CaraPio
Eis Method
D’CaraPio si fir déi Jonk vu 14 bis 17 Joer.
D’Caravellen a Pionéier treffe sech all Samschde vun 14:00-16:00 an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten ze organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gëtt geluecht op d’Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an d’Engagement grouss geschriwwe ginn.
De Startschoss fir e neit Joer as ëmmer d’Montée, wou déi nei CaraPio an d’Trupp opgeholl gin. Am Laf vum Joer ginn dann Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehal. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoer ass awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as.
- Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
- Knëppe vun internationale Frëndschaften
- Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen
- Am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen
- D’Natur a senge Verschiddenheeten erliewen
- Grenzen iwwerwannen
“Fuer duer” ass de Sproch vun de CaraPio: organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.
D’Chefekipp vun de CaraPio
Gilles Glod
Responsabele Chef fir d’CaraPio, Administrator fir lgspeiteng.luInteressen: Fotografie, Geocaching, 3D Printen, Origami
Christophe Bintener
CaraPio ChefInteressen: Wëssenschaft, Technik, Sproochen an Oldtimer