{"id":1023,"date":"2011-07-07T12:00:44","date_gmt":"2011-07-07T11:00:44","guid":{"rendered":"http:\/\/lgspeiteng.com\/?p=1023"},"modified":"2011-07-07T19:31:14","modified_gmt":"2011-07-07T18:31:14","slug":"scoutsziedel-bis-september-2011","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/1023","title":{"rendered":"Scoutsziedel bis September 2011"},"content":{"rendered":"<p><strong>Fir iech alleguer:<\/strong><br \/>\nDest ass dee leschtem Ziedel fir dest Scoutsjoer. Ech w\u00ebnschen iech alleguer e flotte Camp an eng sch\u00e9in Vakanz<br \/>\n-Guy<\/p>\n<p><strong>Fir all d\u2019W\u00ebllefcher:<\/strong><br \/>\nW\u00e9inst dem Schoulfest hu mir den n\u00e4chste Samschdeg, den 9. Juli KENG Versammlung. D\u2019Chef h\u00ebllefen do bei de Spiller also gesi mir eis best\u00ebmmt um Schoulfest zu Rodange. All d\u2019Detailer vum Camp sinn am Unhang.<br \/>\nL\u00e9if Gr\u00e9iss, \u00e4r Chef<\/p>\n<p><strong>Fir all d\u2019 AvEx:<\/strong><br \/>\nDe n\u00e4chste Samschdeg, 9. Juli ass vun <strong>14\u00b0\u00b0-18\u00b0\u00b0 <\/strong>Versammlung um Bierg. Mir feieren den Ofschloss vun eiser Cowboy Entreprise. Br\u00e9ngt alleguer eng Muert mat \ud83d\ude42\u00a0 Wann \u00e4r Elteren NET w\u00ebllen dass dir an der Versammlung op engem P\u00e4erd s\u00ebtzt solle si dem Fredi Bescheed soen (621472510). All d\u2019Detailer vum Camp sinn am Unhang.<\/p>\n<p><strong>Fir all CaraPio:<\/strong><br \/>\nE Samschdeg den 9. Juli hunn mir ee grousse Programm: Moies h\u00ebllefe mir op der Pabeiersammlung. R.d.v ass w\u00e9i \u00ebmmer um 8.30 Auer zu P\u00e9iteng op der L\u00e9ngerstrooss.<br \/>\nNom\u00ebttes h\u00ebllefe mir beim Schoulfest. Mir fueren direkt no der Pabeiersammlung op d\u2019Schoulfest an iessen do zu M\u00ebtteg, ditt duerfir schonns moies \u00c4r Uniform un. Fir d\u00e9i wou no kommen, d\u2019Schoulfest ass zu Rodange vis \u00e0 vis vun der Sportshal an der rue Jos. Moscardo. G\u00e9int 18\u00b0\u00b0 maachen mir eis er\u00ebm op de Wee fir Heem. De Lukas sch\u00e9ckt iech nach d\u00e9i l\u00e4scht Informatiounen fir den Jamboree.<\/p>\n<p><strong>Fir all d\u2019Mataarbechter, d\u2019RaRo, d\u2019CaraPio an d\u2019Chef:<\/strong><br \/>\nDen 9. Juli ass Pabeiersammlung R.d.v ass w\u00e9i \u00ebmmer um 8.30 Auer zu P\u00e9iteng op der L\u00e9ngerstrooss elo schonns een decke Merci fir all H\u00ebllef!<br \/>\nDen 9. Juli h\u00ebllefe mir och beim Schoulfest fir d\u00e9i wou sech ugemellt hunn fir moies schon ze h\u00ebllefen: R.d.v an Uniform um 10.30 Auer beim ale Pompjeesbau, dat ganzt dauert bis 18\u00b0\u00b0. D\u00ebnschdes den 2. August kommen d\u2019Kanner aus dem \u00e9ischten an zweeten Schouljoer am Kader vun der Vakanzaktioun bei eis op de Bierg. Et ass wichteg dass mir vun der Gel\u00e9igenheet fir Reklamm ze maachen profit\u00e9ieren duerfir brauche mir vill Leit d\u00e9i eis Moies a M\u00ebttes h\u00ebllefen. Mell dech w.e.g beim Guy um 691435358 un fir dass hien dat ganzt plange kann.<br \/>\nDen 13. August ass Pabeiersammlung, hei si mir op all H\u00ebllef ugewisen, et sinn do best\u00ebmmt vill Leit an d\u2019Vakanz, so dem Guy w.e.g. Bescheed wann\u2019s de fort bass.<\/p>\n<p><strong>Unhang fir d&rsquo;AvEx an d&rsquo;W\u00ebllef<\/strong><br \/>\nW\u00e9i kennt een op den Kuelb\u00e9cherhaff? Dir fuert Richtung Keelen, Keespelt. Hanner Keespelt fuert Dir lenks erof an den Mariendall.Dann fuert Dir riets Richtung Miersch, duerno d\u00e9i ZWEET Strooss lenks Richtung Huelmes, no +\/-100m fuert Dir den Wee op der rietser S\u00e4it (Schw\u00e9ngsziichterei) erop.Fuert laanscht d\u2019 Schw\u00e9ngsziichterei esouw\u00e4it w\u00e9i de Wee geet.<br \/>\n<a href=\"http:\/\/maps.google.com\/maps\/ms?msid=205625284539614264360.0004a77dab12301bd55e6&amp;msa=0\">Op Google Maps kucken<\/a><\/p>\n<p><strong>W\u00ebllefcherscamp vum 16.07-23.07.um Kuelb\u00e9cherhaff<\/strong><br \/>\nDepart ass Samschdes den 16.07 um 14.30 Auer zu P\u00e9iteng beim alen Pompjeesbau. Mir w\u00e4ren frou wann d\u2019Elteren eis beim Transport k\u00e9inten h\u00ebllefen.\u00a0 Tenue: Foulard an Uniform.<br \/>\nRetour:Mir w\u00ebllen als Ofschloss zesummen mat den Elteren grillen dofir erwaarden mir Iech vun 12\u00b0\u00b0 un, um Kuelb\u00e9cherhaff. Br\u00e9ngt w.e.g. eppes mat fir op de Grill , fir d\u2019Kanner ass gesuergt et sin och Zaloten fir Iech do. Den Camp ass um 15\u00b0\u00b0 Auer eriwwer.<br \/>\nPr\u00e4is: De Camp kascht 150 Euro fir den eelsten aus der Famill an 130 fir d\u00e9i aner.<br \/>\nMatbr\u00e9ngen:<\/p>\n<ul>\n<li>W\u00e4schsaachen (Z\u00e4nnbiischt, Zahnpasta, ee L\u00e4ppchen, Seef ee klengt Duch)<\/li>\n<li>Schwammsaachen (e grousst Duch, e Maillot\/Schwammbox\/Schwammkap\/ evt. \u00c4rmecher<\/li>\n<li>Eng T\u00e4scheluucht<\/li>\n<li>een T\u00e4schemesser<\/li>\n<li>ee Schlofsak<\/li>\n<li>Schlappen<\/li>\n<li>evt. een Kappk\u00ebssen an e Petzi<\/li>\n<li>zwee Kichendicher<\/li>\n<li>ee klenge Rucksak<\/li>\n<li>een Bidon<\/li>\n<li>eppes fir ze liesen oder ee klengt Spill fir an der Fr\u00e4iz\u00e4it<\/li>\n<li>d\u2019Pistebichelchen<\/li>\n<li>fr\u00ebsch \u00cbnnerw\u00e4sch an Str\u00ebmp fir all Dag<\/li>\n<li>eng Reenjackett<\/li>\n<li>deck Schung<\/li>\n<li>Gezei wat kann knaschteg ginn, eng Kap an eng Mutz Sonnecr\u00e8me (hoffentlech brauche mir se.)<\/li>\n<li>een aalt L\u00e4induch vun 1mx2m an 1 rout oder gr\u00e9ngt Puer Str\u00ebmp<\/li>\n<li>Net matbr\u00e9ngen: W\u00e4ertsaachen, Handy, Gameboy an S\u00e9issegkeeten.<\/li>\n<li>Verpaakt alles an engem Rucksak.<\/li>\n<li>Gitt d\u2019Kopie vun der Impfkaart, d\u2019<a href=\"http:\/\/lgspeiteng.lu\/wp-content\/uploads\/2011\/07\/20110700fichemedicalecamp.pdf\">Fiche M\u00e9dicale (Camp)<\/a> an d\u2019Suen beim Depart of<\/li>\n<\/ul>\n<p><strong>AvEx Camp vum 18.07-26.07.um Kuelb\u00e9cherhaff<\/strong><br \/>\nDepart ass M\u00e9indes den 18.Juli um 12.40 Auer zu P\u00e9iteng op der Gare.\u00a0 Tenue: Foulard an Uniform<br \/>\nRetour: D\u2019Elteren kommen d\u2019Kanner D\u00ebnschdes den 26. Juli um 15\u00b0\u00b0 op den Kuelb\u00e9cherhaff sichen<br \/>\nUmellen: Mellt iech bis sp\u00e9itstens den 9.Juli beim Fredi um 621472510 un<br \/>\nPreis: De Camp kascht 150 Euro fir den eelsten aus der Famill an 130 fir d\u00e9i aner<br \/>\nMatbr\u00e9ngen:<\/p>\n<ul>\n<li>maacht fir d\u2019\u00e9ischt eng grouss Dreckstut an de Rucksak an dann packt dir alles dran (da ginn d\u2019Saachen net fiicht)<\/li>\n<li>Jumbokaart oder Zuchticket fir mam Zuch vu P\u00e9iteng op Miersch<\/li>\n<li>Picknick fir den \u00e9ischten Owend<\/li>\n<li>W\u00e4schsaachen (Z\u00e4nnbiischt, Zahnpasta, ee L\u00e4ppchen,Seef ee klengt Duch)<\/li>\n<li>Schwammsaachen(e grousst Duch, e Maillot\/Schwammbox d\u00e9i enk ul\u00e4it\/Schwammkap<\/li>\n<li>eng T\u00e4scheluucht mat Ersatzbatterien<\/li>\n<li>T\u00e4schemesser<\/li>\n<li>ee Schlofsak<\/li>\n<li>evt. een Petzi<\/li>\n<li>zwee Kichendicher<\/li>\n<li>ee klenge Rucksak<\/li>\n<li>een Bidon vun 1L<\/li>\n<li>eppes fir ze liesen oder ee klengt Spill fir an der Fr\u00e4iz\u00e4it<\/li>\n<li>den AvEx Pass<\/li>\n<li>Bic a Block<\/li>\n<li>fr\u00ebsch \u00cbnnerw\u00e4sch an Str\u00ebmp fir all Dag<\/li>\n<li>eng Reenjackett evt. eng Reebox<\/li>\n<li>agetr\u00ebppelt d\u00e9ck Schung an e puer bequem Schung<\/li>\n<li>Gezei fir all Wieder<\/li>\n<li>eng Kap an eng Mutz<\/li>\n<li>Sonnecr\u00e8me (hoffentlech brauche mir se.)<\/li>\n<li>eppes g\u00e9int Musticken<\/li>\n<li>eng Gamelle an Besteck<\/li>\n<li>eng Loftmatraz oder eng Carrymatt. Kee Feldbett.<\/li>\n<li>Net matbr\u00e9ngen: W\u00e4ertsaachen, Handy, Gameboy an S\u00e9issegkeeten.<\/li>\n<li>Gitt d\u2019Kopie vun der Impfkaart, d\u2019<a href=\"http:\/\/lgspeiteng.lu\/wp-content\/uploads\/2011\/07\/20110700fichemedicalecamp.pdf\">Fiche M\u00e9dicale (Camp)<\/a> an d\u2019Suen beim Depart of<\/li>\n<\/ul>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":10,"featured_media":0,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"ngg_post_thumbnail":0},"categories":[5],"tags":[712,384,347,385,720,735,374],"uagb_featured_image_src":{"full":false,"thumbnail":false,"medium":false,"medium_large":false,"large":false,"1536x1536":false,"2048x2048":false},"uagb_author_info":{"display_name":"Administrator","author_link":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/author\/lgsadmin"},"uagb_comment_info":0,"uagb_excerpt":"...","_links":{"self":[{"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1023"}],"collection":[{"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/users\/10"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=1023"}],"version-history":[{"count":8,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1023\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1035,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/1023\/revisions\/1035"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1023"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=1023"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=1023"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}