Scoutsziedel

Wéi dir bestëmmt schons wesst, wiesslen bei der Montée déi eelst vun all Branche, d’Branche. Dëst ass eng wichteg Etapp vun all  Guide/Scout. Fir dëst Evenement esou richteg zur Geltung kommen ze loossen, mecht de ganze Grupp e W.E.

Wou? De W.E ass um Kuelbicherhaff bei Huelmes.

Départ: Mir treffen eis e Samschdeg den 27.Oktober um 14°°Auer an Uniform zu Péiteng beim aale Pompjeesbau. Fir den Transport si mir op d’Hëllef vun den Elteren ugewisen.Et wir ganz léif wann e puer vun hinnen eis do kéinten hëllefen.

Fir d’CaraPio:Kommt e Samschden de moien fir 10°°Auer op Péiteng bei de Cactus

Mathuelen:, Täschelucht, Täschemesser, Wäschsaachen,Pyama, fresch Ennerwäsch,Gezei fir all Wieder (et soll waarm sin an eppes géint de Reen daachen), Schlofsack, deck Schung,déi ausgefëllten Fiche Médicale Fiche méd_Péit_, verpackt alles an engem Rucksack. Dir braucht neischt fir z’iesse matzebrengen

Wann dir Gezei hut waat een ka futti schneiden da brengt et w.e.g mat.

Fir d’AvEx, d’CaraPio/ Rover a Chef: CarryMatte net vergiessen.

Umellen : Fir dass mir wessen fir wifill Leit mir kache sollen ass et wichteg dass ir Iech fir un e Freideg umellt, (och d’Chef) beim Lena Brosius um 621765259 no 18°°, dir kennt och eng SMS schreiwen.Merci !

Preis: De W.E kascht 20 Euro fir den éllsten aus der Famill an 15 Euro fir all déi aner. Bezuelt w.e.g op der Plaatz.

Retour: De W.E ass Sonndes um 16°° um Kuelbicherhaff eriwer.

 

De Samschdeg, den 10.November huet all Branche wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.(Fir d’RaRo vun 16°°-18°°)

 

Fir all d’Matarbechter, Cara Pio, Chef, an d’RaRo:

E Samschdeg den 10. November ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstross elo schons e decke Merci fir DENG Hëllef!

Fir d’Chef:

En Donneschdeg den 15. November ass Grupperot um 20°° um Bierg.

 

 

Scoutsziedel

Fir all d’Biberen:

An der Versammlung vum 13.Oktober léire mir eis 5 Sënner besser kennen.

De 20. Oktober hu mir eng SUPER Abenteuerversammlung.

All Kéier vun 14°°-16°° Auer um Prënzebierg.

Den 27. an 28.Oktober gi mir mat op de Gruppe Weekend um Kuelbicherhaff am nächste Bréif gess de méi gewuer.

 

Fir all d’Wëllefcher:

Wëllef, kommt alleguer den 13.Oktober an den 20. Oktober vun 14°°-16°° Auer op de Prënzebierg.

Dir kennt roueg e Kolleg matbrengen da gett et nach méi flott.

Den 27. an 28.Oktober gi mir mat op de Gruppe Weekend um Kuelbicherhaff am nächste Bréif gess de méi gewuer.

 

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, mir hun den 13.Oktober an den 20. Oktober erem richteg cool Versammlungen, all Kéier vun 14°°-16°° Auer um Prënzebierg. Mir hoffen dass de kanns derbei sin, soss verpass du eppes!

Den 27. an 28.Oktober gi mir mat op de Gruppe Weekend um Kuelbicherhaff am nächste Bréif gess de méi gewuer

Fir all d’CaraPio:

Wir dir west gin déi 2 nächst Versammlungen vun Iech organiséiert.

Zur Erennerung. D’Versammlung vum 13.10 organiséiren: den Arno, de Vic, de Marc an d’Léa.

Déi vum 20.10 gëtt vum Laure, Laurence, Mathilde an Léa firbereed.

Den 13.10 ass och Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstrooss. MERCI dass DU derbei bass!

Den 27. an 28.Oktober gi mir mat op de Gruppe Weekend um Kuelbicherhaff am nächste Bréif gess de méi gewuer

 

Fir all d’RaRo:

Den 13.10 Hu mir keng Versammlung well mir op d’Neiheisgen op de W.E de Lancement gin. Mir fueren no der Versammlung dohinner. Sonndes ass de W.E géint 16°° eriwer. Matbrengen: Carrymatte an eng witzeg Verkleedung zum Thema Splash an 15 Euro. De 20. Oktober hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg

Den 13.10 ass och Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstrooss. MERCI dass DU derbei bass!

Den 27. an 28.Oktober gi mir mat op de Gruppe Weekend um Kuelbicherhaff am nächste Bréif gess de méi gewuer

 

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:

Den 13.10 ass Pobeiersammlung.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstrooss.

Elo schons en decke MERCI fir all Hëllef

Fir all d’Chef:

En Donneschden den 11.10 ass Grupperot um 20 °° um Bierg.

Journée de la Commémoration nationale

E Sonndeg den 7. Oktoker ass d’Journée de la Commémoration nationale.

Wéi all Joer huelen mir un de Feierlechketen,  déi dest Joer zu Rodange sin, déel.

Mir treffen eis an Uniform (wen eng huet) um 9.40 Auer  zu Péiteng op der Maartplaatz, vun do aus fuere mir mam Bus op Rodange. Mir gin mat am Cortège an duerno an d’Mass. Mir kommen géint 12°° nees zerëck.