Chronik

Eise Grupp gëtt et scho säit 1925!

1907

Den éischte Camp no der Scoutsmethod fënnt statt. E gëtt geleed vum Robert-Baden Powell op der Brownsea Insel a Groussbritannien.

1907
1925

Zu Péiteng gëtt eng Scoutssektioun gegrënnt mat dem Maurice Gillain als Sektiounsmaster, Paul Mainz als Assistent an Lucien Schaak als Aumônier. De Foulard ass hallef blo an hallef orange. D’Versammlunge sinn an engem Sall am Spidol, spéider am Kaplounshaus. Den 17. Juni gëtt d’Trupp offiziell als Sektioun vun de “Lëtzeburger Scouts” unerkannt.

1925
1926

Eng éischt Péitenger Wëllef Ekipp gëtt gegrënnt. Der Trupp hiren éischte Camp war zu Nice a Monaco.

1926
1927

D’Péitenger Sektioun leedt den nationale Schoulcamping zu Dikrech. Den Trupp gëtt sech den Numm Sainte Marie.

1927
1931

Eng Péitenger Roversektioun gëtt gegrënnt

1931
Verspriechen
1932

Zu Péiteng gëtt e FNEL Grupp gegrënnt, « Les Margays – Éclaireurs de Pétange » mat Memberen déi aus der Ste Marie ausgetruede sinn.

1932
1932


Den Abbé H. Schumacher gëtt neien Aumônier.
1933 D’Sektioun Ste Marie gëtt agedeelt an eng Wëllefchersmeute (48 Memberen), Scoutstrupp (6) an e Roverclan (7).

1932
1934

De Metty Hens gëtt Sektiounsmaster. Den Abbé H. Schütz gëtt Aumônier.

1934
1935

Mat engem Camp um Réimerhaff feiert d’Sektioun hir 10 Joer.

1935
1936

E Sall fir d’Wëllefcher gëtt an der aler Bouweschoul ageriicht. D’Scouten a Rover versammelen sech op engem Späicher an der Adolphe-Strooss, gratis verlount vum Epicier Franz Kremer.

1936
Verspriechen
1938

De Raymond Polfer gëtt Sektiounsmaster.

1938
1939


Lëtzebuerg feiert 100 Joer Onofhängegkeet. Zu Péiteng huelen d’Scoute mat engem Won um Cortège Deel.

1939
1939

Den Abbé J.-P. Belche gëtt Aumônier.

1939
1940

Nazi Däitschland besetzt Lëtzebuerg. 25 Lëtzebuerger Scoutscheffen an der Scouts-Resistenz fusionéieren mat der Lëtzebuerger Volléks Legioun, en Deel vun der Resistenz.

1940
Verspriechen
1941-45

Membere vun de Péitenger Scoute ginn an d’Wehrmacht agezunn, anerer ginn op Hinzert oder Auschwitz bruecht oder an der Villa Seligmann drangsaléiert.

1941-45
1944


De Léon Snel (LS) an de Jos Wengler (FNEL) waren am Krich zu Hinzert am KZ. Si wëllen d’Rivalitéit tëschent den zwee Péitenger Scoutsgruppen begruewen. Am Oktober ’44 ginn d’Scouten “Union Nationale Péitenger Scouten – Trei zum Land » als fusionéierte Grupp zu Péiteng gegrënnt, mat iwwer 100 LS an FNEL Memberen. Sektiounschef ass de Jemp Hengen.

1944
1945

D’Membere vun de Scouten « Trei zum Land” ginn, op Drock vun den zwee nationale Verbänn, gréisstendeels nees an hir 2 Veräiner vu virum Krich iwwer, engersäits e FNEL Grupp, anerersäits d’Sektioun Ste Marie déi bei de Lëtzebuerger Scouten opgeholl gëtt. Sektiounschef ass den Mathias Henns, Aumônier de J.P. Belche.

1945
1945??

D’Péitenger Scoute halen um Prënzebierg eng éischt Kéier d’Buergbrennen um « rouden Tipp”.

1945??
1945??

D’Péitenger Scouten halen eng éischt Kéier en Adventsbazar.

1945??
Verspriechen
1945

D’Schwëstere Funck [Virnuimm?] grënnen d’Péitenger Guiden Trupp Princesse Marie-Gabrielle.

1945
1945


D’Péitenger Scouten spillen déi éischt Kéier Theater. Déi zwee éischt Stécker waren « Schouschter bléif bei dengem Lêscht” an “De Bounejang », vum do un ass bal all Joer Theater.

1945
1946

Eng ASBL gëtt gegrënnt déi sech mat dem Bau vun engem Chalet befaasst. 1947 gëtt dofir en Terrain um Prënzebierg dem Bauer Kaufmann ofkaf.

1946
1946

De Pir (Pierre) Hahn gëtt Sektiounschef.

1946
1948

De Bau vum Chalet um Prënzebierg fänkt am Mee un, am Wanter sinn éischt Versammlungen drann.

1948
Verspriechen
1949

D’Fatima Kapell gëtt um Prënzebierg opgeriicht fir déi verstuerwe Scouten. D’Kapell an de Chalet ginn de 17. Juli ageweit. 

1949
1950


D’Golgota/Karfreideg/Missiouns-Kräiz bei der Kapell gëtt opgeriicht. Ëm déi selwecht Zäit kënnt e bëssche méi wäit beim Chalet eng Versammlungsplaz an e Menhir stoen, mat enger Metalle Plakett vum B.P. 

1950
1951

Den Abbé Marcel Stirn gëtt neien Aumônier.

1951
1953

De Clan vun den ale Rover gëtt gegrënnt, mam Léon Keiser als éischte Präsident.

1953
1953

Zu Péiteng ass eng éischt Kéier Kavalkade, d’Scoute verkleede sech a si mat dobäi. 

1953
Verspriechen
1955

D’Péitenger Wëllefcher kréien den „Éieremast“. Dat ass eng national Auszeechnung, déi vum Verband vun den LS deem beschte Wëllefchersruddel vum läschte Joer zougedeelt gëtt.

1955
1955


Den Ierfgroussherzog Jean (Chefscout) an de Generol Daniel Spry (Direkter vum Boy Scouts World Bureau) besichen de Péitenger Chalet.

1955
1956

Den nationale Wëllefchersrally ass um Prënzebierg, a Präsenz vum Chefscout.

1956
1956

Nieft dem Chalet gëtt de “Schapp” gebaut fir Material a Geschier an als Atelier.

1956
1957

Déi Al Rover Trieden der Federatioun Scouts Adultes de Luxembourg bäi a nennen sech elo Guilde Sainte Marie Péiteng.

1957
Verspriechen
1959

De Grupp mat der Guilde riichte beim Chalet déi éischt Spillplaz zu Péiteng op.

1959
1960


D’Péitenger Scouten fänken un den ale Pabeier ze sammelen. Mëttlerweil ass eis Pabeiersammlung  eemol de Mount.

1960
1960

Am Juni feiert d’Trupp hire 35. Gebuertsdag.

1960
1963

Nieft de Chalet gi Säll gebaut  Se sinn 1965 fäerdeg.

1963
1957


D’Guilde fänkt u mat hirer Lepraaktioun an Indien, Congo, Senegal, Togo, Uganda a Madagascar.

1957
Verspriechen
1965

D’Péitenger Wëllefchersekipp organiséiert zu Olwen e Camp un deem 600 Jongen Deel huelen.

1965
1968


De Chefdag vun de Lëtzebuerger Scouten ass zu Péiteng.

1968
1972

Den Akela Marcel Steimenz vum Péitenger Grupp gëtt Wëllefcherskommissär.

1972
1973

D’Branche “Scoute » gëtt gedeelt an Explorer a Pionéier. D’Branche “Guiden” gëtt gedeelt an Aventuren a Caravellen.

1973
1975


Am Mee feieren d’Guiden a Scouten zesumme 50 Joër Bestoe vun de Péitenger Scouten. Och dono schaffen se weider enk zesummen a schaffen ab 1974/75 als éischt Grupp am Land koedukativ a bal alle Branchen. D’Sektioun Ste Marie gëtt de Grupp Ste Marie. Gruppechef ass de Pierre Hahn, Aumônier den Abbé Philippe Barthel.

1975
Verspriechen
1977

Enn de 70er, Ugangs 80er Joeren haten Péitenger Guiden a Scouten bal 200 aktiv Memberen, dorënner eng Cheféquipe vun ronn 25 Cheftainen a Chef. Dëst war de Memberrekord.

1977
1980


De Scouts Verband kritt vun der Regierung d’Haus Rasmussen um Kuelbecherhaff als Chalet ugebueden. D’Péitenger Grupp iwwerhëlt d’Gestioun. Ënnert der Leedung vum Marcel Steinmetz, mat haaptsächlech Guildememberen, gëtt de Chalet renovéiert fir dass e verlount ka ginn.

1980
1982

D’Grupp ass um Jubika Camp zu Betzder fir AvEx a CaraPio. Vill Péitenger hëllefen an der Schaffekipp an och dono ëmmer erëm an der Holzekipp op nationalen an internationalen Campen.

1982
1984-86

4 Member vun de Péitenger Scouten ware gläichzäiteg als Kommissar Member an der Équipe fédérale vun de Lëtzebuerger Scouten.

1984-86
1987


Grënnung vun der « Jonk Guilde », déi e puer Joer besteet.

1987
Verspriechen
1988

De Leo Lutgen gëtt Gruppechef.

1988
1988


De Grupp ënnerstëtzt e Projet am Senegal, eenzel Membere schaffen am Senegal mat.

1988
1990

De Paul Zwick an d’Mounie Zimmer gi Gruppecheffen, a si gläichzäiteg op Verbandsniveau aktiv.

1990
1991

De Prënzebierg gëtt Naturschutzgebitt, d’Buerg gëtt vun elo un an der Wiss beim Chalet gebrannt. 

1991
1991


De Chefdag vum Verband fënnt zu Péiteng statt. Et gëtt décidéiert dass och wann d’Guiden a Scouten nach net fusionéieren, Meedercher als Scouten opgeholl kënne ginn.

1991
Verspriechen
1992

De Grupp mécht mat bei enger Aktioun fir Kanner aus Tschernobyl.

1992
1994/95


D’Lëtzebuerger Guiden an d’Lëtzebuerger Scoute fusionnéieren, esou och d’Péitenger Scouten Sainte Marie an d’Péitenger Guiden Sainte Cécile.
Als gemeinsame Grupp – mat dem Schutzpatroun Hl. Franz vun Assisi – huele se um nationale Fusiounscamp Atlantis zu Betzder Deel, a stellen eng Schaffekipp.

1994/95
Virun 2000

De Carlo Gira gëtt Gruppechef.

Virun 2000
2000

De Grupp feiert 75 Joer an décidéiert eng B.A. (Bonne Action) ze maachen: en Don an a Prêt un d’Famill vun engem jonke Meedche mat engem Häerzfeeler erméiglecht eng Transplantatioun déi just an den USA kann duerch gefouert ginn.

2000
2000/2001


De Guy Zoller gëtt Gruppechef.

2000/2001
Verspriechen
Mëtt 1990er

De Péitenger Chalet gëtt no neie Brandschutzmoossnahmen renovéiert.

Mëtt 1990er
2006

De Chalet gëtt ëmgebaut, mat neie Sanitär Anlagen, Inox Kichen, an Noutausgang vum 1. Stack. 

2006
2013

Eis Guilde heescht vun elo un Guilde vun de fréiere Guiden a Scouten vu Péiteng.

2013
2015

Eis Plakett vum B.P., déi mer an de 70er Jore geklaut kruten, gëtt 2015 vum René Lippert-Weiler nei aus Lehm geformt an um Franziskusdag virgestallt.

2015
2016


D’Claire Dording gëtt Gruppecheftaine.

2016
Verspriechen

Zesummegedroen op Basis vu Recherchéiertem an Erliewtem vun: Carlo Gira, Leo Lutgen, Arny Martin, Carlo Peiffer.

Dës Chronik soll als Iwwersiicht déngen an ass noutgedrongen net komplett.

Geschichtsfuerscher No 8 Guiden a Scouten vu Péiteng

Virwëtzeg?

E Buch iwwer d’Geschicht vun de Guiden a Scouten zu Péiteng

Dëst Buch vun den Amis de l’Histoire de la commune de Pétange dokumentéiert d’Geschicht vun de Guiden an de Scouten zu Péiteng, bis zeréck an hiren Ufank an den 1920er Joren.

Souscription « Geschichtsfuerscher no 8 »
* Guiden a Scoute vu Péiteng *

Editeur: Les Amis de l’Histoire de la commune de Pétange
1, avenue de la Gare L-4873 Lamadelaine

Auteurs: Arnold Martin, Emile Angel, Lucien Schaaf, Léon Keiser.

Prix du livre: 30€.
Port 5€, gratuit dans la commune de Pétange ou sur ramassage
CCPL LU38 1111 2325 2718 0000 Les Amis de l’Histoire, Pétange

Schéckt är Bestellung u geschichtsfrenn at petange punkt lu.

Scroll to Top