckt; hei ass seng Nummer: 621294348.
Samschdes den 24. Abrëll hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’ AvEx:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 17. an de 24. Abrëll vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Fir all CaraPio:
Samschdes den 17. Abrëll hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Den 17. Abrëll ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss. Dir wesst jo…
Freides den 23. Abrëll hu mir vun 19:00-21:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’RaRo:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 17. an de 24. Abrëll vun 16:00-18:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’Chef:
Fir op de Kalenner: vum 19. bis den 20. Juni hu mir Chefweekend. Haalt iech desen Datum alt fräi.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Nächste Samschdeg, den 17. Abrëll ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss, elo schons en décke Merci fir all Hëllef!

Relevant Fotoen (automatesch generéiert)

Mat Schokola an Cola Feier maachen

Foto: Wildwood Survival

Wann et haart op haart kënnt, muss een alt mat deem Feier maachen wou een zu Hand huet. Den MacGyver géif et mat enger Bürosklamer an engem Stéck Knätsch ronbréngen. Sou gudd kréie mer dat net grad hin, mee dat hei as och schon net schlecht.

Den Buedem vun enger Limonadsbécks huet grad déi richteg Form fir als Parabolspigel duerzehalen. Duerch d’Form gin Sonnestrahlen op ee Punkt konzentréiert. Wann een dann en Stéck Pabeier, oder nach besser Zunder un der richteger Distanz zur Béchs hält kann een domat e Feier ufänken. D’Iddi as fir den Schokola als Reiwmëttel ze gebrauchen, dat d’Béchs glaat poléiert.

Fir d’éischt schmiert een Schokola op d’Béchs, dann reiwt een mam Pabeier vum Schokola iwwer d’Béchs. Déi ganz Prozedur kann gären eng hallef Stonn oder eng Stonn daueren! Wann ee renge Piwel oder eppes ähnleches huet fir den Buedem vun der Béchs ze poléieren geet et natierlech e bësse méi séier. Amplatz vun Schokla kann een z.B. och ganz gudd Zahnpasta gebrauchen. Duerno muss déi matt Iwwerfläch vum Buedem komplett blénkeg sin, wéi e Spigel!

Ech hun den Trick selwer nach net probéiert. Setzt ierch doheem eemol derhannert (am beschten mat Erlabnis vun ären Elteren wann der nach méi jonk sitt), probéiert dat emol aus a sot eis an den Kommentarer ob et geklappt huet! Denkt w.e.g. och drunn dass wéinst dem Aluminium deen ofreiwt den Schokola dono net méi sollt giess gin.

[Den original Artikel, op Englesch, fannt der op wildwoodsurvival.com.]