Scoutsziedel bis den 23. Abrëll 2011

Fir iech alleguer:
Dest ass dee läschten Ziedel fir un der Vakanz, ech wenschen iech elo schons schéin Ouschteren.

Fir all d’Wellefcher:
Salut, den 2. Abrëll ass déi läscht Versammlung vun eisem Komet (ee Komet si méi Versammlungen zu engem Thema). Dest wëlle mir richteg feiren, duefir hu mir vun 10°°-14°° Versammlung, brengt e gudden Appetit mat.

Fir all d’ AvEx:
Salut, mir hun den 2. Abrëll vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Duerno ass Keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir all CaraPio:
Salut, den 2. Abrëll ass KENG Versammlung, d’Chef sin op den Iron-Scout fir Chefs. Den 9.4 hu mir vun 14-16°° Versammlung um Bierg. Fir op de Kalenner: Den 6.,7. an 8.Mee ass dee weltberühmten IRON-SCOUT, wann’s du matgees, dann iwerweis w.e.g 30 Euro op eisen Compte: LGS Grupp hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 Mam Vermierk : Iron Scout a mat dengem Numm. Ouschtersamschdeg den 23. Abrëll ass Pobeiersammlung. Et ass wichteg dass DU derbei bass.

Fir all RaRo:
Salut, den 2.Abrëll an den 9.Abrell hu mir wéi gewinnt vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Déi Leit wou een T-Shirt bestallt hun, sollen 17 Euro matbrengen, a fir ee Pullover 36 Euro. Ouschtersamschdegden 23. Abrëll ass Pobeiersammlung. Et ass wichteg dass DU derbei bass.

Fir all Chef:
En Donneschdeg den 7. Abrëll ass um 20°°Grupperot um Bierg.

Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Opgepasst, den Datum vun der Pobeiersammlung huet geännert. E Samschdeg de 23.04 ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons een decke Merci fir all Hëllef.

Relevant Fotoen (automatesch generéiert)

Scoutsziedel bis den 26. Mäerz 2011

Fir all d’Wellefcher:
Salut, mir hunn déi 2 nächst Samschdeger, den 19. an den 26. Mäerz vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Prënzebierg.

Fir all d’ AvEx:
Salut, mir hunn déi 2 nächst Samschdeger, den 19. an den 26. Mäerz vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Prënzebierg.

Fir all CaraPio:
Salut, mir hunn déi 2 nächst Samschdeger, den 19. an den 26. Mäerz vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Prënzebierg. Den 19. Mäerz ass Pabeiersammlung. R.d.v ass um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstross. Dir wësst jo dass mir iech brauchen!

Fir all RaRo:
Salut, mir hun déi 2 nächst Samschdeger, den 19. an den 26. Mäerz vun 16:00 bis 18:00 Versammlung um Prënzebierg. Den 19. Mäerz ass Pabeiersammlung. R.d.v ass um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstross. Dir wësst jo dass mir iech brauchen!

Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
E Samschdeg de 19.03 ass Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi ëmmer um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstross. Elo schons een decke Merci fir all Hëllef.

Noutfallkäerz aus Thon

Original Foto: funadium

Hutt der schon eemol eng Käerz aus Thon gemaach? Da gëtt et Zäit. Huelt eng Béchs Thon am Ueleg. Pickt e Lach uewen an den Deckel, mat engem Täschemesser oder engem spatzen Nol. Wann der proppert Geschir huelt kënnt der den Thon duerno och nach iessen. Mat engem raschtegen Nol… naja.

Elo schneit der en Docht, zwee mol esou laang wéi d’Bécks héich ass, faalt en an der Mëtt an dréckt e bal ganz duerch d’Lach, sou dass duerno just nach ee Wupp vum Docht eraus kuckt. Wann der den Docht elo ufänkt hutt der eng Käerz déi e puer Stonne laang brennt. An dono kënnt der se iessen. Awer ouni Docht.

[via Atomic Shrimp]

Dîner-Spectacle

Fir déi deenen d’Buergbrennen näischt seet proposéieren ech den Dîner-Spectacle vun eisen Scoutsfrënn vum Grupp St. Joseph Esch. D’Juppen weisen haut um 12. Mäerz am Veräinshaus (21, rue de l’Eglise, Esch) Stécker vun den Biber a Wëllef, sou wéi vun den AvEx a CaraPio.
Um Menu stinn Ham, Fritten an Zalot. D’Diren ginn um 18:30 op, fir 18€/12€ kritt der Ticketen bei der Schousterei Lallemang: 542686.

Hei nach den Flyer mat e puer méi Detailer. 20110312juppentheater

Relevant Fotoen (automatesch generéiert)

Invitatioun:

Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien…
op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen.

Mir brennen d’Buerg e Samschdeg den 12. März. Den Faakelzuch geet um 18:30 ënnen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19:00 ugefaang. Jiddereen wou beim Opriichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen, den Grill steet schons prett.
Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu samedi le 12. mars. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.

Fir all d’Wellefcher:
E Samschden den 5. März hun mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Samschdes den 12. März hëllefe mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15:00 un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g. och bei Invitatioun.)

Fir all d’AvEx:
E Samschden den 5. März hun mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Samschdes den 12. März hëllefe mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15:00 un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g. och bei Invitatioun.)

Fir all d’CaraPio:
Am  05.03.2011 treffen wir uns um 14:00 auf der Gare um gemeinsam nach Howald zum “Laser Games Evolutions” zu fahren. Wir sind zwischen 17:00 und 17:30 wieder zurück in Pétange am Bahnhof. Wer mitkommt möchte sich bis Freitag abend bei mir [Lukas] anmelden Tel: 661 620 846, damit wir genügend Autos haben.
Samschdes den 12. März hëllefe mir d’Buerg opriichten, mir treffen eis um 8:30 ënnen um Bierg, sidd w.e.g. pünktlech well mir fueren vun do aus op Déifferdeng fir Fäschen ze maachen.  Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gett wieder geschafft bis d’Buerg steet. (Liest w.e.g och bei Invitatioun.)

Fir all d’RaRo:
E Samschden den 5. März hu mir vun 16:00-18:00 Versammlung um Prënzebierg.
Samschdes den 12. März hëllefe mir d’Buerg oprichten, mir treffen eis um 8:30 ënnen um Bierg, sidd w.e.g. pünktlech well mir fueren vun do aus op Déifferdeng fir Fäsche ze maachen.  Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gett wieder geschafft bis d’Buerg steet. (Liest w.e.g och bei Invitatioun.)

Fir all d’Mataarbechter,
Liest w.e.g bei Invitatioun. Virukënnegung: Samschdes den 19.03 ass Pabeiersammlung.

Fir all déi wou den Scoutsziedel iwwer E-mail kréien,
Kuckt w.e.g. eemol bis an äre Spam-Filter. D’Absender-Adress vum Scoutsziedel huet geännert. Dësen Ziedel gouf den 1. März iwwer E-Mail verschéckt.

Relevant Fotoen (automatesch generéiert)