De Streikdag zu Wooltz - 31. August 1942

80. Anniversaire vum Generalstreik 31.8.1942

Hei ënnendrënner fannt dir d’Ried vum Guy Dockendorf déi hien haut virun zwee Joer um Streikgdenkdag 2020 zu Wolz zum 78. Anniversaire vum Generalstreik vum 31. August 1942 gehal huet.

Titelfoto via cm2gm.lu – Brochure “9.1. Wiltz Expo Streik 1942 (2007)”: D’Portal vun der Ideal – wou de Streik ugefaangen huet – no der Ardennenoffensiv, am Januar 1945.


Guy Dockendorf
Präsident vum Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre mondiale

Léif Zäitzeien a Victimen vum 2. Weltkrich,
Dir Dammen an Dir Hären,
Léiw Frënn,

(1) Mir commemoréieren haut den 78. Anniversaire vum Generalstreik vum 31. August 1942. Esou Commemoratiounen wéi déi vun haut, sinn d’Geleeënheet, datt mir, déi nom Krich gebuer sinn, also di 2., 3. a 4. Generatioun, den Effort maachen fir eis an di Zäit vum Krich ze versetzen.

Nodeems d’Naziën den 10. Mee 1940 Frankräich, Lëtzebuerg, Holland an d’Belsch iwwerfall a besat haten, hunn se alles dru gesat fir mat alle méiglechen propagandisteschen an terroristesche Moyenën d’Lëtzebuerger gefügeg ze maachen fir se heim ins Reich ze forcéieren.

Wann ee seng Aarbéchtsplaz net wollt verléieren oder wann ee wollt weider studéiere goen, war ee quasi forcéiert sech an hir Eenheetsorganisatioun, der VdB ze mellen. All sougenannt däitschfeindlech Veräiner gouwwe verbueden an hir Suen agezunn.

Ganz fréi schons, nodeem de Gustav Simon den 2. August 1940 zum Chef der Zivilverwaltung genannt gi war, hu sech de 15. August 1940 eng 40 Cheffe vun de Lëtzebuerger Scouten am Wëllefcherssall ënner der Esch-Grenzer Kiirch heemlech getraff an do eng vun den éischten Resistenzorganisatioune gegrënnt. Interessant ass och dat hei: D’Resistenzler si jonk: 1940 huet d’Hallschent vun hinnen manner wéi 26 Joer, 5% hunn esouguer manner wéi 16 Joer.

Lues a lues sinn uechtert d’ganzt Land geheim Resistenz-organisatiounen entstan, déi oft – et pour cause! – näischt vun deenen anere woussten. Och wann si politesch ganz verschidden ausgeriicht waren, sou ware si sech all eens an hirem Zil: Lëtzebuerg ze befreien an him seng Onoofhängegkeet erëmzeginn. Sech an der Resistenz engagéieren, dat huet geheescht bewosst en totalitäre Regime ze bekämpfen, dee kee Matleed fir seng Géigner kannt huet. Dat huet Zivilcourage verlaangt a war doutgeféierlech fir ee selwer an seng Famill: wie sech engagéiert huet, gouf verfollegt a huet bestänneg fäerte musse verroden ze ginn an um Enn an e Konzentratiounslager deportéiert ze ginn.

(2) D’Resistenz huet et fäerdeg bruecht d’Volkszielung, déi d’Naziën fir den 10. Oktober 1941 organiséiert haten, zu engem klore Referendum fir d’Onoofhängegkeet vu Lëtzebuerg ze maachen. Dat war eng eendeiteg Blamage fir de Gauleiter, deen dunn d’Volkszielung annuléiert huet. Als Revanche huet en eng 200 Resistenzler festhuele geloos, vun deenen der 2 am Februar 1942 gekäppt goufen.

– Hei zu Wolz, an op villen anere Plazen am Land, hate Leit de Courage di grève générale auszeruffen, resp. anzehalen, e puer Stonnen, nodeems de Gauleiter den 30. August d’Zwangsrekrutéierung vun de Lëtzebuerger Jongen ausgeruff hat. De Generalstreik, dee säin Ufank zu Wolz geholl huet, huet sech rapid op vill Uertschaften am ganze Land verbreet.

De Generalstreik war eng Villzuel vun Aktiounen am ganze Land:

  • Aarbéchter déi d’Aarbécht niddergeluecht hunn,
  • Baueren déi hir Produitsën zréckgehalen hunn,
  • Beamten a villen Administratiounen, déi stonnelaang “Paus” gemeet hun oder net op d’Aarbecht gaang sinn,
  • Léierpersonal, déi hir Schüler heemgeschéckt hunn,
  • Studentinnen a Studenten, déi gestreikt hunn: den Artikel dës Woch vum Prof. Claude Wey am Land beschreiwt op 2 Säiten de Streik vun de Walefer Médercher aus der Lehrerinnenbildungsanstalt zu Walfer
  • jiddereen, deen wollt seng Oppositioun géint d’Nazien an aller Öffentlechkeeet weisen, huet e Wee a Mëttelen fonnt fir sech vum Okkupant ze demarkéieren)

– D’Nazien hunn direkt verstan, datt et hei nët em e puer eenzel Onzefriddener géiw goen, mä em eng kloer Oofleenung vun hirem Regime. Hir Reaktioun war brutal: den Ausnahmezoustand gouf ausgeruff. De Cortège vun de Streikenden zu Wolz gouf brutal opgeléist, di däitsch Polizei ass op den Industriesiten intervenéiert, Dausende gouwwe verhaft a gefoltert, Honnerte sinn an de Konzentratiounslager ëmkomm. Ganz Famillje gouwwen ëmgesiidelt, di meescht no Schlesien (am heitege Polen).

– An de groussen Haaptstied an der ganzer Welt, bis an Nord- a Südamerika, gouww mat Erstaunen a mat Respekt Kenntnis geholl vun der Reaktioun vun deem klenge Lëtzebuerger Vollek, dat sech mam Mutt vun der Verzweiflung géint d’Nazië gewiert huet.

– D’Grève hat eng Rei Konsequenzen fir d’Lëtzebuerger: wann am Elsass d’Joergäng 1908 bis 1927 vun der Zwangsrekrutéierung concernéiert waren, da waren et zu Lëtzbuerg “nëmmen” d’Joergäng 1920-27. En anere positiven Effet vum Generalstreik war datt ëmmer méi Leit Vertrauen an d’Resistenz kritt hunn: ëm 2.000 Jongen, déi refuséiert haten fir an d’Wehrmacht ze goen, sinn zu Lëtzebuerg mat Hëllef vun hirer Famill an der Resistenz verstoppt ginn. Grad [gëschter], gouf an den alen Ausstellungshalen Victor Hugo um Lampertsbierg vun der Federatioun vun den Zwangsrekrutéirten eng Plakette als Erënnerung un di Jongen déi als Refraktären oder Deserteuren sech dem Nazi Diktat entzunn hunn ageweit.

(3) Komme mer op haut: Mir sinn hei an der Ville Martyr vu Wolz bei Geleeënheet vum Streikgedenkdag 2020 a mer stelle fest: de Rietsextremismus an den Negationismus ënnerwandert och nach haut a ville Länner di demokratesch Institutiounen an ass vill méi geféierlech a präsent wéi mer mengen.

E ganzt rezent Beispill vu virun e puer Deeg: viru 76 Joer, den 10. Juni 1944 hat d’SS Divisioun Das Reich zu Oradour-sur-Glane a Frankräich 642 Männer, Fraen a Kanner ëmbruecht. Si hu virdéischt d’Männer erschoss an duerno d’Fraen an d’Kanner an der Kierch agespaart an déi dunn a Brand gestach.

De Centre de mémoire vum Village Martyr vun Oradour-sur-Glane gouw den 22. August 2020 verschampeléiert vun onsägleche Schmierereien, wou martyr duurch menteur ersat gouw. Dat do an aner Attacken op esou Plazen, déi e lieu de recueillement et de mémoire sinn, wéi zu Christchurch an Neiseeland, Halle an Hanau an Däitschland oder di rezent Attack op d’Synagog zu Graz an Éisterräich sinn am gaang zouzehuelen.

Ech sinn iwwerzeegt: esou Gedenkzeremonie wéi déi vun haut hunn nëmmen dann e Wäert, wa mer doraus di praktesch Konsequenzen zéien fir eisen Alldag. An dofir musse mer, jiddereen op senger Plaz Zivilcourage hunn a fir déi Wäerter, fir déi eis Leit am 2. Krich gestuerwe sinn, astoen.

(4) Wat musse mir, jiddereen op sénger Plaz, maachen?

Mir mussen derfir suergen, datt di historesch Wourecht nët mat Féiss getrëppelt gëtt. De Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre mondiale huet sech virgeholl fir och Themen, déi vläicht an eiser mémoire collective verschwonne waren, wéi Collaboratioun, Antisemitismus, fräiwëlleg Partizipatioun vun ca 1.500 Lëtzebuerger an der Wehrmacht unzespriechen. Allerdéngs wiere mer eis géint Bestriewungen, déi d’Crimen vun enger Minoritéit vu Lëtzebuerger als Virwand huelen fir d’Meriten vun de ville Lëtzebuerger a Fro ze stellen.

Beweise mir och haut deen Zivilcourage dee vill Lëtzebuerger, Fraen a Männer, am 2. [Krich] bewisen hunn? Kee vun eis ka wëssen wéi hien selwer virun 80 Joer reagéiert hätt! Wéi hätte mir reagéiert, wéi hätt ech reagéiert, wann et drëm gaange wär iwwer Liewen an Dout ze decidéieren? Wéi hätt ech reagéiert wann ech verhaft, gefoltert, deportéiert an a KZer oder Vernichtungslager bruecht gi wär? Well mer der Nazi-Ideologie net entsprach hunn, well mer politesch Opposants waren oder Judden, oder Roma a Sinti, oder Homosexueller, oder Jehovazeugen, oder sougenannt Asozialer? Oder wa mer géint eise Wëllen an d’Wehrmacht forcéiert gi wären? Hätt ech wéi vill ze vill d’Fauscht an der Täsch gemaach oder souguer offen oder heemlech mat den Naziën zesummegeschafft?

  • Wéi reagéiere mir haut wa mer, am Bistrot, an der Schoul oder op der Aarbéchtsplaz, confrontéiert gi mat blöde Witzen, déi rassistesch, friemefeindlech oder antisemitisch gefierwt sinn?
  • Hu mer de Courage fir op de social media Stellung ze huelen wa Feindbilder opgebaut ginn – ëmmer di Auslänner!, oder se sinn all korrupt! bis zu alle méiglechen Verschwörungstheorien?
  • Huele mer eis d’Zäit fir Noriichten op hir Wourecht oofzeklappen? Si mer bereet kontradiktoresch ze diskutéieren ouni deen aneren fäerdeg ze maachen?
  • Watfer Argumenter hu mer fir an enger Diskussioun Leit ze entweren, déi di elementar Mënscherechter a Fro stellen? D‘UNO Déclaratioun vun de Mënscherechter vun 1948 seet, datt all Mënsch fräi a gläich un Dignitéit an u Rechter gebuer gëtt: wéi kann een do net Parallelen zéien tëscht deene Milliounen vun Displaced Persons an Ost- a Westeuropa nom Enn vum 2. Weltkrich an de Flüchtlingen vun haut, déi op der Sich no Sécherheet sinn, a vun de Rietsextreme verdäiwelt ginn.

Passe mer op wat fir eng Sprooch, watfir Wierder mer gebrauchen an eisem Schwätzen, Schreiwen an an de social media? Et ass net egal wat a wéi mer eppes soen! Rietsextrem Schlagwieder ënnergruewen d’Wourecht an d’Mënscherechter. Rietsextrem Desinformatioun schaaft fundamentalt Mësstrauen vis-à-vis vun deem Aneren: sie ass de Nährbuedem vun allen Extremisten a si schaaft e Klima vun Onsécherheet a vu Mësstrauen!

(5) Zanter dem Ausbroch vun der Coronavirus Pandémie hu mer eng erschreckend Feststellung gemaach: mir hu gemierkt wéi zerbriechlech, wéi fragil mer all sinn, ob jonk oder al.

Mir hu geléiert, datt mer mussen op sozial Distanz goen, nët nëmmen fir eis selwer ze schützen mee och di aner! Awer di nei Fragilitéit, dat neit Elengsinn huet eis och bäibruecht, datt mer eng nei Form vu Solidaritéit mussen entwéckelen, fir solidaire an net solitaire ze ginn, sou wéi den Albert Camus et schons a sengem Roman vun 1947 La Peste seet. Mat allen Onsécherheeten mat deene mer och elo nach confrontéiert sinn, solle mer awer och all deene ville Leit am Land, déi grad dëst Joër Solidaritéit bewisen hunn, e grousse Merci soen. Dat mécht Courage, dat léisst hoffen!

(6) Esou Gedenkfeieren wéi déi vun haut si wichteg Momenter well mer do nees d’Stëmm héieren vun deenen, déi net méi do sinn. Mir lauschtere mat Respekt op déi Lektiounen, déi si eis mat op de Wee ginn hunn, an déi haut näischt vun hirer Aktualitéit verluer hunn.

Ech halen op mat engem kuurzen Zitat vum Mauthausenschwur, deen de 16. Mee 1945, am KZ Mauthausen um Appellplatz vu befreite Prisonnéier – an 12 verschiddene Sproochen – virgedroe gouf:

La paix et la liberté sont la garantie du bonheur des peuples et l’édification du monde sur de nouvelles bases de justice sociale et nationale est le seul chemin pour la collaboration pacifique des Etats et des peuples.

Nous voulons, après avoir obtenu notre liberté et celle de notre nation, garder le souvenir de la solidarité internationale du camp et en tirer la leçon suivante :

Nous suivrons un chemin commun, le chemin de la compréhension réciproque, le chemin de la collaboration à la grande œuvre de l’édification d’un monde nouveau, libre et juste pour tous.

Merci fir d’Nolauschteren!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top