Aide pour les utilisateurs

Cette page n’a pas encore été traduite.

Hei as erklärt wéi User déi sech um Site registréiert hun an déi néideg Erlabnis zougedeelt kruten kënnen Inhalt fir den Site erstellen.

Fotoen eroplueden

Sich fir d’éischt d’Fotoen zesummen déi s de wëlls eroplueden. Déi virgeschloe Gréisst as maximal 800 Pixel laang oder héisch. Probéier fir d’Unzuel vu Fotoen pro Evenement ënner 50 ze halen. (Déi Zuel as flexibel, mee probéier selwer ze décidéieren wéieng derwärt sin eropgelueden ze gin a wéieng net.) Wann déng Fotoen prett sin, lies virun.

Op der Startsäit, klick riets ënnert déngem Numm op « Neien Fotoalbum. »

Am Feld « Nei Galerie » schreiw den Numm vun der Galerie an déi d’Fotoen wou s de wëlls eroplueden komme sollen. Am beschten schreiws de den Datum, d’Platz an dann em wat et geet. Fir en AvEx Camp zu Munzheim an der Belge vum 18.-26. Juli 2009 wier den Numm vum Album zB: « 20090718 Munzheim (BE), AvEx Camp ». Denk drun dass éèäëö an sou weider net gin.

Klick op « Galerie bäisetzen. »

Klick op « Biller eroplueden. »

Klick op « Broswe… », « Parcourir… », « Durchsuchen… » demno wéieng Sprooch däi Computer huet.

Sich op déngem Computer déi Biller déi s de wëlls eroplueden. Du kanns méi wéi ee Bild gläichzäiteg eroplueden. Dann klick « OK », « Select », « Wählen » oder sou fir ze bestätegen. (Denk drun opzepassen dass déng Biller net ze grouss sin. D’Maximalgréisst steet ënnert « Wiel eng Galerie. »

Am Feld « Wiel eng Galerie » wiel déi Galerie eraus déi s de grad gemach hues. Wann s de dono nach Fotoen wëlls dohin bäisetzen kanns de den Schrëtt wou s de eng nei Galerie erschafs iwwersprangen.

Klick op Biller eroplueden. Wann alles ok as kriss de gesot dass et geklappt huet. D’Biller sin elo um Server, fir se ze verëffentlechen kuck drënner bei « Artikel schreiwen. »

Artikel Schreiwen

Op der Startsäit, klick riets ënnert déngem Numm op « Schreiw eppes ».

Gëff uewen den Titel vum Artikel an.

An der grousser Këscht schreiws de den Text. Du kanns den Text formatéieren mat den Text-Utensilien, mee géi spuersam domat ëm. Looss den Text w.e.g. schwaarz. Fir en Link bäi ze setzen, markéier den Text aus deem e Link soll gin a klick uewen op d’Kettesymbol. De Rescht misst relativ einfach sin.

Wanns de wëlls eng Fotogalerie verëffentlechen, klick op d’Symbol fir « Gallery »: Bei Select Gallery, wiel déng Galerie aus an klick op Insert.

Wiel bei « Kategorien » eng Kategorie aus an déi den Artikel passt. Scoutziedelen, Scoutstricker, an Neiegkeeten hun zB all hir egen Kategorie. Wann et néieren hin passt, wiel keng Kategorie.

Bei Stëchwieder kanns de Stëchwieder antippen. Trenn se mat engem Komma.

Wann s de fäerdeg bas den Text ze schreiwen respektiv Galerien anzesetzen (oder allen zwee), klick riets op den bloen Knäppchen « An d’Iwwerpréiwung schécken. » En Administrator kuckt den Artikel no an verëffentlecht en wann alles an der Rei as.

Wanns de nach froen hues kontaktéier en Administrator iwwer den « Kontakt » Formular.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top