Scoutsziedel bis den 13. Juni

Fir all d’Wellefcher:
Léif Wëllef: Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 6. an den 13. Juni all Kéirs vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg .
Zur Erënnerung: Sonndes den 5 Juli gi mir op den Wellefchersrally. Eise Camp ass vun Samschdes den18. Juli bis Samschdes den 25. Juli.
Claire, Alex,Lena an Claude
Fir all d’AvEx:
Salutti, mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 6. an den 13. Juni all Kéirs vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg .
Zur Erënnerung :
Sonndes den 21. Juni gi mir op den Absurdcup op Woltz. Eise Summercamp ass vun Samschdes dem 18.Juli bis Sonndes den 26 Juli. Méi Détailer kommen am nächsten Ziedel.
Annik,Gilles,Charel, Mandy, Guy, Sven an Fredy
Fir all CaraPio:
Salut alleguer, e Samschdeg den 6.Juni gi mir op den „Running Scout“ an d’Staat.
Rdv fir Chef: 9h30 um Glacis (bei den Toiletten). Rdv fir Carapio: 10h um Glacis (bei den Toiletten). Preis: 5EUR. Iessen: Picknick matbrengen. Uniform an Foulard net vergiessen. Schluss: Speitstens um 17h ass daat ganzt um Glacis eriwer.
Samschdes, den 13. Juni hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg .
Et ass un der Zeit fir den Zweeten Deel vum Camp ze bezuelen. Iwerweist w.e.g 100 Euro op de Compte vun den Péitenger Guiden a Scouten mam Vermierk „CaraPio Camp“ a mat ärem Numm, hei ass nach eng Kéier d’Kontosnummer:
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Fir op de Kalenner: Den 20. an den 21. Juni ass zu Diddeleng e Préparatiouns W.E fir de Summercamp. Détailer kommen am nächsten Ziedel.
E Samschden den 13. Juni ass Pobeiersammlung r.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. MERCI dass DU dobei bass!!!!
Lukas,Yannick , Mich an Béa
Fir all d’RaRo:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 6. an den 13. Juni all Kéirs vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.
E Samschdeg den 13. Juni ass Pobeiersammlung r.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en dëcke Merci fir all Hëllef!!
Mym, Joel, David an Lex
Fir all d’Matarbechter,Frënn, d’Guilde an d’Cheféquip …:
E Samschdeg den 13. Juni ass Pobeiersammlung r.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en dëcke Merci fir all Hëllef!!

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top