Theater 2011

D’Péitenger Guiden a Scouten invitiéieren op hiren

Theater

Freides, den 28. Januar 2011
Samschdes, den 29. Januar 2011
Am Home zu Péiteng (Kaart)

Et gëtt gespillt:
Wëllefcher: Biber an Neut
Aventuren an Explorer: TV Péiteng
Caravellen a Pionéier: Scouts vs wild

De Bummessen Johny

E lëschtegt Stéck an 3 Akten
Gespillt vun den aktuellen a fréiere Cheftainen a Chef

Rido um 20:00 Auer. Entrée: 8€ fir Erwuessener a 4€ fir Kanner.
Reservatioune si méiglech all Dag no 17:00 Auer um Telefon 621 68 84 22 (Michels).

An eiser Fotosgalerie kënnt der Biller vum Theater 2010 kucken.

Relevant Fotoen (automatesch generéiert)

Scoutsziedel bis den 29.01.2011

Fir iech alleguer
Knapps ass d’Joer amgangen a schons steet e grousst Evénement virun der Dier! Den 28. an 29. Januar spille mir eisen traditionelle Scoutstheater zu Péiteng am Home. Halt iech dësen Datum alt schons emol fräi. Et wier ganz léif wann dir ärem Kand fir déi nächst Versammlung eppes gingt matgin fir an d’Tombola. Gitt et do einfach beim Annick of. Merci!

Fir all d’Wëllefcher
Salut, mat vill Schwonk geet et am neien Joer lass. Mir hunn e Samgden den 8. Januar vun 14:00-16:00 Auer Versammlung um Prënzebierg. Fir dass eist Theaterstéck esou richteg flott gëtt musse mir vill prouwen. D’Prouwen sinn all Kéier zu Péiteng am Home. Hei sin d’Datummer:

  • Dënschdeg den 11.1. vun 18:30-20:00
  • Donnegdeg den 13.1. vun 18:30-20:00
  • Samgdeg den 15.1. vun 14:00-16:00
  • Dënschdeg den 18.1. vun 18:30-20:00
  • Samgdeg den 22.1. vun 14:00-16:00
  • Dënschdeg den 25.1. vun 18:30-20:00
  • Donnegdeg den 27.1. vun 17:00-18:30.

Fir all d’AvEx:
Salut, endlech ass d’Vakanz eriwwer a mir kënnen eis nees gesinn. Mir hun déi zwee nächst Samgdeger den 8. an den 15. Januar vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Fir dass eist Theaterstéck esou richteg flott gëtt musse mir vill prouwen. D’Prouwen sinn all Kéier zu Péiteng am Home, hei sinn d’Datummer:

  • Dënschdeg den 11.1. vun 17:00-18:30
  • Donnegdeg den 13.1. vun 17:00-18:30
  • Dënschdeg den 18.1. vun 17:00-18:30
  • Donnegdeg den 20.1. vun 17:00-18:30
  • Dënschdeg den 25.1. vun 15:30-17:00

Fir all d’CaraPio
Salut, endlech ass d’Vakanz eriwwer a mir kënnen eis nees gesinn. Mir hunn déi zwee nächst Samgdeger den 8. an de 15. Januar vun 14:00-16:00 Auer Versammlung um Prënzebierg. E Samgdeg de 15.01. ass Pabeiersammlung. Rdv ass wéi ëmmer um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Dir wësst jo, mir brauchen iech! Den 22.01. gi mir op de Wanterhike, Detailer kommen am nächste Bréif. Fir dass mir eis net op der Bühn blaméieren musse mir vill prouwen. D’Prouwen sinn all Kéier am Home; hei sinn d’Datumer:

  • Mëttwoch den 5.1. vun 18:30-20:00
  • Donnegdeg den 6.1. vun 18:30-20:00
  • Mëttowch den 12.1. vun 18:30-20:00
  • Freideg den 14.1. vun 18:30-20:00
  • Donnegdeg den 20.1. vun 18:30-20:00
  • Mëttwoch den 26.1. vun 18:30-20:00
  • Donnegdeg den 27.1. vun 18:30-20:00

Fir all RaRo
Mir hunn déi zwee nächst Samgdeger den 8. an de 15. Januar Versammlung um Prënzebierg. E Samgdeg de 15.1. ass Pabeiersammlung. De Rdv ass wéi ëmmer um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Dir wësst jo, mir brauchen iech!

Fir all d’Matarbeschter, Chef, RaRo a CaraPio
E Samgden de 15.01. ass Pabeiersammlung. Rdv ass wéi ëmmer um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Elo schons en décke Merci fir är Hëllef. Hei sinn déi provisoresch Datummer vun de Pabeiersammlungen vum ganze Joer: 12.2, 19.3, 21.5, 18.6, 9.7, 14.8., 17.9, 15.10,  12.11, 10.12.

Relevant Fotoen (automatesch generéiert)

Action Avenir Haiti

[via lgs.lu]
Haiti – 12. Januar 2010 – 22:53h
en Äerdbiewen vun der Stärkt 7.3
230.000 Doudeger 300.000 Blesséierter
1.200.000 Mënsche verléieren hirt Doheem
E Joer dono wëlle mir dorun denken an dofir invitéiert iech d’ Action Avenir
Haiti op dësem Owend.
Um Programm steet:
– Reckbléck op d’Hëllef vun Action Avenir Haiti am Laf vum Joer
– Film “Chronique d’une catastrophe annoncée”
en Documentär vum haitianeschen Regisseur Arnold Antonin (18 min)
Mëttwoch, den 12. Januar 2011
20:00 an der Gallerie „Am Duerf“ zu Steesel (2, montée Willy Goergen)
Weider Infoen op: www.aah.lu