Infoziedel Juni a Juli 2020

Fir iech alleguer: Gutt Noriichten!

De Verband vun de LGS huet Oplockerungen an de Corona-Mesuren erlaabt. Mir kennen also nees Versammlungen an Gruppenréit maachen an och op de Camping goen!!

Laut den neie Reegele brauche mer, wann manner wéi  20 Leit sech treffen, kee Mask unzedoen an och net unbedingt den 2m Ofstand anzehalen. Campinger kenne mat maximal 60 Leit stattfannen.

Mir wäerten eis Versammlungen, wéi vum Verband recommandéiert, vill dobaussen maachen. Dofir ditt Iech w.e.g. ëmmer dem Wieder no un (Kaap, Sonnecrème net vergiessen, Reenjackett wann néideg,….) Falls d’Regierung awer erëm méi streng Moossnamen aféieret, kritt dir natierlech Bescheed gesot.

Fir den Nationalfeierdag 23.06 sinn dëst Joer keng Spiller am Park geplangt wëll d’Feierlechkeeten aneschtes ausfalen. Den Te Deum gëtt a Form vun enger Autoseenung an der Carena op dem ale Site Eucosider gehalen. De weidere Programm fannt dir op https://www.petange.lu/.  

De geplangten Nomëtte vun der Vakanzaktioun fält leider dëst Joer aus

Fir d’Biber

Endlech ass et nees esou wäit, mir kennen dëst Scoutsjoer zesummen ofschléissen. Dofir hunn mir den 27.06 , de 04.07 an den 11.07  allkéiers vun 14-16h Versammlung um Prënzebierg. Bréngt fir de 27.06 äert flott Bild mat wat dir gemoolt hutt  an dann hänke mir dat an de Chalet. Dëst Joer kenne mir leider aus verschiddene Grënn kee Camp maachen. Mee dofir geet de Camp vum nächste Joer ëmsou méi flott, Scoutséierewuert!! Mir freeën eis iech erëm ze gesinn , bis geschwënn also.

Fir d’Wëllefcher

Dëst Scoutsjoer ass leider scho bal eriwwer a wéinst dem Coronavirus ass eist Scoutsliewen an der Lescht net sou verlaf wéi mir eis dat eigentlech virgestallt hunn. Trotzdeem wëlle mir fir de Schluss vum Joer awer nach e puer Aktivitéite maan. Dofir hunn mir de 27.06 , de 04.07 an den 11.07 erëm Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg.  An mir kennen och op de Summercamping goen. Yeah!!! #indianer.

Mir gi vum 18 bis den 21 Juli op de Kuelbécherhaff bei Miersch. De Camping kascht 100€ an dir kennt Iech ab elo beim Alex (691 177 773) umellen. Méi genee Detailer (wat der sollt mathuelen, etc) kommen am nächsten Infoziedel.

Fir d’Avex

Mir Chef mellen eis mat gudden Noriichten erëm. Déi éischt ass, dass mer rëm Versammlungen dierfe maachen. Dëst wieren den 27.06, den 4.07 an den 11.07, um Prënzebierg vun 14:00-16:00. Mir halen eis un d’Richtlinne vum Verband. Eis Versammlunge sinn dofir dobaussen. Mir wäerten eis op de Camp virbereeden. Dei zweet gutt Noriicht ass, dass mer awer kennen dëst Joer op de Camp goen. Deen wier vum 17.07-23.07 um Kuelbécherhaff bei Miersch. Dofir ass den 27.06 eng Eltereversammlung um 16:10 um Prënzebierg beim Chalet, dir kritt do erkläert wat eis Richtlinne vum  LGS Verband sinn, fir dass de Camp ka stattfannen. Umeldung fir de Camp ass per SMS beim Fredi um 621 47 25 10, bis den 30.06. Weider Infos fir de Camp kommen am nächste Bréif.

Fir d’Carapio

Loosst de Chaos vun der Schoul hanner iech a kommt an d’Natur! A a B heescht hei just Axt a Bëllen, a mer lauschteren op d’Spëtzmaischen (sorex araneus) an d’Bëschmaischen (apodemus sylvaticus), amplaz op aner Maischen déi am Bësch sinn (mus instabilis).
All eis Versammlunge fir de Rescht vum Scoutsjoër wäerten dobausse statt fannen, also passt iech dem Wieder un (Kappbedeckung, Sonnecrème, Drénkwaasser,…). Et hëlleft eis och wann der iech bis den Dag virdrunn un- oder ofmellt, per SMS un de Gilles. Um Programm fir eis nächst Versammlungen (nieft deem wat dir selwer décidéiert!): Feier ufeieren, d’Hochbeet rafistoléieren, Tier trëppelen a Seefe këschten. De 27.6. gesi mer eis um 14:00 um Prënzebierg. Bréngt en Helm mat, well mir fueren de Bierg op eise selwer gebaute véier Rieder erof dass de Ken Block just nach staune kann.
De 4.7. gesi mer eis um 14:00 um Prënzebierg.
Den 11.7. duerfe mer moies leider nach net bei der Pabeiersammlung hëllefen, d’Gemeng mécht dat de Moment nach. Nomëttes gesi mer eis warscheinlech vun 14:00-16:00 um Prënzebierg, mä mir Chef konnten eis nach net sécher sinn ob mer kënnen do sinn – dir kritt en Update vun eis am nächsten Ziedel oder per SMS!
Camp 2020: De CaraPio Camp “Slov’It » vun dësem Joër wäert net statt fannen. D’Prozedur fir dass der är Suen erëm kritt leeft, mir hunn iech net vergiess.
Camp 2021: Mir schaffen mat der CaraPio Süden Ekipp dorun fir de Camp d’nächst Joër ëm sou méi cool ze maachen. Eis Destinatioun: Littauen! E klenge Video fir iech waarm ze maachen:

Dir kënnt elo schonn Iddie sammele fir de Badge an d’Lidd vum Camp.

Fir d’RaRo

Och mir sinn erëm um Dill. Mir gesinn eis de 27.06 , 04.07 an den 11.07 fir eis Versammlungen um Prënzebierg, wou mer kucken op mer en Camping, Weekend , Hikeweekend oder Änleches kënnen organiséieren.

Fir d’Albatrossen

No deem Hin-an Hier vun der leschter Zäit, maache mir de Freide 26 Juni um 20h eng Versammlung . Mir maachen eng gemitterlech Versammlung mat Spiller a schwätzen doriwwer op mir awer evtl. en Camp iwwert de Summer kenne maachen,

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter

D’Gemeng Péiteng iwwerhëllt d’Pabeiersammlungen nach bis den 31.07 bis den Enn vum Noutstand. Deemno kenne mir den 08.08  an de 05.09 erëm lass leeë mat der Pabeiersammlung. Do wäerte mer eis da wéi gewinnt um 8:30 op der Eucosider treffen.

Fir d’Chef

Den Donneschden 25. Juni ass Grupperot um 20h. Dëst Kéier kenne mir eis erëm „ live“ am Avexsall treffen.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top