Chronik
Eise Grupp gëtt et scho säit 1925!
Den éischte Camp no der Scoutsmethod fënnt statt. E gëtt geleed vum Robert-Baden Powell op der Brownsea Insel a Groussbritannien.
Zu Péiteng gëtt eng Scoutssektioun gegrënnt mat dem Maurice Gillain als Sektiounsmaster, Paul Mainz als Assistent an Lucien Schaak als Aumônier. De Foulard ass hallef blo an hallef orange. D’Versammlunge sinn an engem Sall am Spidol, spéider am Kaplounshaus. Den 17. Juni gëtt d’Trupp offiziell als Sektioun vun de “Lëtzeburger Scouts” unerkannt.
Eng éischt Péitenger Wëllef Ekipp gëtt gegrënnt. Der Trupp hiren éischte Camp war zu Nice a Monaco.
D’Péitenger Sektioun leedt den nationale Schoulcamping zu Dikrech. Den Trupp gëtt sech den Numm Sainte Marie.
Eng Péitenger Roversektioun gëtt gegrënnt
Zu Péiteng gëtt e FNEL Grupp gegrënnt, “Les Margays – Éclaireurs de Pétange” mat Memberen déi aus der Ste Marie ausgetruede sinn.
Den Abbé H. Schumacher gëtt neien Aumônier.
1933 D’Sektioun Ste Marie gëtt agedeelt an eng Wëllefchersmeute (48 Memberen), Scoutstrupp (6) an e Roverclan (7).
De Metty Hens gëtt Sektiounsmaster. Den Abbé H. Schütz gëtt Aumônier.
Mat engem Camp um Réimerhaff feiert d’Sektioun hir 10 Joer.
E Sall fir d’Wëllefcher gëtt an der aler Bouweschoul ageriicht. D’Scouten a Rover versammelen sech op engem Späicher an der Adolphe-Strooss, gratis verlount vum Epicier Franz Kremer.
De Raymond Polfer gëtt Sektiounsmaster.
Lëtzebuerg feiert 100 Joer Onofhängegkeet. Zu Péiteng huelen d’Scoute mat engem Won um Cortège Deel.
Den Abbé J.-P. Belche gëtt Aumônier.
Nazi Däitschland besetzt Lëtzebuerg. 25 Lëtzebuerger Scoutscheffen an der Scouts-Resistenz fusionéieren mat der Lëtzebuerger Volléks Legioun, en Deel vun der Resistenz.
D’Péitenger Scoute léise sech am August op ier se verbueden an hir Finanze vun den Nazien agezu kéinte ginn. Dokument: Bréif fir d’Opléisung un de Gememengerot
Membere vun de Péitenger Scoute ginn an d’Wehrmacht agezunn, anerer ginn op Hinzert oder Auschwitz bruecht oder an der Villa Seligmann drangsaléiert.
De Léon Snel (LS) an de Jos Wengler (FNEL) waren am Krich zu Hinzert am KZ. Si wëllen d’Rivalitéit tëschent den zwee Péitenger Scoutsgruppen begruewen. Am Oktober ’44 ginn d’Scouten “Union Nationale Péitenger Scouten – Trei zum Land” als fusionéierte Grupp zu Péiteng gegrënnt, mat iwwer 100 LS an FNEL Memberen. Sektiounschef ass de Jemp Hengen.
D’Membere vun de Scouten “Trei zum Land” ginn, op Drock vun den zwee nationale Verbänn, gréisstendeels nees an hir 2 Veräiner vu virum Krich iwwer, engersäits e FNEL Grupp, anerersäits d’Sektioun Ste Marie déi bei de Lëtzebuerger Scouten opgeholl gëtt. Sektiounschef ass den Mathias Henns, Aumônier de J.P. Belche.
D’Péitenger Scoute halen um Prënzebierg eng éischt Kéier d’Buergbrennen um “rouden Tipp”.
D’Péitenger Scouten halen eng éischt Kéier en Adventsbazar.
D’Schwëstere Funck [Virnuimm?] grënnen d’Péitenger Guiden Trupp Princesse Marie-Gabrielle.
D’Péitenger Scouten spillen déi éischt Kéier Theater. Déi zwee éischt Stécker waren “Schouschter bléif bei dengem Lêscht” an “De Bounejang”, vum do un ass bal all Joer Theater.
Eng ASBL gëtt gegrënnt déi sech mat dem Bau vun engem Chalet befaasst. 1947 gëtt dofir en Terrain um Prënzebierg dem Bauer Kaufmann ofkaf.
De Pir (Pierre) Hahn gëtt Sektiounschef.
De Bau vum Chalet um Prënzebierg fänkt am Mee un, am Wanter sinn éischt Versammlungen drann.
D’Fatima Kapell gëtt um Prënzebierg opgeriicht fir déi verstuerwe Scouten. D’Kapell an de Chalet ginn de 17. Juli ageweit.
D’Golgota/Karfreideg/Missiouns-Kräiz bei der Kapell gëtt opgeriicht. Ëm déi selwecht Zäit kënnt e bëssche méi wäit beim Chalet eng Versammlungsplaz an e Menhir stoen, mat enger Metalle Plakett vum B.P.
Den Abbé Marcel Stirn gëtt neien Aumônier.
De Clan vun den ale Rover gëtt gegrënnt, mam Léon Keiser als éischte Präsident.
Zu Péiteng ass eng éischt Kéier Kavalkade, d’Scoute verkleede sech a si mat dobäi.
D’Péitenger Wëllefcher kréien den „Éieremast“. Dat ass eng national Auszeechnung, déi vum Verband vun den LS deem beschte Wëllefchersruddel vum läschte Joer zougedeelt gëtt.
Den Ierfgroussherzog Jean (Chefscout) an de Generol Daniel Spry (Direkter vum Boy Scouts World Bureau) besichen de Péitenger Chalet.
Den nationale Wëllefchersrally ass um Prënzebierg, a Präsenz vum Chefscout.
Nieft dem Chalet gëtt de “Schapp” gebaut fir Material a Geschier an als Atelier.
Déi Al Rover Trieden der Federatioun Scouts Adultes de Luxembourg bäi a nennen sech elo Guilde Sainte Marie Péiteng.
De Grupp mat der Guilde riichte beim Chalet déi éischt Spillplaz zu Péiteng op.
D’Péitenger Scouten fänken un den ale Pabeier ze sammelen. Mëttlerweil ass eis Pabeiersammlung eemol de Mount.
Am Juni feiert d’Trupp hire 35. Gebuertsdag.
Nieft de Chalet gi Säll gebaut Se sinn 1965 fäerdeg.
D’Guilde fänkt u mat hirer Lepraaktioun an Indien, Congo, Senegal, Togo, Uganda a Madagascar.
D’Péitenger Wëllefchersekipp organiséiert zu Olwen e Camp un deem 600 Jongen Deel huelen.
De Chefdag vun de Lëtzebuerger Scouten ass zu Péiteng.
Den Akela Marcel Steimenz vum Péitenger Grupp gëtt Wëllefcherskommissär.
D’Branche “Scoute” gëtt gedeelt an Explorer a Pionéier. D’Branche “Guiden” gëtt gedeelt an Aventuren a Caravellen.
Am Mee feieren d’Guiden a Scouten zesumme 50 Joër Bestoe vun de Péitenger Scouten. Och dono schaffen se weider enk zesummen a schaffen ab 1974/75 als éischt Grupp am Land koedukativ a bal alle Branchen. D’Sektioun Ste Marie gëtt de Grupp Ste Marie. Gruppechef ass de Pierre Hahn, Aumônier den Abbé Philippe Barthel.
Enn de 70er, Ugangs 80er Joeren haten Péitenger Guiden a Scouten bal 200 aktiv Memberen, dorënner eng Cheféquipe vun ronn 25 Cheftainen a Chef. Dëst war de Memberrekord.
De Scouts Verband kritt vun der Regierung d’Haus Rasmussen um Kuelbecherhaff als Chalet ugebueden. D’Péitenger Grupp iwwerhëlt d’Gestioun. Ënnert der Leedung vum Marcel Steinmetz, mat haaptsächlech Guildememberen, gëtt de Chalet renovéiert fir dass e verlount ka ginn.
D’Grupp ass um Jubika Camp zu Betzder fir AvEx a CaraPio. Vill Péitenger hëllefen an der Schaffekipp an och dono ëmmer erëm an der Holzekipp op nationalen an internationalen Campen.
4 Member vun de Péitenger Scouten ware gläichzäiteg als Kommissar Member an der Équipe fédérale vun de Lëtzebuerger Scouten.
Grënnung vun der “Jonk Guilde”, déi e puer Joer besteet.
De Leo Lutgen gëtt Gruppechef.
De Grupp ënnerstëtzt e Projet am Senegal, eenzel Membere schaffen am Senegal mat.
De Paul Zwick an d’Mounie Zimmer gi Gruppecheffen, a si gläichzäiteg op Verbandsniveau aktiv.
De Prënzebierg gëtt Naturschutzgebitt, d’Buerg gëtt vun elo un an der Wiss beim Chalet gebrannt.
De Chefdag vum Verband fënnt zu Péiteng statt. Et gëtt décidéiert dass och wann d’Guiden a Scouten nach net fusionéieren, Meedercher als Scouten opgeholl kënne ginn.
De Grupp mécht mat bei enger Aktioun fir Kanner aus Tschernobyl.
D’Lëtzebuerger Guiden an d’Lëtzebuerger Scoute fusionnéieren, esou och d’Péitenger Scouten Sainte Marie an d’Péitenger Guiden Sainte Cécile.
Als gemeinsame Grupp – mat dem Schutzpatroun Hl. Franz vun Assisi – huele se um nationale Fusiounscamp Atlantis zu Betzder Deel, a stellen eng Schaffekipp.
De Carlo Gira gëtt Gruppechef.
De Grupp feiert 75 Joer an décidéiert eng B.A. (Bonne Action) ze maachen: en Don an a Prêt un d’Famill vun engem jonke Meedche mat engem Häerzfeeler erméiglecht eng Transplantatioun déi just an den USA kann duerch gefouert ginn.
De Guy Zoller gëtt Gruppechef.
De Péitenger Chalet gëtt no neie Brandschutzmoossnahmen renovéiert.
De Chalet gëtt ëmgebaut, mat neie Sanitär Anlagen, Inox Kichen, an Noutausgang vum 1. Stack.
Eis Guilde heescht vun elo un Guilde vun de fréiere Guiden a Scouten vu Péiteng.
Eis Plakett vum B.P., déi mer an de 70er Jore geklaut kruten, gëtt 2015 vum René Lippert-Weiler nei aus Lehm geformt an um Franziskusdag virgestallt.
D’Claire Dording gëtt Gruppecheftaine.
Zesummegedroen op Basis vu Recherchéiertem an Erliewtem vun: Carlo Gira, Leo Lutgen, Arny Martin, Carlo Peiffer.
Dës Chronik soll als Iwwersiicht déngen an ass noutgedrongen net komplett.
Virwëtzeg?
E Buch iwwer d’Geschicht vun de Guiden a Scouten zu Péiteng
Dëst Buch vun den Amis de l’Histoire de la commune de Pétange dokumentéiert d’Geschicht vun de Guiden an de Scouten zu Péiteng, bis zeréck an hiren Ufank an den 1920er Joren.
Souscription “Geschichtsfuerscher no 8”
* Guiden a Scoute vu Péiteng *
Editeur: Les Amis de l’Histoire de la commune de Pétange
1, avenue de la Gare L-4873 Lamadelaine
Auteurs: Arnold Martin, Emile Angel, Lucien Schaaf, Léon Keiser.
Prix du livre: 30€.
Port 5€, gratuit dans la commune de Pétange ou sur ramassage
CCPL LU38 1111 2325 2718 0000 Les Amis de l’Histoire, Pétange
Schéckt är Bestellung u geschichtsfrenn at petange punkt lu.