Wee mir sinn

D’Péitenger Guiden an Scouten get et scho säit 1925. Eis Branchen hunn an der Schoulzäit all Samgdeg Versammlung zu Péiteng, am wonnerschéinen Naturschutzgebitt vum Prënzebierg. Eis Versammlungen sin am Chalet, deen 2006 komplett renovéiert gouf, an an den Säll rondrëm. Well mer sou no um Bësch sinn, profitéire mer dovun vir mat de Kanner an de Judendleche vill Zäit an der Natur ze verbréngen.

P

Mee waat sin eigentlech Guiden an Scouten?

Bei eis kanns du Villerlee erliewen a léieren.

Du kanns mat Frënn zesummen eng starten oder déng ausgefaalendst Iddeën ëmsetzen! Du kanns mat entscheeden wat mer an den Versammlungen machen an dech do asetzen wou et derwärt as. An den Guiden an Scouten kanns de villsäiteg Erfahrungen machen an Frënschaften mat Leit aus aneren Scoutsgruppen aus Lëtzebuerg an der ganzer Welt knäppen.

P

JIDDEREEN ZIELT

Et as eis wichteg jiddfer Eenzelnen am Grupp eng Chance ze gin fir all Beräicher vum Mënsch ze entwéckelen: Kierper, Geescht an Charakter.

Bei eis léieren d’Kanner an déi Jonk eis Ëmwelt ze respektéieren. Si gin encouragéiert sech fir Fridden an Gerechtegkeet an ze setzen, an sech partnerschaftlech ze verhaalen tëscht Jongen a Meedercher, Männer a Fraen.

P

ESOU SCHAFFE MIR

Zu eiser Method gehéieren d’Léieren duerch Selwermaachen, d’Spill an d’Aarbecht an klengen Equippen: Déi Jonk gin nom Alter agedeelt an dës Branchen: Biber, WiWël, AvEx, CaraPio, RaRo an Albatrossen.

Wichteg sin eis d’Liewen an an mat der Natur, den Asaatz fir Aanerer, den Engagement, d’Matbestëmmung an d’Matverantwortung. Dës Wärter gin mer während eisen Aktivitéiten weider: All Schoulwoch eng Versammlung, ongeféier all Trimester e Weekend, all Summer e groussen Camp.


« Franz vun Assisi »?

Dësen Numm huet eise Grupp sech bei der Fusioun vun de Péitenger Guiden a Péitenger Scouten ginn. D’Wiel vun eisem Patroun fält op den Hellegen Franz vun Assisi well hien d’Idealer Respekt vu Natur an Ëmwelt an einfacht Liewen, verkierpert.

Eis Struktur

Bei den Péitenger Guiden a Scouten gin ët gemëscht Gruppen. Och Kanner an Jugendlecher mat Behënnerung kënne matmaachen. All Guiden- a Scoutstrupp huet Cheftainen a Chef déi eng Formatioun matgemach hun an déi op fräiwëlleger Basis mat dene Jonke schaffen. Vu 17 Joër un kann ee Chef respektiv Cheftaine gin.
Eis Versammlungen sin all Samgdeg an der Schoulzäit vun 14-16 Auer (Biber, Wëllef, AvEx an CaraPio) an vun 16-18 Auer (RaRo) um Prënzebierg zu Péiteng. Kuckt am Agenda fir genee Detailer gewuer ze gin, oder benotzt den Kontakt Formular fir eis direkt ze kontaktéiren.

Scroll to Top