Scoutsziedel bis den 10. Dezember 2011

Fir iech alleguer
MERCI! Een decke Merci un all déi Leit déi eis um Bazar ennerstetzt hun!! Merci Léif Elteren fir äre Besuch….. Merci all denen déi matgeschafft hun. Ech mengen dass mir gudd Reklamm gemach hun, a no baussen gewisen hun dass bei eis eng leeft. SUPER Guy

Fir all d’Wellefcher:
Salut léif Wëllef, déi 2 nächst Samschdeger, den 3. an den 10.Dezember hu mir all Kéiers vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Brengt fir den 3. Dezember eng aal Stremp mat.

Fir all d’ AvEx:
Salut AvEx, déi 2 nächst Samschdeger, den 3. an den 10.Dezember hu mir all Kéiers vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Mir si jo dichteg umgangen eise Sall ze pimpen. Nächste Samschdeg streiche mir un =>didd ganzt aalt Gezei un.

Fir all d’CaraPio:
Salut alleguer, déi 2 nächst Samschdeger, den 3. an den 10.Dezember hu mir all Kéiers vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Den 10. Dezember ass Pobeiersammlung. Allez höpp mach emol e klengen Effort DENG Hëllef ass wichteg! R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer (daat ass um halwer ning J ) zou Péiteng op der Lengerstross

Fir all d’RaRo:
Salut alleguer, déi 2 nächst Samschdeger, den 3. an den 10.Dezember hu mir all Kéiers vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Den 10. Dezember ass Pobeiersammlung. Allez höpp mach emol e klengen Effort DENG Hëllef ass wichteg! R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer (daat ass um halwer ning J ) zou Péiteng op der Lengerstross. Op der Montée ware mir zou 21…..

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
E Samschdeg den 10.Dezember ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstross elo schons e decke Merci fir DENG Hëllef!!

Scoutsziedel bis den 26. November 2011

Fir Iech alleguer: Bazar / Niklosmaart
Wéi all Joer hu mir e Stand um Niklosmaart. Dëst Joer ass de Maart vun Freides owes 25. 11. bis Sonndes 27. 11. Mir freeën eis op äre Besuch!Aktioun Adventskränz: (Blaat leit bei). Wéinst dem grousse Succès vum läschte Joer maache mir och dest Joer erëm Adventskränz op Bestellung. Opgepasst um Maart selwer hu mir bal keng Kränz, profitéiert vun dëser Aktioun a bestellt e Kranz per Telefon oder Mail, sou sidd dir sécher dass dir ee Kranz kritt.Le marché de St. Nicolas aura lieu du vendredi 25. 11. jusque dimanche 27.11. Ce nous ferait plaisir de vous voir sur place.Action Couronnes d’avent : Profitez de la possibilité de commander votre couronne par téléphone (voir feuille en annexe).

Opgepasst dës Biller weisen d’Modeller vum Joer virdrun. Attention ces photos montrent les modèles de l’année passée.

Fir all d’Wëllefcher:
Salut, déi zwee nächst  Samschdeger den 12.  an 19.November hu mir 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 26. November ass wéinst dem Niklosmaart  keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kenns.

Fir all d’ AvEx:
Salut, déi zwee nächst  Samschdeger den 12.  an 19.November hu mir 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 26. November ass wéinst dem Niklosmaart  keng Versammlung. Mir wärten Dech awer bestëmmt um Maart begéinen, wanns de mat dengen Elteren op Besuch kenns.

Fir all CaraPio:
Salut, déi zwee nächst  Samschdeger den 12.  an 19.November hu mir 14°°-16°° Auer Versammlung um Prënzebierg. An der Woch vum 21. November schaffe mir vu Méides bis Donneschdes all Owend vun 19°° un um Bierg fir de Bazar. Freides, Samschdes a Sonndes brauche mir och Deng Hëllef. An der Versammlung vum 19. kucke mir ween wéini hëlleft.
Et gin nach zwou Aktiounen wou mir deng Hëllef brauchen lies duefir bei: Fir all d’Matarbechter, RaRo, CaraPio an Chef.

Fir all RaRo:
Salut, déi zwee nächst  Samschdecher den 12.  an 19. November hu mir 16°°-18°° Auer Versammlung um Prënzebierg. An der Woch vum 21. November schaffe mir vu Méides bis Donneschdes all Owend vun 19°° un um Bierg fir de Bazar. Freides, Samschdes a Sonndes brauche mir och Deng Hëllef. An der Versammlung vum 19. kucke mir ween wéini hëlleft.
Et gin nach zwou Aktiounen wou mir deng Hëllef brauchen lies duefir bei: Fir all d’Matarbechter, d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschdeg den 12. November ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstross elo schons e decke Merci fir deng Hëllef!!
Samschdes den 19. November gi mir op Déifferdeng an de Bësch Äscht schneiden, fir d’Adventskräntz. Mir treffen eis um 9°° Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau.