Scoutsziedel bis den 25. März 2012

Invitatioun:
Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien …… op eist  traditionellt Buergbrennen  ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 25. Februar. Den Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaang. Jidfereen wou beim Orpichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen,den Grill steet schons prett.
Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu SAMEDI le 25 février. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.

Fir Iech alleguer:
Eisen Theater war en vollen Erfolleg. Nach nie sin esou fill Leit kucke komm! D’Stëcker vun de Wëllef, den AvEx an de CaraPio sin besonnesch gudd ukomm. Alles huet super geklappt. MERCI fir DEIN Asatz

Fir all d’Wellefcher:
Déi 2 nächst Samschdeger den 11. an den 18. Frebruar hun mir all Kéier vun  vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Samschdes den 25. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun a bei: Fir iech alleguer )

Fir all d’AvEx:
Déi 2 nächst Samschdeger den 11. an den 18. Frebruar hun mir all Kéier vun  vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg (didd iech gudd warem un, mir sin dobaussen) Samschdes den 25. Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun a bei: Fir iech alleguer )

Fir all d’CaraPio:
Déi 2 nächst Samschdeger den 11. an den 18. Frebruar hun mir all Kéier vun  vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg (didd iech gudd warem un, mir sin dobaussen) Liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef, an bei: Fir iech alleguer

Fir all d’RaRo:
Déi 2 nächst Samschdeger den 11. an den 18. Frebruar hun mir all Kéier vun  vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Brengt alleguer een T-Sirt mat mir molen Keltemusteren drop. Liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef, an bei: Fir iech alleguer

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschden den 11. Februar ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Hoffentlech kenns DU eis hëllefen! Elo schons en dëcke MERCI!
Samschdes den 25 Februar  richte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gett wieder geschafft bis d’Buerg steet.(Liest w.e.g och bei Invitatioun)

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur comment les données de vos commentaires sont utilisées.

Scroll to Top