Kaart Prënz Charles

Léif Biber a Wëllefcher,

Wéi der de Moien vläicht schonn héieren hutt, krute mir eng flott Nouvelle vun eisem Chefscout an Ierfgroussherzog Guillaume: säi Jong, de Prënz Charles ass de Moien op d’Welt komm.

© Cour grand-ducale / Marion Dessard

Fir de Prënz Charles bei eis an de Scouten Wëllkomm ze heeschen, hu mir eis eppes Klenges afale gelooss: Mir wëllen him eng aussergewéinlech Gléckwonschkaart zoukommen loossen. Fir dass eis dat geléngt, brauche mir awer d’Hëllef vun alle Biber an alle Wëllefcher aus dem ganze Land:

Moolt ee flott Bild (mat Waasserfaarwen, Tuschbicken, Bläistëftsfaarwen asw), maacht ee Collage oder gitt an d’Natur a maacht een Naturbild fir de klenge Prënz Charles. Ärer Kreativitéit kënnt dir fräie Laf loossen. 

Schéckt eis eng Foto vun äre Konschtwierker u molen@lgs.lu. Mir bastelen dorausser eng flott Kaart zesummen, déi mer eisem Chefscout a senger Famill wäerte schécken. Den Delai fir eis d’Fotoen ze schécken ass de 24. Mee 2020.

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss, 
D’Biber- an d’Wëllefchersekipp

via Lëtzebuerger Guiden a Scouten lgs.lu Newsletter

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top