Infoziedel fir d’Buergbrennen 2021

Fir Iech alleguer (Biber, Wëllef, Avex)

Invitatioun fir d’Buergbrennen den 20 Februar

Mir invitéieren all eis Memberen an hir Elteren op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen.

Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 20 Februar. De Fakelzuch geet um 18:30 Auer ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaangen.

Wéi erwaart wäert eist Buergbrennen dëst Joer aneschtes sinn:

  • D’Buergbrennen dauert just bis 21 Auer fir dat jidderee virun der Ausgangsspär erëm doheem ass
  • Ditt w.e.g alleguer Masken un an haalt iech un d‘Ofstand-Regel vun 2m, och fir de Fakelzuch
  • Leider kenne mir keen Iessen a Gedrénks ubidden. Mir bieden Iech och näischt matzebréngen.
  • D‘Kanner solle bei hiren Eltere bleiwe fir eng Vermëschung ze vermeiden
  • Mir stelle Sëtzplaze ronderëm d’Buerg op, fir di 2m Ofstand anzehalen. Wann dir awer ee méi bequeme Campingstull hutt kennt dir dee matbréngen.

Mir soen Iech Merci fir äert Versteesdemech an är Mathëllef, ouni déi di Aktivitéit net méiglech ass. Leider bléift nach ëmmer déi traureg Méiglechkeet dat mir d’Buergbrenne kuerzfristeg mussen ofsoen.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschdes den 20.02 riichte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mellt Iech w.e.g. bis de Freide beim Claire (621 68 39 99) un, fir dat mir aschätze kennen zu wéi vill mir sinn. Et ass en Mëttesiessen an en Owesiesse geplangt also bréngt är Gamelle mat an ditt Iech dem Wierder no un well mir iessen dobaussen. Matbréngen: Natierlech eng Mask, Schaffhändschen, Gamelle, Besteck a Becher, a gutt Laun ?

Fir d’Albatrossen

Mir hunn den Freiden 19.02 Versammlung um 20h um Prënzebierg. Mir këmmeren eis em de “Catering” vun de fläissege Mataarbechter déi den Daach drop d’Buerg opriichten.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top