AvEx

Eis Method

D’AvEx si fir déi Jonk vun 11-14 Joer.

„AvEx“ ass d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, Meedercher a Jongen, tëschent 11 a 14 Joer. 

D’AvEx treffen sech reegelméisseg, 1 mol an der Woch fir eng Versammlung ze maachen. D’AvEx erliewen Expeditiounen déi iwwer méi Versammlungen undaueren, mat Theme wéi z.B.: Natur, Ritter, Experimenter, … Déi Theme sichen d’AvEx selwer eraus an hier Chef bereeden dozou dann eppes vir.

D’AvEx maache reegelméisseg e Weekend an engem Chalet, meeschtens als Ofschloss vun enger Expeditioun. D’AvEx schléissen d’Guiden- a Scoutsjoer mat engem grousse Camp of, wou si dann an Zelter schlofen, sech selwer kachen, etc…

D’Chefekipp vun den AvEx

Frederic Feller

Responsabele Chef fir d’AvEx, Administrator fir lgspeiteng.lu
Tel: 621472510

Interessen: Filmer kucken, Bicher liesen a spazéiere goen

Jim Buso

AvEx Chef

Interessen: Vëlo fueren, Schi fueren, an nei Saache kenneléieren

Verspriechen

Charel Dording

AvEx Chef

Verspriechen

Fränz Dording

AvEx Chef, Ekipp Péitenger Chalet

Interessen: Klammen, Volleyball, Mechanik

Alessio Monaco

AvEx Chef

Interessen: Musék, Turnen , Fitness, a campen goen

Claude Scholtes

AvEx Chef

Interessen: Longboard fueren, an der Natur sinn a Serien kucken

Juliette Steffes

AvEx Chef

Interessen: Fotografie, Geschicht, Literatur, Natur a Volleyball

Annick Wegener

AvEx Chef

Interessen: Päerd reiden a Kutsch fueren, Wanderen a Vëlo fueren

Marc Zoller

AvEx Chef

Interessen: Molen, Sauna, Zäit an der Natur verbréngen, Medezin studéieren a Klinikclown sinn

Claire Zwick

AvEx Chef

Interessen: Baken a Kachen

Rezent Campen

Januar 1, 2019

Bothel (Däitschland)

Mexico Camp Arriba mat den AvEx vun Déifferdeng

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Kuelbecherhaff (Miersch)

Indianer Camp Tokeca mat den AvEx vun Käerjeng, Déifferdeng an Esch-Grenz

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Kierchbierg

Nationalen Camp Go Urban zesumme mat den AvEx vu Käerjeng an Esch-Grenz

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Fënsterdall (Miersch)

Zäitrees Camp Tempus Machina mat den AvEx vu Käerjeng an Déifferdeng

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Rotterdamm (Holland)

Pirate Camp Libertalia mat den AvEx vu Käerjeng an Déifferdeng

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Kuelbecherhaff (Miersch)

Camp mat den AvEx vu Käerjeng an Déifferdeng

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Ettelbréck

Nationalen Avex Camp 4 Elementer

Januar 1, 2019

Scroll to Top