Category Archives: Scoutstricken

Eis Sammlung vun Tipps an Tricker fir an vun Scouten.

LiDAR vu Lëtzebuerg #homescouting

Wann iech de wee op de Prënzebierg am Moment grad esou feelt wéi eis, probéiert et emol mat enger virtueller Visite!

Screenshot vun lidar.geoportail.lu

Iwwer de Geoportail kommt der säit dem 2. Abrëll un zentimetergenee Opmoossunge vum ganze Land, an natierlech och Péiteng. All Heck a Bam ass mat drop! Probéiert et aus op lidar.geoportail.lu. Bal wéi Minecraft, gell?

Detailer zur Verëffentlechung ginn et op gouvernement.lu.

Eng Béchs ouni Geschir opmaachen

An enger Noutsituatioun kéint et sinn dass een eng Béchs mat Iessen dran huet, mä kee Geschir fir se op ze maachen. Am Video weisen zwee Männer iech, wéi een awer net erhéngert: den Deckel vun der Béchs iwwer Beton reiwen, dann d’Säiten andrécke.

Update: d’Fotoe ginn elo nees mä ech hu missen de Kontakt Formular ausschalte fir dass dat klappt. Affaire à suivre…