Scoutsziedel bis September 2011

Fir iech alleguer:
Dest ass dee leschtem Ziedel fir dest Scoutsjoer. Ech wënschen iech alleguer e flotte Camp an eng schéin Vakanz
-Guy

Fir all d’Wëllefcher:
Wéinst dem Schoulfest hu mir den nächste Samschdeg, den 9. Juli KENG Versammlung. D’Chef hëllefen do bei de Spiller also gesi mir eis bestëmmt um Schoulfest zu Rodange. All d’Detailer vum Camp sinn am Unhang.
Léif Gréiss, är Chef

Fir all d’ AvEx:
De nächste Samschdeg, 9. Juli ass vun 14°°-18°° Versammlung um Bierg. Mir feieren den Ofschloss vun eiser Cowboy Entreprise. Bréngt alleguer eng Muert mat 🙂  Wann är Elteren NET wëllen dass dir an der Versammlung op engem Päerd sëtzt solle si dem Fredi Bescheed soen (621472510). All d’Detailer vum Camp sinn am Unhang.

Fir all CaraPio:
E Samschdeg den 9. Juli hunn mir ee grousse Programm: Moies hëllefe mir op der Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss.
Nomëttes hëllefe mir beim Schoulfest. Mir fueren direkt no der Pabeiersammlung op d’Schoulfest an iessen do zu Mëtteg, ditt duerfir schonns moies Är Uniform un. Fir déi wou no kommen, d’Schoulfest ass zu Rodange vis à vis vun der Sportshal an der rue Jos. Moscardo. Géint 18°° maachen mir eis erëm op de Wee fir Heem. De Lukas schéckt iech nach déi läscht Informatiounen fir den Jamboree.

Fir all d’Mataarbechter, d’RaRo, d’CaraPio an d’Chef:
Den 9. Juli ass Pabeiersammlung R.d.v ass wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss elo schonns een decke Merci fir all Hëllef!
Den 9. Juli hëllefe mir och beim Schoulfest fir déi wou sech ugemellt hunn fir moies schon ze hëllefen: R.d.v an Uniform um 10.30 Auer beim ale Pompjeesbau, dat ganzt dauert bis 18°°. Dënschdes den 2. August kommen d’Kanner aus dem éischten an zweeten Schouljoer am Kader vun der Vakanzaktioun bei eis op de Bierg. Et ass wichteg dass mir vun der Geléigenheet fir Reklamm ze maachen profitéieren duerfir brauche mir vill Leit déi eis Moies a Mëttes hëllefen. Mell dech w.e.g beim Guy um 691435358 un fir dass hien dat ganzt plange kann.
Den 13. August ass Pabeiersammlung, hei si mir op all Hëllef ugewisen, et sinn do bestëmmt vill Leit an d’Vakanz, so dem Guy w.e.g. Bescheed wann’s de fort bass.

Unhang fir d’AvEx an d’Wëllef
Wéi kennt een op den Kuelbécherhaff? Dir fuert Richtung Keelen, Keespelt. Hanner Keespelt fuert Dir lenks erof an den Mariendall.Dann fuert Dir riets Richtung Miersch, duerno déi ZWEET Strooss lenks Richtung Huelmes, no +/-100m fuert Dir den Wee op der rietser Säit (Schwéngsziichterei) erop.Fuert laanscht d’ Schwéngsziichterei esouwäit wéi de Wee geet.
Op Google Maps kucken

Wëllefcherscamp vum 16.07-23.07.um Kuelbécherhaff
Depart ass Samschdes den 16.07 um 14.30 Auer zu Péiteng beim alen Pompjeesbau. Mir wären frou wann d’Elteren eis beim Transport kéinten hëllefen.  Tenue: Foulard an Uniform.
Retour:Mir wëllen als Ofschloss zesummen mat den Elteren grillen dofir erwaarden mir Iech vun 12°° un, um Kuelbécherhaff. Bréngt w.e.g. eppes mat fir op de Grill , fir d’Kanner ass gesuergt et sin och Zaloten fir Iech do. Den Camp ass um 15°° Auer eriwwer.
Präis: De Camp kascht 150 Euro fir den eelsten aus der Famill an 130 fir déi aner.
Matbréngen:

  • Wäschsaachen (Zännbiischt, Zahnpasta, ee Läppchen, Seef ee klengt Duch)
  • Schwammsaachen (e grousst Duch, e Maillot/Schwammbox/Schwammkap/ evt. Ärmecher
  • Eng Täscheluucht
  • een Täschemesser
  • ee Schlofsak
  • Schlappen
  • evt. een Kappkëssen an e Petzi
  • zwee Kichendicher
  • ee klenge Rucksak
  • een Bidon
  • eppes fir ze liesen oder ee klengt Spill fir an der Fräizäit
  • d’Pistebichelchen
  • frësch Ënnerwäsch an Strëmp fir all Dag
  • eng Reenjackett
  • deck Schung
  • Gezei wat kann knaschteg ginn, eng Kap an eng Mutz Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)
  • een aalt Läinduch vun 1mx2m an 1 rout oder gréngt Puer Strëmp
  • Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Gameboy an Séissegkeeten.
  • Verpaakt alles an engem Rucksak.
  • Gitt d’Kopie vun der Impfkaart, d’Fiche Médicale (Camp) an d’Suen beim Depart of

AvEx Camp vum 18.07-26.07.um Kuelbécherhaff
Depart ass Méindes den 18.Juli um 12.40 Auer zu Péiteng op der Gare.  Tenue: Foulard an Uniform
Retour: D’Elteren kommen d’Kanner Dënschdes den 26. Juli um 15°° op den Kuelbécherhaff sichen
Umellen: Mellt iech bis spéitstens den 9.Juli beim Fredi um 621472510 un
Preis: De Camp kascht 150 Euro fir den eelsten aus der Famill an 130 fir déi aner
Matbréngen:

  • maacht fir d’éischt eng grouss Dreckstut an de Rucksak an dann packt dir alles dran (da ginn d’Saachen net fiicht)
  • Jumbokaart oder Zuchticket fir mam Zuch vu Péiteng op Miersch
  • Picknick fir den éischten Owend
  • Wäschsaachen (Zännbiischt, Zahnpasta, ee Läppchen,Seef ee klengt Duch)
  • Schwammsaachen(e grousst Duch, e Maillot/Schwammbox déi enk uläit/Schwammkap
  • eng Täscheluucht mat Ersatzbatterien
  • Täschemesser
  • ee Schlofsak
  • evt. een Petzi
  • zwee Kichendicher
  • ee klenge Rucksak
  • een Bidon vun 1L
  • eppes fir ze liesen oder ee klengt Spill fir an der Fräizäit
  • den AvEx Pass
  • Bic a Block
  • frësch Ënnerwäsch an Strëmp fir all Dag
  • eng Reenjackett evt. eng Reebox
  • agetrëppelt déck Schung an e puer bequem Schung
  • Gezei fir all Wieder
  • eng Kap an eng Mutz
  • Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)
  • eppes géint Musticken
  • eng Gamelle an Besteck
  • eng Loftmatraz oder eng Carrymatt. Kee Feldbett.
  • Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Gameboy an Séissegkeeten.
  • Gitt d’Kopie vun der Impfkaart, d’Fiche Médicale (Camp) an d’Suen beim Depart of

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top