CaraPio Verspriechen um GoUrban Camp

Infos CaraPio Verspriechens WE

Fir d’CaraPio

De Samschden, 24. September start eise Verspriechens WE zu Suessem.

Umelle kënnt der iech bis e Samschden 17.9. an der Versammlung oder per SMS beim Gilles.

Maacht e Virement bis de Méindeg 19.9.:
LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
15€*

Vermierk: CaraPio Verspriechens WE + [Numm vum CaraPio]

RDV um 18:00, Home Luss Collini, 18 Rue du Château, 4992 Sanem. Schluss ass Sonndes moies um 11:00 op der selwechter Plaz.

Mathuelen:

·       Kleeder fir waarmt, kaalt, an/ oder naasst Wieder, Uniform, Foulard, fest Schung

·      Wäschsaachen, perséinlech Medikamenter

·      Schlofsak, Carrymat (mir schlofen an Zelter)

·      Bic a Bloc

·       Täscheluucht an Täschemesser

·       Bidon mat Waaser, Becher, Gamelle, Besteck & 2 Spulldicher

·      Fiche Médicale F09A (lgspeiteng.lu/doc)

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top