All posts by Gilles

LiDAR vu Lëtzebuerg #homescouting

Wann iech de wee op de Prënzebierg am Moment grad esou feelt wéi eis, probéiert et emol mat enger virtueller Visite!

Screenshot vun lidar.geoportail.lu

Iwwer de Geoportail kommt der säit dem 2. Abrëll un zentimetergenee Opmoossunge vum ganze Land, an natierlech och Péiteng. All Heck a Bam ass mat drop! Probéiert et aus op lidar.geoportail.lu. Bal wéi Minecraft, gell?

Detailer zur Verëffentlechung ginn et op gouvernement.lu.

JOTI Spezial Editioun #homescouting

Den Joti ass een offiziellen Event vu WOSM an ass och deen gréisste Jamboree op der Welt.
Du kanns dech fir verschidden Aktivitéiten während dem ganze Weekend (3. – 5. Abrëll) umellen – vun E-Léiercoursen iwwer Gesondheet, Wuelbefannen an Online Sécherheet bis iwwer d’Kenne léieren vun verschidde Kulturen. Du kanns Spiller spillen a lëschteg Aktivitéiten leeden an och maache wat’s Du kanns fir déi di an Nout sinn ze ënnerstëtzen. Loosst mir eis géigesäiteg hëllefen, eis Frënn ënnerstëtzen a maachen dass dës Welt erëm e bësse méi hell gëtt.

Méi liesen: https://international.lgs.lu/2020/03/29/joti-spezial-editioun-3-5-abrell-2020/

Bonne Action Coronavirus

D’Rodanger an Lamadelainer Guiden a Scouten bidden de vulnerabel Leit aus der Gemeng hir Hëllef un.w
Eng Aktioun bei där de Péitenger Guiden a Scoutsgrupp sech ugeschloss huet fir si z’ënnerstëtzen fir déi déi et brauchen ënnert anerem akafen ze goen. Zesumme wëllen mir de Bierger déi eis brauchen hëllefen. Zesumme si mer staark.

Weider Informatioune sinn um Flyer, en dierf gäre gedeelt ginn! Informéiert är Matbierger déi eventuell dorun interesséiert kéinte sinn, domat mer hinnen eng Freed kënne maachen.