Infoziedel fir September 2024

Fir Iech alleguer (also fir Biber, Wëllefcher, Avex, CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef  a Guilde)

Dëst ass den éischten Ziedel fir dat neit Scoutsjoer. Mir freeën eis Iech alleguer erëm gesond an ausgerout no der Summervakanz ze gesinn.

Dëst Joer feieren mir zu Péiteng den 80ten Anniversaire vun der Liberatioun vu Péiteng mat engem grousse Fest. De genaue Programm vun de Manifestatiounen a Concerts vum dësem Anniversaire  kënnt der um Site vun der Gemeng fannen (www.petange.lu ënnert der Rubrik Agenda).

Hei elo just déi Evenementer wou mir als Scouten deelhuelen. Wëll nach vill vun eis an der Vakanz sinn, ass et wichteg dat dir kucke kommt fir d’Scouten ze representéieren.

Sonndes , den 8 September: Journée commémorative du Passeur

Mir gedenken do de Passeuren, dorënner vill Scouten, déi beim Versuch Mënschen aus dem besate Lëtzebuerg ze bréngen, verhaft an och ëmbruet gi sinn. RDV um 9:15h an Uniform bei der Parkierch zu Péiteng. No der Mass, gehale vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, ass dann um 10:15h d’Zeremonie bei der borne des Passeurs. Et ass wichteg dat do genuch Membere komme wëll mir méi  Fändelen droe mussen. D’Zeremonie ass um 11h eriwwer.

Méindes den 9. September: Gedenkfeier beim Monument vun Hyman Josefson

R.d.v um 18:30 an Uniform um Square Hyman Josefson. Do ass eng Gedenkfeier fir de gefalenen Zaldot am Bäisinn vun eisem Chefscout dem Ierfgroussherzog Guillaume. Eis offiziell Participatioun vun de Scouten ass géint 19:30 eriwwer. 

Léiw CaraPio, RaRo, Albatrossen , Guilde an Matarbechter:

Samschdes de 14 September: Pabeiersammlung zu Péiteng

RDV um 8:30h op dem ale Site vun der Eucosider. Wëll nach vill Memberen an der Vakanz sinn, ass all Hëllef wëllkomm. Merci fir deng Hëllef!

Samschdes den 21 September: D‘Kleedersammlung vum Kolpingswierk:

R.d.v wéi gewinnt um 9:00 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau. Mir sammele Kleedersäck vu Péiteng a gi wéinst dem Skoda Tour de Luxembourg dëst Joer op d’Eucosider auslueden.

Léiw Chef

Dënschdes de 17. September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° am Avexsall.

Samschdes de 21. September: Kongress zu Heischent an der Sportshal

De genaue Programm vun den Diskussiounsronnen an Ofstëmmunge fannt der an der Chefbox (https://chefbox.lgs.lu). Start ass um 16h. De Kongress fänkt mat Diskussiounsronnen zu verschiddenen Themen un, an duerno gëtt ofgestëmmt. De genaue Programm fannt der am Kompass. De Kongress ass just fir ernannte Chef/tainen. Jidderee soll sech selwer iwwert d’Chefbox umellen, et gi keng Gruppenumeldunge gemaach. D’Umeldung geet iwwer den Online-Formulaire, deen s du an der Chefbox fënns: chefbox.lgs.lu/desk/chefdag-kongress-umeldung/. Wann dir Problemer mat ärem Login hutt da mellt Iech beim Claire Zwick fir ze kucken op är Daten am Membersfichier aktuell sinn.

Sonndes ,den 22. September : Chefdag zu Heischent beim Camping Fuussekaul

Um Chefdag geet et virun allem drëm sech ënner Chef ze treffen, sech auszetauschen, nei Iddie fir Aktivitéiten ze sammelen, gewuer ze gi wat am Joer vum Verband aus geplangt ass, an eng gutt Zäit mateneen ze verbréngen. Den Dach fänkt um 8:30 Auer un an dauert bis 16h. Detailer stinn am Kompass. Um Chefdag kann all Chef/taine matmaachen och wann hien/hat keng Ernennung huet. Jidderee soll sech selwer iwwert d’Chefbox umellen, et gi keng Gruppenumeldunge gemaach. D’Umeldung geet iwwer den Online-Formulaire, deen s du an der Chefbox fënns: chefbox.lgs.lu/desk/chefdag-kongress-umeldung/.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top