Mir hunn eis de pädagogesche Koffer “Zopp am Ärdlach” vun den LGS aus geléint a probéiert Zopp ze kachen esou wéi et fréier d’Kelte gemaach hunn. D’Manéier jiddefalls war déi keltesch, d’Rezept war eng Miso-Bouneschlupp vun Anne’s Kitchen. Et wat e Genoss esou ze kachen an d’Resultat konnt sech weise loossen!
Passend dozou hu mer och zwou Geschichte gelies: “Eng Zopp aus Steng” aus dem Buch Kolibri a Kolibra, an eng aner Gescicht mat dem selwechten Titel aus der LGS Iddiekëscht.
Pingback: Infoziedel bis den 02 Abrëll 2022 – LGS Péiteng