Collection de papier

Déi nächst Pabeiersammlungen

D’Pabeiersammlung vum 18. Abrëll fënnt statt. Si gëtt awer vu Gemengenaarbechter an net vun de Scouten gemaach.

NextGEN Gallery

Edit
Delete

Volontariat & Ëmweltschutz

D’Pabeiersammlung gëtt vu fräiwëllege Chef, Mataarbechter a CaraPio vun de Péitenger Guiden a Scouten an hirer Fräizäit gemaach.

Andeems dir äre Pabeier fir eis eraus setzt an en net an déi schwaarz Dreckskëscht geheit kann e weider verwäert ginn. Esou hëlleft der d’Natur ze schounen.

Hëlleft eis andeem s der är Päck konform halt

  • Halt är Päck an enger Gréisst déi 1 Persoun ophiewe kann.
    Ideal Gréisst: Wäikëschten (ongeféier 20x30x40cm)
    Schlecht Gréisst: Frigoskëschten, Miwwelkëschten, Fernsehkëschten.
  • Halt är Päck ënner 10kg.
  • Maacht just Pabeier a Karton an de Pak. Styropor ass kee Pabeier.
  • Maacht äre Pak esou zou dass en net futti fiert wa mir en oplueden. Am beschte ginn d’Këschten zou gepescht.
  • Maacht eidel Këschten (z.B. vu Miwwel) platt a bannt se mat Ficelle zesummen.

Falls äre Pak emol net mat geholl gouf

  • Setzt äre Pak fir 8:30 eraus fir dass mer en net verpassen.
  • Mir kënne just konform Päck op lueden. Anerefalls pesche mer e roude Sticker drop fir op de Problem hinn ze weisen:
    • De Pak ass ze schwéier.
    • De Pak ass ze grouss.
    • Am Pak sin Materialien déi net Pabeier oder Karton sinn, zum Beispill Glas, Metall, Plastik, Styropor oder Iessreschter.
    • De Pabeier ass net verpakt oder de Pak fällt auserneen.
Scroll to Top