Umellen

Wann ärt Kand bei eise Versammlungen an Aktivitéiten wëll deelhuelen, ass et ganz einfach fir et un ze mellen. Kommt einfach an eng vun eise Versammlugen a schwätzt mat engem vun de Chef. Si erklären iech alles a soen iech wéi eng Altersbranche bei d’Kand oder de Jonke passt. Dozou kënnt der scho méi liesen am Deel Iwwer eis.

Wéini genee eis Versammlunge si gesidd der am Agenda. Déi éischt Versammlung vun all Scoutsjoer ass am September nodeems d’Schoul ugefang huet, fir d’Branchen Biber, Wëllef, AvEx a CaraPio Samgdes vu 14:00-16:00. D’RaRo (17-23 Joër) gesi sech Samgdes vu 16:15-18:30.
Mir treffen eis gewéinlech bei eisem Chalet um Prënzebierg an der rue Belle Vue zu Péiteng. Loost den Auto am léifsten ënne stoen a kommt zu Fouss de Bierg erop.

Wann der nach Froen hutt, kënnt der iwwer d’Kontakt Säit un eis kommen!

Scroll to Top