{"id":13805,"date":"2022-08-31T08:00:00","date_gmt":"2022-08-31T06:00:00","guid":{"rendered":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/?p=13805"},"modified":"2022-08-25T17:15:33","modified_gmt":"2022-08-25T15:15:33","slug":"80-anniversaire-vum-generalstreik-31-8-1942","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/13805","title":{"rendered":"80. Anniversaire vum Generalstreik 31.8.1942"},"content":{"rendered":"\n<p>Hei \u00ebnnendr\u00ebnner fannt dir d&rsquo;Ried vum Guy Dockendorf d\u00e9i hien haut virun zwee Joer um Streikgdenkdag 2020 zu Wolz zum 78. Anniversaire vum Generalstreik vum 31. August 1942 gehal huet.<\/p>\n\n\n\n<p><em>Titelfoto via cm2gm.lu &#8211; Brochure \u00ab\u00a09.1. Wiltz Expo Streik 1942 (2007)\u00a0\u00bb<\/em>: <em>D\u2019Portal vun der Ideal \u2013 wou de Streik ugefaangen huet \u2013 no der Ardennenoffensiv, am Januar 1945.<\/em><\/p>\n\n\n\n<hr class=\"wp-block-separator is-style-wide\"\/>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-right\"><em>Guy Dockendorf<br>Pr\u00e4sident vum Comit\u00e9 pour la M\u00e9moire de la Deuxi\u00e8me Guerre mondiale<\/em><\/p>\n\n\n\n<p>L\u00e9if Z\u00e4itzeien a Victimen vum 2. Weltkrich,<br>Dir Dammen an Dir H\u00e4ren,<br>L\u00e9iw Fr\u00ebnn,<\/p>\n\n\n\n<p><strong>(1) <\/strong>Mir commemor\u00e9ieren haut den 78. Anniversaire vum Generalstreik vum 31. August 1942. Esou Commemoratiounen w\u00e9i d\u00e9i vun haut, sinn d&rsquo;Gelee\u00ebnheet, datt mir, d\u00e9i nom Krich gebuer sinn, also di 2., 3. a 4. Generatioun, den Effort maachen fir eis an di Z\u00e4it vum Krich ze versetzen.<\/p>\n\n\n\n<p>Nodeems d&rsquo;Nazi\u00ebn den 10. Mee 1940 Frankr\u00e4ich, L\u00ebtzebuerg, Holland an d&rsquo;Belsch iwwerfall a besat haten, hunn se alles dru gesat fir mat alle m\u00e9iglechen propagandisteschen an terroristesche Moyen\u00ebn d&rsquo;L\u00ebtzebuerger gef\u00fcgeg ze maachen fir se heim ins Reich ze forc\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>Wann ee seng Aarb\u00e9chtsplaz net wollt verl\u00e9ieren oder wann ee wollt weider stud\u00e9iere goen, war ee quasi forc\u00e9iert sech an hir Eenheetsorganisatioun, der VdB ze mellen. All sougenannt d\u00e4itschfeindlech Ver\u00e4iner gouwwe verbueden an hir Suen agezunn.<\/p>\n\n\n\n<p>Ganz fr\u00e9i schons, nodeem de Gustav Simon den 2. August 1940 zum Chef der Zivilverwaltung genannt gi war, hu sech de 15. August 1940 eng 40 Cheffe vun de L\u00ebtzebuerger Scouten am W\u00ebllefcherssall \u00ebnner der Esch-Grenzer Kiirch heemlech getraff an do eng vun den \u00e9ischten Resistenzorganisatioune gegr\u00ebnnt. Interessant ass och dat hei: D&rsquo;Resistenzler si jonk: 1940 huet d&rsquo;Hallschent vun hinnen manner w\u00e9i 26 Joer, 5% hunn esouguer manner w\u00e9i 16 Joer.<\/p>\n\n\n\n<p>Lues a lues sinn uechtert d&rsquo;ganzt Land geheim Resistenz-organisatiounen entstan, d\u00e9i oft &#8211; et pour cause! &#8211; n\u00e4ischt vun deenen anere woussten. Och wann si politesch ganz verschidden ausgeriicht waren, sou ware si sech all eens an hirem Zil: L\u00ebtzebuerg ze befreien an him seng Onoofh\u00e4ngegkeet er\u00ebmzeginn. Sech an der Resistenz engag\u00e9ieren, dat huet geheescht bewosst en totalit\u00e4re Regime ze bek\u00e4mpfen, dee kee Matleed fir seng G\u00e9igner kannt huet. Dat huet <strong>Zivilcourage <\/strong>verlaangt a war doutgef\u00e9ierlech fir ee selwer an seng Famill: wie sech engag\u00e9iert huet, gouf verfollegt a huet best\u00e4nneg f\u00e4erte musse verroden ze ginn an um Enn an e Konzentratiounslager deport\u00e9iert ze ginn.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>(2) <\/strong>D&rsquo;Resistenz huet et f\u00e4erdeg bruecht d&rsquo;Volkszielung, d\u00e9i d&rsquo;Nazi\u00ebn fir den 10. Oktober 1941 organis\u00e9iert haten, zu engem klore Referendum fir d&rsquo;Onoofh\u00e4ngegkeet vu L\u00ebtzebuerg ze maachen. Dat war eng eendeiteg Blamage fir de Gauleiter, deen dunn d&rsquo;Volkszielung annul\u00e9iert huet. Als Revanche huet en eng 200 Resistenzler festhuele geloos, vun deenen der 2 am Februar 1942 gek\u00e4ppt goufen.<\/p>\n\n\n\n<p>&#8211; Hei zu Wolz, an op villen anere Plazen am Land, hate Leit de <strong>Courage <\/strong>di gr\u00e8ve g\u00e9n\u00e9rale auszeruffen, resp. anzehalen, e puer Stonnen, nodeems de Gauleiter den 30. August d&rsquo;Zwangsrekrut\u00e9ierung vun de L\u00ebtzebuerger Jongen ausgeruff hat. De Generalstreik, dee s\u00e4in Ufank zu Wolz geholl huet, huet sech rapid op vill Uertschaften am ganze Land verbreet.<\/p>\n\n\n\n<p>De Generalstreik war eng Villzuel vun Aktiounen am ganze Land:<\/p>\n\n\n\n<ul><li>Aarb\u00e9chter d\u00e9i d&rsquo;Aarb\u00e9cht niddergeluecht hunn,<\/li><\/ul>\n\n\n\n<ul><li>Baueren d\u00e9i hir Produits\u00ebn zr\u00e9ckgehalen hunn,<\/li><\/ul>\n\n\n\n<ul><li>Beamten a villen Administratiounen, d\u00e9i stonnelaang \u201cPaus\u201d gemeet hun oder net op d&rsquo;Aarbecht gaang sinn,<\/li><\/ul>\n\n\n\n<ul><li>L\u00e9ierpersonal, d\u00e9i hir Sch\u00fcler heemgesch\u00e9ckt hunn,<\/li><\/ul>\n\n\n\n<ul><li>Studentinnen a Studenten, d\u00e9i gestreikt hunn: den Artikel d\u00ebs Woch vum Prof. Claude Wey am <em>Land<\/em> beschreiwt op 2 S\u00e4iten de Streik vun de Walefer <em>M\u00e9dercher<\/em> aus der <em>Lehrerinnenbildungsanstalt<\/em> zu Walfer<\/li><\/ul>\n\n\n\n<ul><li>jiddereen, deen wollt seng Oppositioun g\u00e9int d\u2019Nazien an aller \u00d6ffentlechkeeet weisen, huet e Wee a M\u00ebttelen fonnt fir sech vum Okkupant ze demark\u00e9ieren)<\/li><\/ul>\n\n\n\n<p>&#8211; D&rsquo;Nazien hunn direkt verstan, datt et hei n\u00ebt em e puer eenzel Onzefriddener g\u00e9iw goen, m\u00e4 em <strong>eng kloer Oofleenung vun hirem Regime<\/strong>. Hir Reaktioun war brutal: den Ausnahmezoustand gouf ausgeruff. De Cort\u00e8ge vun de Streikenden zu Wolz gouf brutal opgel\u00e9ist, di d\u00e4itsch Polizei ass op den Industriesiten interven\u00e9iert, Dausende gouwwe verhaft a gefoltert, Honnerte sinn an de Konzentratiounslager \u00ebmkomm. Ganz Famillje gouwwen \u00ebmgesiidelt, di meescht no Schlesien (am heitege Polen).<\/p>\n\n\n\n<p>&#8211; An de groussen Haaptstied an der ganzer Welt, bis an Nord- a S\u00fcdamerika, gouww mat Erstaunen a mat Respekt Kenntnis geholl vun der Reaktioun vun deem klenge L\u00ebtzebuerger Vollek, dat sech mam Mutt vun der Verzweiflung g\u00e9int d&rsquo;Nazi\u00eb gewiert huet.<\/p>\n\n\n\n<p>&#8211; D&rsquo;Gr\u00e8ve hat eng Rei Konsequenzen fir d&rsquo;L\u00ebtzebuerger: wann am Elsass d&rsquo;Joerg\u00e4ng 1908 bis 1927 vun der Zwangsrekrut\u00e9ierung concern\u00e9iert waren, da waren et zu L\u00ebtzbuerg \u00ab\u00a0n\u00ebmmen\u00a0\u00bb d&rsquo;Joerg\u00e4ng 1920-27. En anere positiven Effet vum Generalstreik war datt \u00ebmmer m\u00e9i Leit Vertrauen an d&rsquo;Resistenz kritt hunn: \u00ebm 2.000 Jongen, d\u00e9i refus\u00e9iert haten fir an d&rsquo;Wehrmacht ze goen, sinn zu L\u00ebtzebuerg mat H\u00ebllef vun hirer Famill an der Resistenz verstoppt ginn. Grad [g\u00ebschter], gouf an den alen Ausstellungshalen Victor Hugo um Lampertsbierg vun der Federatioun vun den Zwangsrekrut\u00e9irten eng Plakette als Er\u00ebnnerung un di Jongen d\u00e9i als Refrakt\u00e4ren oder Deserteuren sech dem Nazi Diktat entzunn hunn ageweit.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>(3) <\/strong>Komme mer op haut: Mir sinn hei an der <strong>Ville Martyr vu Wolz <\/strong>bei Gelee\u00ebnheet vum Streikgedenkdag 2020 a mer stelle fest: de Rietsextremismus an den Negationismus \u00ebnnerwandert och nach haut a ville L\u00e4nner di demokratesch Institutiounen an ass vill m\u00e9i gef\u00e9ierlech a pr\u00e4sent w\u00e9i mer mengen.<\/p>\n\n\n\n<p>E ganzt rezent Beispill vu virun e puer Deeg: viru 76 Joer, den 10. Juni 1944 hat d&rsquo;SS Divisioun Das Reich zu <strong>Oradour-sur-Glane <\/strong>a Frankr\u00e4ich 642 M\u00e4nner, Fraen a Kanner \u00ebmbruecht. Si hu vird\u00e9ischt d&rsquo;M\u00e4nner erschoss an duerno d&rsquo;Fraen an d&rsquo;Kanner an der Kierch agespaart an d\u00e9i dunn a Brand gestach.<\/p>\n\n\n\n<p>De Centre de m\u00e9moire vum <em>Village Martyr vun Oradour-sur-Glane<\/em> gouw den 22. August 2020 verschampel\u00e9iert vun ons\u00e4gleche Schmierereien, wou martyr duurch menteur ersat gouw. Dat do an aner Attacken op esou Plazen, d\u00e9i e lieu de recueillement et de m\u00e9moire sinn, w\u00e9i zu Christchurch an Neiseeland, Halle an Hanau an D\u00e4itschland oder di rezent Attack op d&rsquo;Synagog zu Graz an \u00c9isterr\u00e4ich sinn am gaang zouzehuelen.<\/p>\n\n\n\n<p>Ech sinn iwwerzeegt: esou Gedenkzeremonie w\u00e9i d\u00e9i vun haut hunn n\u00ebmmen dann e W\u00e4ert, wa mer doraus di praktesch Konsequenzen z\u00e9ien fir eisen Alldag. An dofir musse mer, jiddereen op senger Plaz Zivilcourage hunn a fir d\u00e9i W\u00e4erter, fir d\u00e9i eis Leit am 2. Krich gestuerwe sinn, astoen.<\/p>\n\n\n\n<p><strong>(4) Wat musse mir, jiddereen op s\u00e9nger Plaz, maachen?<\/strong><\/p>\n\n\n\n<p>Mir mussen derfir suergen, datt di historesch Wourecht n\u00ebt mat F\u00e9iss getr\u00ebppelt g\u00ebtt. De <em>Comit\u00e9 pour la M\u00e9moire de la Deuxi\u00e8me Guerre mondiale<\/em> huet sech virgeholl fir och Themen, d\u00e9i vl\u00e4icht an eiser m\u00e9moire collective verschwonne waren, w\u00e9i Collaboratioun, Antisemitismus, fr\u00e4iw\u00eblleg Partizipatioun vun ca 1.500 L\u00ebtzebuerger an der Wehrmacht unzespriechen. Allerd\u00e9ngs wiere mer eis g\u00e9int Bestriewungen, d\u00e9i d&rsquo;Crimen vun enger Minorit\u00e9it vu L\u00ebtzebuerger als Virwand huelen fir d&rsquo;Meriten vun de ville L\u00ebtzebuerger a Fro ze stellen.<\/p>\n\n\n\n<p>Beweise mir och haut deen Zivilcourage dee vill L\u00ebtzebuerger, Fraen a M\u00e4nner, am 2. [Krich] bewisen hunn? Kee vun eis ka w\u00ebssen w\u00e9i hien selwer virun 80 Joer reag\u00e9iert h\u00e4tt! W\u00e9i h\u00e4tte mir reag\u00e9iert, w\u00e9i h\u00e4tt ech reag\u00e9iert, wann et dr\u00ebm gaange w\u00e4r iwwer Liewen an Dout ze decid\u00e9ieren? W\u00e9i h\u00e4tt ech reag\u00e9iert wann ech verhaft, gefoltert, deport\u00e9iert an a KZer oder Vernichtungslager bruecht gi w\u00e4r? Well mer der Nazi-Ideologie net entsprach hunn, well mer politesch Opposants waren oder Judden, oder Roma a Sinti, oder Homosexueller, oder Jehovazeugen, oder sougenannt Asozialer? Oder wa mer g\u00e9int eise W\u00ebllen an d&rsquo;Wehrmacht forc\u00e9iert gi w\u00e4ren? H\u00e4tt ech w\u00e9i vill ze vill d&rsquo;Fauscht an der T\u00e4sch gemaach oder souguer offen oder heemlech mat den Nazi\u00ebn zesummegeschafft?<\/p>\n\n\n\n<ul><li>W\u00e9i reag\u00e9iere mir haut wa mer, am Bistrot, an der Schoul oder op der Aarb\u00e9chtsplaz, confront\u00e9iert gi mat bl\u00f6de Witzen, d\u00e9i rassistesch, friemefeindlech oder antisemitisch gefierwt sinn?<\/li><li>Hu mer de Courage fir op de social media Stellung ze huelen wa Feindbilder opgebaut ginn &#8211; \u00ebmmer di Ausl\u00e4nner!, oder se sinn all korrupt! bis zu alle m\u00e9iglechen Verschw\u00f6rungstheorien?<\/li><li>Huele mer eis d&rsquo;Z\u00e4it fir Noriichten op hir Wourecht oofzeklappen? Si mer bereet kontradiktoresch ze diskut\u00e9ieren ouni deen aneren f\u00e4erdeg ze maachen?<\/li><li>Watfer Argumenter hu mer fir an enger Diskussioun Leit ze entweren, d\u00e9i di elementar M\u00ebnscherechter a Fro stellen? D\u2018UNO D\u00e9claratioun vun de M\u00ebnscherechter vun 1948 seet, datt all M\u00ebnsch fr\u00e4i a gl\u00e4ich un Dignit\u00e9it an u Rechter gebuer g\u00ebtt: w\u00e9i kann een do net Parallelen z\u00e9ien t\u00ebscht deene Milliounen vun Displaced Persons an Ost- a Westeuropa nom Enn vum 2. Weltkrich <strong>an <\/strong>de Fl\u00fcchtlingen vun haut, d\u00e9i op der Sich no S\u00e9cherheet sinn, a vun de Rietsextreme verd\u00e4iwelt ginn.<\/li><\/ul>\n\n\n\n<p><strong>Passe mer op wat fir eng Sprooch, watfir Wierder mer gebrauchen <\/strong>an eisem Schw\u00e4tzen, Schreiwen an an de social media? Et ass net egal wat a w\u00e9i mer eppes soen! Rietsextrem Schlagwieder \u00ebnnergruewen d&rsquo;Wourecht an d&rsquo;M\u00ebnscherechter. Rietsextrem Desinformatioun schaaft fundamentalt M\u00ebsstrauen vis-\u00e0-vis vun deem Aneren: sie ass de N\u00e4hrbuedem vun allen Extremisten a si schaaft e Klima vun Ons\u00e9cherheet a vu M\u00ebsstrauen!<\/p>\n\n\n\n<p><strong>(5) Zanter dem Ausbroch vun der Coronavirus Pand\u00e9mie <\/strong>hu mer eng erschreckend Feststellung gemaach: mir hu gemierkt w\u00e9i <em>zerbriechlech<\/em>, w\u00e9i <em>fragil<\/em> mer all sinn, ob jonk oder al.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir hu gel\u00e9iert, datt mer mussen op sozial Distanz goen, n\u00ebt n\u00ebmmen fir eis selwer ze sch\u00fctzen mee och di aner! Awer di nei <em>Fragilit\u00e9it<\/em>, dat neit <em>Elengsinn<\/em> huet eis och b\u00e4ibruecht, datt mer <strong>eng nei Form vu Solidarit\u00e9it <\/strong>mussen entw\u00e9ckelen, fir <em>solidaire<\/em> an net <em>solitaire<\/em> ze ginn, sou w\u00e9i den Albert Camus et schons a sengem Roman vun 1947 <em>La Peste<\/em> seet. Mat allen Ons\u00e9cherheeten mat deene mer och elo nach confront\u00e9iert sinn, solle mer awer och all deene ville Leit am Land, d\u00e9i grad d\u00ebst Jo\u00ebr Solidarit\u00e9it bewisen hunn, e grousse Merci soen. Dat m\u00e9cht Courage, dat l\u00e9isst hoffen!<\/p>\n\n\n\n<p><strong>(6) <\/strong>Esou Gedenkfeieren w\u00e9i d\u00e9i vun haut si wichteg Momenter well mer do nees d&rsquo;St\u00ebmm h\u00e9ieren vun deenen, d\u00e9i net m\u00e9i do sinn. Mir lauschtere mat Respekt op d\u00e9i Lektiounen, d\u00e9i si eis mat op de Wee ginn hunn, an d\u00e9i haut n\u00e4ischt vun hirer Aktualit\u00e9it verluer hunn.<\/p>\n\n\n\n<p>Ech halen op mat engem kuurzen Zitat vum <em>Mauthausenschwur<\/em>, deen de 16. Mee 1945, am KZ Mauthausen um Appellplatz vu befreite Prisonn\u00e9ier &#8211; an 12 verschiddene Sproochen &#8211; virgedroe gouf:<\/p>\n\n\n\n<blockquote class=\"wp-block-quote\"><p>La paix et la libert\u00e9 sont la garantie du bonheur des peuples et l\u2019\u00e9dification du monde sur de nouvelles bases de justice sociale et nationale est le seul chemin pour la collaboration pacifique des Etats et des peuples.<\/p><p>Nous voulons, apr\u00e8s avoir obtenu notre libert\u00e9 et celle de notre nation, garder le souvenir de la solidarit\u00e9 internationale du camp et en tirer la le\u00e7on suivante :<\/p><p>Nous suivrons un chemin commun, le chemin de la compr\u00e9hension r\u00e9ciproque, le chemin de la collaboration \u00e0 la grande \u0153uvre de l\u2019\u00e9dification d\u2019un monde nouveau, libre et juste pour tous.<\/p><\/blockquote>\n\n\n\n<p class=\"has-text-align-right\">Merci fir d&rsquo;Nolauschteren!<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>&#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":6,"featured_media":13808,"comment_status":"open","ping_status":"open","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"ngg_post_thumbnail":0},"categories":[1],"tags":[176,175],"uagb_featured_image_src":{"full":["https:\/\/lgspeiteng.lu\/wp-content\/uploads\/De-Streikdag-zu-Wooltz-31.-August-1942.png",2458,1538,false],"thumbnail":["https:\/\/lgspeiteng.lu\/wp-content\/uploads\/De-Streikdag-zu-Wooltz-31.-August-1942-150x150.png",150,150,true],"medium":["https:\/\/lgspeiteng.lu\/wp-content\/uploads\/De-Streikdag-zu-Wooltz-31.-August-1942-300x188.png",300,188,true],"medium_large":["https:\/\/lgspeiteng.lu\/wp-content\/uploads\/De-Streikdag-zu-Wooltz-31.-August-1942-768x481.png",768,481,true],"large":["https:\/\/lgspeiteng.lu\/wp-content\/uploads\/De-Streikdag-zu-Wooltz-31.-August-1942-1024x641.png",1024,641,true],"1536x1536":["https:\/\/lgspeiteng.lu\/wp-content\/uploads\/De-Streikdag-zu-Wooltz-31.-August-1942-1536x961.png",1536,961,true],"2048x2048":["https:\/\/lgspeiteng.lu\/wp-content\/uploads\/De-Streikdag-zu-Wooltz-31.-August-1942-2048x1281.png",2048,1281,true]},"uagb_author_info":{"display_name":"Gilles","author_link":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/author\/gloda"},"uagb_comment_info":0,"uagb_excerpt":"...","_links":{"self":[{"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/13805"}],"collection":[{"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/users\/6"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=13805"}],"version-history":[{"count":4,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/13805\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":13812,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/13805\/revisions\/13812"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/media\/13808"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=13805"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=13805"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/lgspeiteng.lu\/fr_FR\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=13805"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}