All posts by Veggilles

-Chieftain of the Adventurers and Explorers -Tamer of the wild and beastly AvEx-horde -grand Master of Arts -imperial Guitar player -Clan-healer -model Scout and Pathfinder

Funky Donkey Festival!

602905_641661499200397_39325468_nHallo allerseits, ech well hei enbessen Reclame fier meng leif Frënnaus dem heigen Norden machen. D’Clierfer RaRo organiseieren den 13.09.2014 en geilen Festival vun engem Daag, Funky Donkey heescht daat Deier, deen et secher an sech huet! Ech selwer, waert secher dohinner goen. Fier d’Leit dei wellen mad goen: Kaaft ierch en Ticket (10 €)! Dei ginn et ab haut op  e-Ticket oder op hierem Facebook-Site. An mellt ierch bei maer, ech suergen derfier, dass der douewen eng Schloofplaatz kritt. Leider steet och op mengem Programm den Daag drop frei opzestoen an den 14.09.2014 um Cortège derbei ze sin. Jojo, ech leschten mol d’Bands op: – Serge Tonnar & Legotripp – Blind Freddi – Los Duenos del Ska – Ill Effect – The Neverminds – Mambo Schinki – S.K.O.R-Tommek & Band – MTC

Also, kuckt ierch d’Bands mol un, weider Infos fannt der op Facebook enner: https://www.facebook.com/FunkyDonkey2014 

Peace, aeren Veggi!

Gilles M.

RaRo Camp

Ahoi, wichteg fier all RaRo!!!
Ech kruut endlech eng Entwert an mer hun och en Segelboot fonnt.  Mer fueren zwar net um Mettelmier, mee Nord- an Ostsee klengt dach och gut oder.
D’Scheff heescht SS MORGENSTER, eng Brigg vun 48m Gesamtlängt.
Start waer zu Swinemünde, eng Polnisch Hafenstaat direkt un der daitsch-polnescher Grenz.
dono geet et Richtung Kopenhagen an lanscht dei deitsch Westküst, haerno geet et lanscht dei englesch Ostküst.
Endstatioun waer Falmouth, ganz un der Südwest-Spetzt vun England.

-Waat den Transport ugeet ass d’Urees, Richtung Berlin eichter onproblematesch, mer giffen och eng Nuet zu Berlin schlofen.
Bedenken hunn ech eischter fier rem vun der Insel zreck op Lëtz ze kommen.

Feedback ass erwenscht, d’Claire huet och op Facebook um RaRosite geschriwwen.

Peace! Gilles M.

hei ass de Link, da kennt der ierch d^Scheff ukucken: http://www.windjammer-weltweit.de/html/content/morgenster.html