Biber

Eis Method

D’Biber si fir Kanner am 2. Zykel.

D’Biber, Meedecher a Jongen tëscht 6 an 8 Joer, treffen sech eemol d’Woch an enger Versammlung fir zwou Stonne fir zesumme ganz vill flott Spiller dobaussen an och Bastelaktivitéiten ze maachen. Ganz vill Wäert leeë mer heibäi zemools op:

  • d’Natur
  • den eegene Kierper
  • d’Matmënschen
  • di ganz Welt
  • d’Spiritualitéit

Meeschtens plangt eis ganz Ekipp mer dëst ronderëm een Thema wat zur Joreszäit a Saison passt. Esou entdecken d’Kanner spilleresch a mat eise 5 Sënner all déi wichteg Saachen déi ee souwuel an deene méi héije Branchë mee och am Liewe gutt gebrauche kann.

Een neit Joer fänkt normalerweis ëmmer am September un, wou déi meescht nei Kanner sech umelle kommen. Am Laf vum Joer ginn da ganz vill Aktivitéite gemaach, mä et sinn och Sortien an e Weekend dobäi. Den Highlight vun engem Scoutsjoer an de Biber ass de Camp, deen an engem Chalet an eisem schéine Lëtzebuerg ass.

E puer wichteg Aspekter vun de Biber sinn:

  • d’Kenneléieren an de Respekt vun sech selwer, de Matmënschen an der Natur
  • Nei Frëndschafte grënnen
  • Vill Saachen erliewen an entdecken déi an am Liewe ka mathuelen
  • Zesummenhalt
  • Vertrauen an sech selwer an déi aner
  • Ganz vill Spaass hunn

„A lass!“ ass d’Motto vun eise Biber. Dat heescht, intresséier dech selwer an déi aner, fir d’Natur an d’Aussewelt, eleng oder mat dengem Kolleegen.

D’Chefekipp vun de Biber

Anna Monaco

Responsabel Cheftaine fir d’Biber | Tel: 621 754 360

Interessen: Danzen, Musek a Liesen

Mathilde Boillot

Biber Cheftaine

Interessen: Theater, Sangen, Molen an Architektur

Anne Elsen

Biber Cheftaine

Interessen: Natur, Reesen a Puzzle maachen

Laurence Martin

Biber Cheftaine

Interessen: Danzen, Liesen, Longboarding a Videospiller

Rezent Campen

Januar 1, 2019

Plaz

Beschreiwung vum Camp
Link zu de Fotoen

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Plaz

Beschreiwung vum Camp

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Plaz

Beschreiwung vum Camp

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Plaz

Beschreiwung vum Camp

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Plaz

Beschreiwung vum Camp

Januar 1, 2019

Scroll to Top