Theater 2017

D'Acteuren, Actricen, Flüsterer a Regisseur vum Guiden- a Scoutstheater mam Stéck "Männertabu".
D’Acteuren, Actricen, Flüsterer a Regisseur vum Guiden- a Scoutstheater mam Stéck “Männertabu”.

De 17. an den 18. März spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert. Rido as um 19:30h, fir unzefänke spillt all Branche e kuerzt Steck, d’Cheféquipe spillt MӒNNERTABU, e leschtegen drei-Akter vum Nicole Nothum.

Den Preis ass 10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech naischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis.  Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kennt Är Plaatzen vun elo un, um 691 911 806 (Vanessa Sauerwein) reservéiren. Rufft w.e.g. ereicht no 18:00 Auer un!

Scoutstheater 2017 flyer

 

Relevant Fotoen (automatesch generéiert)

Infoziedel bis den 4 Februar

Fir Iech alleguer :   

2 Evenementer fir op den Kalenner:

Buergbrennen:

Eist traditionnelt Buergbrennen fennt den Samsden 4. März um Prenzebierg statt. Den Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaang. Detailer kommen am nächsten Breif no.

Theater

De 17. an de 18. März spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert. Rido as um 19:30h, fir unzefänke spillt all Branche e kuerzt Steck, d’Cheféquipe spillt MӒNNERTABU, e leschtegen drei-Akter vum Nicole Nothum.

Den Preis ass 10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech naischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis.  Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kennt Är Plaatzen vun elo un, um 691 911 806 (Vanessa Sauerwein) reservéiren. Rufft w.e.g. ereicht no 18:00 Auer un!

Fir d’Biber :

Let’s start the game !… Komm mir spillen!  Dest as Thema fier die 2 nächst Versammlungen den Samsden 28 Januar an den Samsden 4 Februar allkeiers vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prenzebierg. Dofir soll jidereen seng Lieblings-Gesellschaftsspiller matbrengen. Denkt drun äer Elteren ze froen op der kennt beim Theater matspillen an soot eis Bescheed. Kukt dofier bei „ Fier Iech alleguer“.

Fier d’Wellef :

Dat néit Joer huet ugefaangen an et ass endlech erëm esou weit, mir spillen Scoutstheater. Et wär gutt wann dir alleguerten kéint dobäi matspillen. Sot eis dofir an der nächster Versammlung Bescheed ob dir kennt dobäi sinn. Mir hun den Samsden 28. Januar an den Samsden 4. Februar wei gewinnt vun 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzenbierg. Mir wäerten zwar e bessen mussen un den Kulissen fir den Theater schaffen, mee natierlech wäerten mir awer och nach genuch aner interessant Saachen machen. Oh, an zu gudder Lescht, sollt dir iech fir die nächst Versammlung den 28 Januar een gudden Witz iwwerleeën.

Fier d’Avex :

Saluti Avex, mir wärten den Samsden 28 Januar an den Samsden 4 Februar allkeiers vun 14:00 Auer bis 16:00 Auer den Prenzebierg onsecher machen. Denkt drun ze kuken op der kennt beim Theater matmachen. Kukt dofier bei „ Fier Iech alleguer“.

Fier d’Carapio :

Den Samsden 28. Januar an den Samsden den 4. Februar hun mier normal Versammlung vun 14-16h.  An den Versammlungen konzentreieren mier eis op den Theater, brengt duerfir alles mat waat der braucht: Texter, Materialeschten, Requisiten… usw.

Fier d’RaRo : 

Den Samsden 28.Januar  prepareieren mier eis Bausprojeten fier am Fréijoer. Brengt Ideen, Pläng an äer Materialslescht mat (Glänner, Käfeg, Bänk).  Brengt och Ideen fier Spiller mat, dei mier kennen derzweschen maachen fier d‘Stemmung opzelockeren. Den Samsden 4.Februar bauen mier en eischten Modell vun enger Kartoffelkanoun.

Fier d’Chef:

Den nächsten Gruppenroot as desen Mettwoch den 25 Januar um 20:00 um Prenzenbierg.

Infoziedel bis den 21. Januar

Pour vous tous: Dernier rappel pour les cotisations Certains entre vous n’ont pas encore payés les cotisations. Veuillez faire ceci maintenant s’il vous plait, car il faut la payer pour être un de nos membres. Veuillez donc faire un virement de 15€ pour l’enfant aîné et pour les cadets 12€ sur notre compte LGS Péiteng Grupp hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 avec comme communication “cotisation et le(s) nom(s) de votre/vos enfant(s).

Fiche d’information: Si vous souhaitez ne plus recevoir cette fiche d’information par courrier, prévenez Claire Dording par e-mail (claire.dording@gmail.com) ou par téléphone après 18h (621683999) ainsi vous recevrez la fiche par e-mail. De plus, il existe toujours la possibilité de la consulter sur notre site internet www.lgspeiteng.lu, ou elle est également traduite en français.

Pour les castors :
Chers castors, nous avons nos réunions le 14 et le 21 janvier comme d’habitude de 14H à 16H au Prenzebierg. Si vous voulez savoir de quoi il s’agit dans nos réunions, alors soyez présents 😉 A bientôt, et nous avons le plaisirs de passer la nouvelle année avec vous!:-)

Pour les louveteaux:
Les 2 réunions suivantes , le 14. et les 21 Janvier auront lieu de 14:00 à 16:00h au Prenzebierg. La seule chose que j’peux  révéler pour l’année2017 c’est qu’il y aura beaucoup de réunions super intéressantes …

Fier d’Avex :
Salut AvEx, les deux prochains samedis, 14. et 21. janvier nos réunis se dérouleront comme d’habitude de 14:00-16:00 au Prenzebierg. Si un entre vous souhaite encore participer au grand camp scout GoUrban cet été il est absolument nécessaire d’apporter la fiche d’inscription à la réunion du 14 janvier. Ceci est le dernier délai, après cette date une inscription ne sera plus possible.

E Samschden 14. Januar treffe mer eis um 9:00 zu Péiteng an der Kierch fir d’Krëppchen of ze riichten. Dat dauert warscheinlech 2 Stonnen. Nomëttes gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg fir de Skript vum Theaterstéck ze schreiwen. E Samschden 21. Januar ass Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Vum 21. bis den 23. Abrëll ass den 10. Iron Scout ronderëm Klierf. Dëst ass eng Wanderung bei deer mir bis zu 65km a 24 Stonnen trëppelen. All Detailer stinn op http://news.lgs.lu/2016/11/02/6_iron-scout-2017/, wat elo schonn zielt ass d’Umeldung: iwwerweist 30€ op eise Konto bis zum 18. Januar mam Vermierk “Iron Scout + Numm vum Kand”. De 14. Mee ass d’JoCaPi zu Bartreng. Dëst ass e Rally fir CaraPio aus dem ganze Land wou si géinteneen untrieden fir hir Scoutstechniken an hirt Wëssen mat anere Gruppen ze moossen. All Detailer stinn op http://news.lgs.lu/2016/11/18/6_jocapi-2017-zu-bartreng/, wat elo schonn zielt ass d’Umeldung: iwwerweist 13€ op eise Konto bis den 18. Januar mam Vermierk “JoCaPi + Numm vum Kand”. Dir kënnt och déi zwee Virementen beienee maachen, mam Vermierk “Iron Scout + JoCaPi + Numm vum Kand”. Eise Konto: LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Fier d’RaRo :  
Wei der matkritt hudd, ass dese Samsden den 14 Januar  eist Wantergrillen. Sidd doweinst um 16 h um Prënzebierg fier dass mier alles prepareieren kennen. Mier brauchen och Lait fier den aaneren Daach moies rem ze raumen; jo dier kennt do och schloofen J. Den Samsden den 21. Januar hun mier normal Versammlung wou mier den Plang vum Joer maachen.

Fier d’Albatrossen:
Eis nächst Versammlung as den Freiden 13. Januar um 19:00 Auer um Prenzenbierg. Brengt alleguer e puer Ideen mat waat mer nach kennen fier 2017 ennerhuelen.

Fier d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter  Fir op de Kalenner: Hei d’Pabeiersammlungen fir daat ganzt Joer 2017: 11.02 ; 11.03; 8.04; 13.05; 10.06; 8.07; 5.08; 9. 09; 7.10; 4.11; 9.12; .